Aféierung an den Deel 1
D’Bibel fänkt domat un, wéi Jehova den Himmel an d’Äerd gemaach huet an si weist eis, wat fir schéi Saachen hien erschafen huet. Wann s du e Kand hues, dann hëllef him ze erkennen, wéi erstaunlech villfälteg d’Schëpfung ass. Weis him, datt Gott d’Mënschen esou gemaach huet, datt si den Déiere wäit iwwerleeë sinn. Mir kënnen nämlech schwätzen, logesch denken, Saachen erfannen, sangen a bieden. Hëllef him Dankbarkeet ze entwéckelen, fir Jehova seng Weisheet, seng Muecht a virun allem fir seng Léift, déi hie fir seng ganz Schëpfung huet – dozou gehéiert och jidder eenzele vun eis.