E Bréif vun der leedender Kierperschaft
Léif Bridder a Schwësteren,
als Dénger vu Jehova hu mir säi Wuert, d’Bibel, gär. Mir sinn dovun iwwerzeegt, datt si geschichtlech Tatsaachen enthält, zouverlässege Rot fir d’Liewe gëtt a weist, wéi frou Jehova mat eis Mënschen ass (Psalm 119:105; Lukas 1:3; 1. Johannes 4:19). Et ass eisen Häerzenswonsch aneren ze hëllefen, déi wäertvoll Wouerechten aus Gott sengem Wuert kennen ze léieren. Dofir freeë mir eis immens, iech dëst Buch „Léier vun de Geschichten aus der Bibel“ ze ginn. Mir géifen iech gär eppes dozou erklären.
Dëst Buch ass haaptsächlech fir Kanner geschriwwe ginn. Awer et kann een domat och Erwuessenen hëllefen, déi d’Bibel besser kenne léiere wëllen. D’Bibel ass e Buch fir eis alleguer. Duerch dat, wat mir aus hir léieren, hëlleft si eis, wierklech glécklech ze sinn.
D’Geschichten an dësem Buch baséieren sech op d’Bibel an erzielen d’Geschicht vum Mënsch, an dat vun Ufank un. Et gouf alles dru gesat, fir d’Bibelberichter einfach a kloer erëmzeginn. Esouwäit ewéi méiglech sinn d’Geschichten an der zäitlecher Reiefolleg an där se geschitt sinn.
D’Bibelberichter ginn awer net einfach nëmmen noerzielt. Den Text an d’Biller loossen d’Bibelberichter lieweg ginn an hëllefen engem, sech an d’Persounen eranzeversetzen.
Dëst Buch weist, datt d’Bibel e Buch iwwer Mënschen ass – Mënschen, déi Gott gefollegt hunn a Mënschen, déi Gott net gefollegt hunn. An et motivéiert eis, eppes aus hire Beispiller ze léieren (Römer 15:4; 1. Korinther 10:6). D’Buch besteet aus 14 Deeler. All Deel fänkt mat enger Zesummefaassung vun deem un, wat mir aus de Geschichte léiere kënnen.
Wann s du Kanner hues, kanns du mat hinne vläicht fir d’éischt eng Geschicht liesen an d’Biller kucken. Da kënnt dir zesummen d’Bibeltexter liesen op där d’Geschicht baséiert. Hëllef dengem Kand ze verstoen, datt dat, wat et aus der Geschicht léiert, eigentlech aus der Bibel ass. Änlech kënne mir et maachen, wa mir engem Erwuessenen hëllefen, en Iwwerbléck iwwer d’Bibel an déi gutt Noriicht ze kréien.
Mir sinn eis sécher, datt dëst Buch allen opriichtege Mënschen – ob jonk oder al – hëlleft, Gott säi Wuert kennen ze léieren an am eegene Liewen unzewenden. Da kënnen och si Jehova déngen an en Deel vu senger Famill ginn, mat där hie frou ass.
Är Bridder,
D’leedend Kierperschaft vun den Zeie vu Jehova