GESCHICHT 18
Eng Heck a Flamen
De Moses wunnt scho 40 Joer a Midian, ass bestuet an huet Kanner. Hie passt grad an der Géigend vum Bierg Sinai op seng Schof op a gesäit eppes ganz Faszinantes: Eng Därenheck brennt, mee si verbrennt net! De Moses ass virwëlzeg a geet méi nobäi, fir ze kucke firwat. Dunn héiert hien eng Stëmm aus der Heck: »Moses! Komm net méi no! Do deng Sandalen aus, well du stees op hellegem Buedem!« Et ass Jehova, dee mat him duerch en Engel schwätzt.
De Moses kritt Angscht a verstoppt säi Gesiicht. D’Stëmm seet weider: »Ech hu gesinn, wéivill d’Israelitte leide mussen. Ech wëll si vun den Ägypter befreien a si an e gutt Land bréngen. An du bass deen, dee mäi Vollek aus Ägypten erausféiert.« De Moses wonnert sech bestëmmt. Oder, wat mengs du?
De Moses freet: »A wann d’Leit mech froen, wie mech geschéckt huet? Wat soll ech dann äntweren?« Gott seet: »So hinnen, datt Jehova, de Gott vum Abraham, de Gott vum Isaak an de Gott vum Jakob dech geschéckt huet.« De Moses freet weider: »A wat ass, wa si net op mech lauschteren?« Jehova beweist dem Moses elo, datt hien him hëlleft. Hie seet him, hie soll säi Béngel op de Buedem geheien. A säi Béngel gëtt zu enger Schlaang! Wéi de Moses d’Schlaang beim Schwanz hëlt, gëtt si erëm zu engem Béngel. Jehova seet: »Wann s du dëst Wonner bei hinne méchs, da gleewe si, datt ech dech geschéckt hunn.«
De Moses seet: »Ech kann dach net gutt viru Leit schwätzen.« Jehova versprécht him: »Ech soen dir, wat s du soe solls. An däi Brudder, den Aaron, geet mat, fir dir ze hëllefen.« Elo weess de Moses, datt Jehova wierklech mat him ass. Hie geet mat senger Fra a senge Kanner zeréck an Ägypten.
„Maacht iech keng Suergen doriwwer, wéi oder wat dir soe sollt. Dee Moment gëtt iech aginn, wat dir soe sollt“ (Matthäus 10:19, BFL)