GESCHICHT 16
Wien ass den Hiob?
Am Land Uz lieft den Hiob an hien déngt Jehova. Hien ass ganz räich an huet eng grouss Famill. Den Hiob ass e léiwe Mann. Hien hëlleft den Aarmen, zum Beispill de Fraen, deenen hire Mann gestuerwen ass oder de Kanner, déi keng Eltere méi hunn. Hie mécht also dat, wat richteg ass. Mee heescht dat elo, datt hien ni Problemer géif kréien?
Den Hiob weess net, datt de Satan, den Däiwel, hie beobacht. Jehova seet dem Däiwel: »Ass dir mäin Dénger, den Hiob, opgefall? Op der ganzer Äerd gëtt et keen ewéi hien. Hie lauschtert op mech a mécht dat, wat richteg ass.« Den Däiwel äntwert: »Natierlech lauschtert den Hiob op dech. Du beschütz a seens hie jo. Du gëss him Land an Déieren. Mee huel him emol alles ewech an da kucks du, ob hien nach ëmmer däi Frënd ass.« Jehova seet: »An der Rei, maach mam Hiob, wat s du wëlls. Awer du dierfs hien net dout maachen.« Firwat léisst Jehova dat zou? Well hien iwwerzeegt ass, datt den Hiob him trei bleift.
De Satan suergt dofir, datt den Hiob een Ongléck nom aneren erlieft. Als éischt schéckt hie béis Männer, d’Sabäer, déi dem Hiob seng Kéi an Iesele klauen. Dono stierwen dem Hiob seng Schof an engem Feier. D’Chaldäer klauen dem Hiob seng Kaméiler an déi, déi op d’Déieren oppassen, ginn ëmbruecht. An da geschitt dat Allerschlëmmst: All seng Kanner stierwen, wéi d’Haus, an deem si feieren, zesummefält. Den Hiob ass immens trauereg, awer hien hält net op, Jehova ze déngen.
De Satan wëll, datt den Hiob nach méi leide muss. Dowéinst mécht hien, datt den Hiob um ganze Kierper oppe Wonne kritt, déi schrecklech wéidinn. Den Hiob weess net, firwat dës schlëmm Saache passéieren. Trotzdeem bleift hie Jehova säi Frënd. Gott gesäit dat alles an hien ass ganz stolz op hien.
Den Däiwel schéckt elo dräi Männer, fir den Hiob nach méi fäerdegzemaachen. Si soen zu him: »Du hues bestëmmt eppes Béises gemaach a versichs et ze verstoppen. Dofir bestrooft Gott dech.« Den Hiob seet: »Nee, ech hunn näischt falsch gemaach.« Mee mat der Zäit denkt hien, datt Jehova u sengem Leed schold ass a seet, Gott wär onfair mat him.
Den Elihu, e jonke Mann, huet déi ganzen Zäit nogelauschtert a seet elo och eppes dozou: »Dat stëmmt net, wat dir do gesot hutt. Jehova ass vill méi grouss wéi mir begräife kënnen an dofir versti mir net, firwat hien dat heiten zouléisst. Nimools géif hien eppes Béises maachen. Hie gesäit alles an hëlleft de Mënsche bei Problemer.«
Da schwätzt Jehova mam Hiob: »Firwat sees du, ech wär onfair? Wou waars du, wéi ech den Himmel an d’Äerd gemaach hunn? Wéi wëlls du verstoen, firwat dat alles geschitt?« Den Hiob gëtt säi Feeler zou a seet: »Ech hu mech geiert. Bis elo hat ech just vun dir héieren, mee elo kennen ech dech wierklech. Fir dech ass näischt onméiglech. Et deet mir leed, datt ech dat gesot hunn.«
No all deem, mécht Jehova den Hiob erëm gesond a gëtt him nach vill méi wéi virdrun. Hien huet e laangt a glécklecht Liewen. Jehova seent den Hiob, well hien ëmmer op hie gelauschtert huet, och wéi et schwéier war. Wëlls du och esou sinn ewéi den Hiob? Dann hal ëmmer fest zu Jehova, egal wat geschitt.
„Dir hutt vun der Ausdauer vum Hiob héieren an dir hutt d’Enn gesinn, dat Jehova erbäigefouert huet“ (Jakobus 5:11)