Hebräer
11 Glawen ass ... den iwwerzeegende Beweis fir Realitéiten, déi een net gesäit. 8 Opgrond vu Glawen huet den Abraham gefollegt, wéi Gott hie geruff hat, fir op eng Plaz ze goen, déi hien als Ierfschaft kréie sollt. Hien huet sech op de Wee gemaach, ouni ze wëssen, wouhin hie geet. 11 Opgrond vu Glawe krut och dʼSara dʼKraaft, mat engem Nokomme schwanger ze ginn, obwuel hatt scho bei Alter war, well hatt deen als trei ugesinn huet, deen d’Versprieche ginn hat. 24 Opgrond vu Glawen huet de Moses, wéi hien erwuesse war, refuséiert, de Jong vum Pharao senger Duechter genannt ze ginn. 25 Hie wollt léiwer zesumme mat Gott sengem Vollek schlecht behandelt ginn