GESCHICHT 10
Erënner dech un dem Lot seng Fra
De Lot wunnt mat sengem Monni, dem Abraham, am Land Kanaan. Iergendwann hunn si esouvill Déieren, datt si net méi genuch Plaz hunn. Den Abraham seet dem Lot: »Mir kënnen net méi all zesummen op enger Plaz liewen. Wannechgelift, sich dir aus, wouhin s du goe wëlls. Wann s du op déi eng Säit gees, da ginn ech op déi aner.« Den Abraham léisst de Lot als éischt wielen. Fënns du net och, datt dat immens léif vun him ass?
De Lot fënnt an der Géigend vu Sodom eng Plaz, déi him gutt gefält. Do gëtt et vill Waasser a Gréngs. Also entscheet hie sech, mat senger Famill dohin ze plënneren.
D’Mënschen aus Sodom an aus der Nopeschstad Gomorra sinn immens schlecht. Si sinn esou schlecht, datt Jehova decidéiert, déi zwou Stied ze vernichten. Awer Jehova wëll de Lot a seng Famill retten. Hie schéckt zwee Engelen, fir si ze warnen: »Séier, dir musst direkt hei eraus! Jehova wëll d’Stad vernichten.«
Mee de Lot geet net direkt fort. Hien tommelt sech net. Dowéinst huelen d’Engelen hien, seng Fra a seng zwee Meedercher mat der Hand, fir si séier aus der Stad ze bréngen. D’Engele soen: »Laaft! Rennt ëm äert Liewen an dréit iech nëmmen net ëm, soss stierft dir!«
Wéi si an der Stad Zoar ukommen, léisst Jehova Feier a Schwiefel op Sodom a Gomorra reenen an déi zwou Stied gi komplett zerstéiert. Dem Lot seng Fra follegt Jehova net a si dréit sech ëm. Wat geschitt? Si gëtt eng Statu aus Salz. Engersäits sinn de Lot a seng Meedercher dowéinst bestëmmt ganz trauereg, anerersäits sinn si frou, datt si op Jehova gelauschtert hunn.
„Erënnert iech un dem Lot seng Fra!“ (Lukas 17:32, BFL)