LEKTIOUN 5
Wat huet Gott mat der Äerd wëlles?
1. Firwat huet Gott d’Äerd gemaach?
Jehova huet dem Mënsch d’Äerd ginn – si ass eist Doheem. Den Adam an d’Eva, déi éischt Koppel, sollten net am Himmel liewen – Gott hat schonn d’Engele fir den Himmel gemaach (Hiob 38:4, 7). Jehova huet den éischte Mënsch an e wonnerbaart Paradis gesat, och „Gaart Eden“ genannt (1. Mose 2:15-17). Do hätt den Adam mat sengen Nokommen fir ëmmer an éiweg liewe kënnen. – Liest Psalm 37:29; 115:16.
Am Ufank war nëmmen de „Gaart Eden“ e Paradis. Déi éischt Koppel sollt déi ganz Äerd mat hire Kanner fëllen a se no an no zu engem Paradis maachen (1. Mose 1:28). D’Äerd wäert ni zerstéiert ginn a fir ëmmer dem Mënsch säin Doheem bleiwen. – Liest Psalm 104:5.
Kuckt de Video Firwat huet Gott d’Äerd gemaach?
2. Firwat ass d’Äerd haut kee Paradis méi?
Den Adam an d’Eva hu Gott net gefollegt a sinn aus dem Gaart Eden erausgehäit ginn. D’Paradis war net méi do, a kee Mënsch konnt et zeréckbréngen. Vun do un hunn déi Béis d’Welt am Grëff (Hiob 9:24). – Liest 1. Mose 3:23, 24.
Mécht Jehova elo net méi dat, wat hien am Ufank mat de Mënschen an der Äerd wëlles hat? Dach, hien ass allmächteg an hält säi Wuert (Jesaja 45:18). Den Dag kënnt, wou d’Mënschen esou liewen, wéi Gott et am Ufank virgesinn hat. – Liest Psalm 37:11, 34.
3. Wéi kënnt d’Paradis nees zeréck?
Jesus ass de Kinnek vu Gott sengem Räich, a bréngt d’Paradis nees op d’Äerd zeréck. Duerch e Krich, deen „Armageddon“ genannt gëtt, lenkt a leet Jesus seng Engelen, fir all déi ze vernichten, déi sech géint Gott stellen. Dono gëtt den Däiwel vu Jesus fir 1 000 Joer agespaart. Gott säi Vollek iwwerlieft, well Jesus seng Hand iwwer et hält. Da kënnen d’Mënschen fir ëmmer am Paradis op der Äerd liewen. – Liest Offenbarung 20:1-3; 21:3, 4.
4. Wéini hält de Misär op?
Wéini hëlt Gott dat Béist vun der Äerd ewech? Jesus huet en „Zeechen“ beschriwwen, wourun ze erkennen ass, datt d’Enn gläich kënnt. D’Weltsituatioun vun haut ass fir de Mënsch geféierlech, a si beweist, datt „d’Enn vun all deem no ass“. – Liest Markus 13:4, 7-13, 19-20.
Jesus setzt dem Misär en Enn, wann hie fir 1 000 Joer am Himmel iwwer d’Äerd regéiert (Jesaja 9:6, 7; 11:9). Hien ass net nëmme Kinnek, mee och „Hohepriester“ an hëlt d’Sënne vun deene Mënschen, déi Gott gär hunn, ewech. Esou léisst Gott duerch Jesus Krankheet, Alter an Doud ophalen. – Liest Jesaja 25:8; 33:24.
5. Wie lieft eng Kéier am Paradis?
Am Kinnekräichssall léiert ee Mënsche kennen, déi Gott gär hunn an déi gewuer wëlle ginn, wéi si him gefale kënnen.
Mënschen, déi Gott follegen, wäerten am Paradis liewen (1. Johannes 2:17). Jesus huet Chrëschten den Optrag ginn, no Mënsche mat engem gudden Häerz ze sichen an hinnen ze weisen, wéi se Gott frou maache kënnen. Schonn elo bereet Jehova Millioune Mënsche vir, fir op enger paradisescher Äerd ze liewen (Zephanja 2:3). Am Kinnekräichssall vun den Zeie vu Jehova gëtt ee gewuer, wéi een als Mann a Papp oder als Fra a Mamm nach besser ka ginn. Elteren a Kanner biede Gott zesummen un, a mierken, wat fir e positiven Afloss déi gutt Noriicht op si huet. – Liest Micha 4:1-4.