GESCHICHT 30
D’Rahab verstoppt d’Spiounen
Wéi déi zwee Spioune vun den Israelitten op Jericho kommen, iwwernuechte si am Rahab sengem Haus. De Kinnek vu Jericho fënnt dat eraus a schéckt Zaldote bei hatt. Hatt verstoppt d’Spiounen um Daach a schéckt d’Zaldoten an eng aner Richtung. Hatt seet zu de Spiounen: »Ech hëllefen iech, well ech weess, datt Jehova mat iech ass an datt dir d’Land anhuele wäert. Wannechgelift verspriecht mir, datt dir meng Famill verschount.«
D’Spioune soen zum Rahab: »Mir verspriechen dir, datt kengem an dengem Haus eppes geschitt. Stréck e rout Seel un deng Fënster, an denger Famill geschitt näischt.«
D’Rahab léisst d’Spiounen duerch seng Fënster un engem Seel erof. Si ginn an d’Bierger a verstoppe sech dräi Deeg, ier si zeréck bei de Josua ginn. D’Israelitte ginn op déi aner Säit vum Jordan a maache sech prett, fir d’Land Kanaan anzehuelen. Jericho ass déi éischt Stad, déi si anhuelen. Jehova seet hinne sechs Deeg laang, eemol den Dag ronderëm d’Stad ze marschéieren. De siwenten Dag marschéiere si siwemol ronderëm d’Stad. Da blosen d’Priisteren an hir Blosinstrumenter aus Haren an d’Zaldote jäizen esou haart ewéi si kënnen. D’Mauere vu Jericho falen an e Koup, awer dem Rahab säin Haus, dat op der Mauer gebaut ass, bleift stoen. D’Rahab a seng Famill gi gerett, well d’Rahab op Jehova vertraut huet.
„Ass net geneesou d’Rahab … duerch dat, wat hatt gemaach huet, gerecht gesprach ginn, wéi hatt d’Spioune gaaschtfrëndlech opgeholl huet a si op engem anere Wee fortgeschéckt huet?“ (Jakobus 2:25)