LIDD 57
All Mënsch ka Gott säi Frënd sinn
1. Wéi Gott keng Virurteeler wëllen hunn,
dat ass eist Zil, mir schaffen all Dag drun.
Dass all gerett ginn, ass säi gréisste Wonsch.
Seng Frëndschaft bitt hie jidderengem un.
(REFRAIN)
’t ass de Mënsch, dee fir eis zielt,
et sinn Häerzer, déi Gott wielt.
Mir Gott seng Noriicht un all weiderginn.
Siche ween e gutt Häerz huet,
ziele gär vun Uert zu Uert:
„All Mënsch ka Gott säi Frënd fir ëmmer sinn.“
2. Et kënnt net op den éischten Androck un
a ganz egal ass et, vu wou ee kënnt.
Mee dat, wat zielt, ass ween ee wierklech ass,
ganz déif am Häerz, wat Gott an engem fënnt.
(REFRAIN)
’t ass de Mënsch, dee fir eis zielt,
et sinn Häerzer, déi Gott wielt.
Mir Gott seng Noriicht un all weiderginn.
Siche ween e gutt Häerz huet,
ziele gär vun Uert zu Uert:
„All Mënsch ka Gott säi Frënd fir ëmmer sinn.“
3. Jehova mécht seng Äerm grouss op fir all,
déi d’Welt verloossen an dat, wat si bitt.
Ween sech entscheet, op sengem Wee ze go’n,
eng grouss Famill an éiwegt Liewe kritt.
(REFRAIN)
’t ass de Mënsch, dee fir eis zielt,
et sinn Häerzer, déi Gott wielt.
Mir Gott seng Noriicht un all weiderginn.
Siche ween e gutt Häerz huet,
ziele gär vun Uert zu Uert:
„All Mënsch ka Gott säi Frënd fir ëmmer sinn.“
(Dozou och Joh. 12:32; Apg. 10:34; 1. Tim. 4:10; Tit. 2:11.)