LIDD 103
D’Ältesten – e Geschenk vu Jehova
1. Gott seng léif Schof duerch trei Hierte leet –
Männer, déi säi Wee ginn.
Si hunn eis gär an dénge mat Freed,
eis e gutt Beispill sinn.
(REFRAIN)
D’Älteste sinn e Geschenk vu Gott.
Trei stinn si un eiser Säit.
Si setzen sech ëmmer fir eis an.
„Merci fir är Léift an Zäit!“
2. Viru Gefore schützen si eis,
sinn ëmmer fir eis do.
Si mir verletzt, da stäerken si eis,
lauscht’ren eis gären no.
(REFRAIN)
D’Älteste sinn e Geschenk vu Gott.
Trei stinn si un eiser Säit.
Si setzen sech ëmmer fir eis an.
„Merci fir är Léift an Zäit!“
3. Hu mir eis mol veriert a verluer,
weise si duuss de Wee;
duerch hire Rot aus Gott sengem Wuert
bleiwe mir beieneen.
(REFRAIN)
D’Älteste sinn e Geschenk vu Gott.
Trei stinn si un eiser Säit.
Si setzen sech ëmmer fir eis an.
„Merci fir är Léift an Zäit!“
(Dozou och Jes. 32:1, 2; Jer. 3:15; Joh. 21:15-17; Apg. 20:28.)