Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lfb Geschicht 25 S. 64-S. 65 Abs. 3
  • E besonnescht Zelt fir d’Ubiedung

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • E besonnescht Zelt fir d’Ubiedung
  • Léier vun de Geschichten aus der Bibel
  • Änlecht Material
  • Wat fir eng Éier Jehova am geeschtegen Tempel unzebieden!
    De Wachtturm mécht Jehova säi Kinnekräich bekannt (Studienausgab) 2023
Léier vun de Geschichten aus der Bibel
lfb Geschicht 25 S. 64-S. 65 Abs. 3
D’Zelt vun der Versammlung a säin Haff

GESCHICHT 25

E besonnescht Zelt fir d’Ubiedung

Um Bierg Sinai seet Jehova dem Moses, hie soll e besonnescht Zelt bauen, wou si hien ubieden: d’Zelt vun der Versammlung. D’Israelitte sollen et mathuele kënnen, wann si weiderginn.

Jehova seet dem Moses: »So dem Vollek, jiddereee soll dat ginn, wat hie kann, fir d’Zelt vun der Versammlung ze bauen.« D’Israelitte gi Gold, Sëlwer, Koffer, Edelsteng a Bijouen. Si ginn och Woll, Léngent, Pelzer a vill aner Saachen. Si sinn esou generéis, datt de Moses iergendwa soe muss: »Mir hu genuch. Dir braucht näischt méi ze bréngen.«

D’Israelitte brénge Kaddoen, fir d’Zelt ze bauen

Vill talentéiert Männer a Fraen hëllefen d’Zelt vun der Versammlung ze bauen. Jehova gëtt hinnen dofir dat néidegt Wëssen a Kënnen. Déi eng spanne Fiedem, fierwe Stoft a brodéieren et. Déi aner schaffe mam Gold, kostbare Steng oder schnëtzen Holz.

D’Israelitte bauen d’Zelt vun der Versammlung geneesou, wéi Jehova et gesot huet. Si maachen e schéine Riddo, fir d’Zelt vun der Versammlung an zwee Deeler opzedeelen: déi Helleg Plaz an déi Allerhellegst Plaz. An der Allerhellegster Plaz steet eng Tru aus Akazienholz a Gold. Si gëtt Tru vum Bond genannt. An der Helleger Plaz steet e Luuchtestänner aus Gold, en Dësch an en Altor, fir Weirauch ze verbrennen. Am Haff steet e Baseng aus Koffer an e groussen Altor. D’Tru vum Bond erënnert d’Israelitten un hiert Verspriechen, ëmmer op Jehova ze lauschteren. Weess du, wat e Bond ass? Et ass eng besonnesch Zort vu Verspriechen.

Jehova wielt den Aaron a seng Jongen aus, fir Priister ze sinn. Si solle sech ëm d’Zelt vun der Versammlung këmmeren a fir Jehova Affer ginn. Nëmmen den Aaron, den Ieweschte Priister, dierf an déi Allerhellegst Plaz eragoen, an dat nëmmen eemol am Joer. Hie mécht dat, fir Affer ze gi fir seng eege Sënnen, fir d’Sënne vu senger Famill an d’Sënne vun der ganzer Natioun Israel.

Ee Joer nodeems d’Israelitten Ägypte verlooss hunn, ass d’Zelt vun der Versammlung fäerdeg. Elo hunn si eng Plaz, fir Jehova unzebieden.

Jehova léisst eng Wollek iwwer dem Zelt vun der Versammlung stoen a weist doduerch, datt hien immens zefridden domat ass. Esoulaang d’Wollek iwwer dem Zelt ass, bleiwen d’Israelitten do, wou si sinn. Wann d’Wollek an d’Luucht geet, ass et un der Zäit weiderzegoen. Si bauen d’Zelt vun der Versammlung of a ginn der Wollek no.

„Dunn hunn ech héieren, wéi vum Troun hier eng haart Stëmm sot: ‚Kuck! D’Zelt vu Gott ass bei de Mënschen, an hie wunnt bei hinnen, a si gi säi Vollek. A Gott selwer ass bei hinnen‘ “ (Offenbarung 21:3)

Froen: Wat soll de Moses bauen? Wéi eng Aufgabe gëtt Jehova dem Aaron a senge Jongen?

2. Mose 25:1-9; 31:1-11; 40:33-38; Hebräer 9:1-7

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen