LIDD 16
Dankt Gott fir säi Jong, eise Kinnek
1. Jehova huet Jesus ernannt
als Kinnek fir jiddereen.
Seng Herrschaft gerecht a vollkommen.
D’ganz Schöpfung déngt Gott gläich vereent.
(REFRAIN)
Dankt Gott fir säi Jong, eise Kinnek!
Dankt Jesus, o dir loyal Schof!
Mir kenne seng Stëmm a lauscht’ren hir no,
vum Himmel schaalt si erof.
Dankt Gott fir säi Jong, eise Kinnek!
Am Himmel herrscht Jesus elo.
Hien hellegt Gott säin Numm, steet fir hien an.
Gott säi Räich ass scho ganz no.
2. Munch Mënschen huet Gott auserwielt
fir d’Herrschaft mat sengem Jong.
Mat Jesus zesumme gläich kämpfen -
dem Däiwel seng Welt geet zugronn.
(REFRAIN)
Dankt Gott fir säi Jong, eise Kinnek!
Dankt Jesus, o dir loyal Schof!
Mir kenne seng Stëmm a lauscht’ren hir no,
vum Himmel schaalt si erof.
Dankt Gott fir säi Jong, eise Kinnek!
Am Himmel herrscht Jesus elo.
Hien hellegt Gott säin Numm, steet fir hien an.
Gott säi Räich ass scho ganz no.
(Dozou och Spr. 29:4; Jes. 66:7, 8; Joh. 10:4; Offb. 5:9, 10.)