LEKTIOUN 3
Kënnt déi gutt Noriicht wierklech vu Gott?
1. Vu wiem ass d’Bibel eigentlech?
An der Bibel steet déi gutt Noriicht, datt Mënschen eng Kéier fir ëmmer op der Äerd liewe kënnen (Psalm 37:29). D’Bibel ass aus 66 eenzelne Bicher zesummegesat. Gott huet ongeféier 40 Männer gebraucht, fir si ze schreiwen. Viru ronn 3 500 Joer huet de Moses mat den éischte 5 Bicher ugefaangen a virun 1 900 Joër ass dat lescht Buch vum Apostel Johannes geschriwwe ginn. Wiem seng Gedanken hunn d’Bibelschreiwer opgeschriwwen? Net hir eegen. Gott huet hinnen duerch säin Hellege Geescht seng Gedanke ginn (2. Samuel 23:2). Dowéinst kann ee soen, datt d’Bibel eigentlech vu Jehova ass. – Liest 2. Timotheus 3:16; 2. Petrus 1:20, 21.
Kuckt de Video Wien ass den Auteur vun der Bibel?
2. Firwat kann een un d’Bibel gleewen?
D’Bibel muss vu Gott sinn, well se genee seet, wat an der Zukunft geschitt. Dat ka kee Mënsch (Josua 23:14). Nëmmen den allmächtege Gott kann an d’Zukunft kucken a genee soen, wat nach op d’Mënschheet duerkënnt. – Liest Jesaja 42:9; 46:10.
D’Bibel ass eemoleg, genee wéi een sech e Buch vu Gott virstellt. Et gi Milliarde Kopien, an dat an Honnerte vu Sproochen. Obwuel d’Bibel een aalt Buch ass, ass si wëssenschaftlech korrekt, an déi 40 Bibelschreiwer widderspriechen sech net.a D’Léift vu Gott zu de Mënschen ass an der Bibel kloer ze erkennen, an si bréngt et haut nach fäerdeg, d’Mënschen zum Gudden ze veränneren. Dofir si Millioune Mënschen iwwerzeegt, datt si wierklech vu Gott kënnt. – Liest 1. Thessalonicher 2:13.
Kuckt de Video Firwat kann een un d’Bibel gleewen?
3. Ëm wat geet et an der Bibel?
Et geet haaptsächlech dorëms, datt Gott eppes wonnerbares mat der Mënschheet wëlles huet. D’Bibel seet eis, firwat viru laanger Zäit d’Paradis hei op der Äerd verluer gaangen ass, a wat geschéie muss, fir datt mir et erëmkréien. – Liest Offenbarung 21:4, 5.
An der Bibel fanne mir och Gesetzer, Reegele fir d’Liewen, a gudde Rot. Si erzielt eis, wéi Gott fréier mat de Mënschen ëmgaangen ass. Doduerch léiert ee Gott esou gutt kennen, datt een säi Frënd ka ginn. – Liest Psalm 19:7, 11; Jakobus 2:23; 4:8.
4. Wéi kann een d’Bibel verstoen?
Dës Broschür hëlleft Iech, d’Bibel ze verstoen. Si geet d’selwecht vir, wéi Jesus et gemaach huet. Hien huet d’Bibeltexter zitéiert an se sou erkläert, „datt se d’Helleg Schrëft konnte verstoen.“ – Liest Lukas 24:27, 45.
Näischt ass méi beandrockend wéi déi gutt Noriicht vu Gott. Muncherengem ass si egal an anere reegen sech iwwer si op. Datt ass awer kee Grond fir opzeginn. Eist éiwegt Liewen hänkt dovun of, datt mir Gott kenne léieren. – Liest Johannes 17:3.
a Méi Informatiounen dozou an der Broschür Was ist der Sinn des Lebens?