LIDD 41
Jehova, lauschter op mäi Gebiet
(Psalm 54)
1. Himmlesche Papp, ech bieden zu dir.
Du bass mäi Gott, ganz no bass du mir.
Däin Numm ass helleg, sou grouss deng Muecht.
(REFRAIN)
Lauschter, Jehova, op mäi Gebiet!
2. Deng Léift zu mir beweis du all Dag,
weis mir de Wee a méchs mech sou staark.
Vu ganzem Häerze Merci dir so’n.
(REFRAIN)
Lauschter, Jehova, op mäi Gebiet!
3. Gär man ech dat, wat gutt a gerecht;
meiden all dat, wat béis ass a schlecht.
Hëllef mir Gott, hal meng Hand fest un.
(REFRAIN)
Lauschter, Jehova, op mäi Gebiet!
(Dozou och 2. Mo. 22:27; Ps. 106:4; Jak. 5:11.)