GESCHICHT 4
Rose sinn ass geféierlech
Nodeems den Adam an d’Eva de Gaart Eden verlooss hunn, kréie si vill Kanner. Hiren éischte Jong, de Kain, gëtt Bauer. Hiren zweete Jong, den Abel, gëtt Schofshiert.
Enges Daags bréngen de Kain an den Abel Jehova Affer duer. Weess du wat et bedeit, Gott en Affer duerzebréngen? Et bedeit, him e Geschenk ze maachen. Jehova freet sech iwwer dem Abel säin Affer, awer net iwwer d’Affer vum Kain. Dat mécht de Kain richteg rosen. Jehova warnt de Kain, net esou rosen ze sinn, well dat dozou féiere kéint, datt hien eppes Schlëmmes mécht. Mee de Kain lauschtert net op Jehova.
De Kain seet zum Abel: »Komm mat mir op d’Feld.« Wéi si eleng um Feld sinn, gräift de Kain säi Brudder un a bréngt hien ëm. Wat mécht Jehova elo? Hie bestrooft de Kain a schéckt hie wäit ewech vu senger Famill. Hien däerf ni méi zeréckkommen.
Wat kënne mir doraus léieren? Munchmol gi mir rosen, well d’Saachen net esou ginn, wéi mir wëllen. Wat solle mir maachen, wa mir mierken, datt mir ëmmer méi rose ginn? Oder wann anerer mierken, datt mir rose sinn an eis dowéinst warnen? Da musse mir eis direkt ustrengen, fir eis Gefiller ze kontrolléieren, ier si eis kontrolléieren.
Den Abel hat Jehova gär an huet dat gemaach, wat richteg ass. Dofir erënnert sech Jehova ëmmer nach un hien. Hie mécht den Abel erëm lieweg, wann hien aus der Äerd e Paradis mécht.
„Schléiss fir d’éischt Fridde mat dengem Brudder an da komm zeréck an offréier däin Affer“ (Matthäus 5:24)