Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • T-36 S. 1-4
  • Wat ass Gott säi Räich?

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Wat ass Gott säi Räich?
  • Wat ass Gott säi Räich?
  • Änlecht Material
  • Wat kënnt nach op eis duer?
    Wat kënnt nach op eis duer?
  • Wien huet d’Welt am Grëff?
    Wien huet d’Welt am Grëff?
  • Kënne mir Verstuerwener eng Kéier erëm gesinn?
    Kënne mir Verstuerwener eng Kéier erëm gesinn?
  • Hält dee Misär eng Kéier op?
    Hält dee Misär eng Kéier op?
Méi gesinn
Wat ass Gott säi Räich?
T-36 S. 1-4
Ganz ënnerschiddlech Leit bieden datt Gott säi Räich komme soll

Wat ass Gott säi Räich?

  • Eppes am Häerz?

  • Gléckséilegkeet am Himmel?

  • Eng Regierung am Himmel?

WAT SEET D’BIBEL DOZOU?

„Elo gehéieren d’Herrschafte vun der Welt äisem Här a sengem Messias, an hie regéiert fir ëmmer an éiweg!“ (Offenbarung 11:15, Bibel fir alleguer)

Jesus „. . . regéiert da fir ëmmer . . ., a seng Herrschaft hält ni méi op.“ (Lukas 1:33)

WAT HUNN ECH DOVUN?

  • Eng gerecht Regierung, déi fir jidderee Guddes bewierkt (Jesaja 48:17, 18)

  • Gesond a glécklech an enger neier Welt liewen (Offenbarung 21:3, 4)

Leit schaffen am Gaart a genéissen d’Liewen am Paradies op der Äerd ënnert Gott sengem Räich

KANN ECH DER BIBEL WIERKLECH TRAUEN?

Jo, aus op d’mannst zwee Grënn:

  • Jesus huet gewisen, wat Gott säi Räich alles wäert bewierken. Hien huet Mënsche biede geléiert, datt dëst Räich kommen a Gott säi Wëllen op der Äerd geschéie soll (Matthäus 6:9, 10). Hien huet och virgemaach, wéi et wäert sinn, wann dëst Gebiet erhéiert gëtt.

    Wéi Jesus op der Äerd gelieft huet, huet hien déi Hongreg sat gemaach, déi Krank geheelt, a Verstuerwener zum Liewe bruecht (Matthäus 15:29-38; Johannes 11:38-44). Dat si begeeschternd Beispiller fir dat, wat hien als Kinnek fir d’Mënsche maache wäert (Offenbarung 11:15).

  • D’Weltsituatioun ass de Beweis dofir, datt Gott säi Räich gläich kënnt. Jesus huet ugekënnegt, datt just éier Gott säi Räich fir Fridden op der Äerd suergt, eis Welt ënner Kricher, Hongersnéit an Äerdbiewen ze leiden hätt (Matthäus 24:3, 7).

    Grad esou gesäit et haut aus. A kuerzer Zäit gëtt et all dës Problemer net méi.

FIR NOZEDENKEN

Gott säi Räich herrscht iwwert déi wonnerschéin Äerd

Wéi wäert d’Liewen ënner Gott senger Regierung ausgesinn?

D’Äntwert fënnt een an der Bibel am Psalm 37:29 a Jesaja 65:21-23.

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen