LIDD 150
Sich Gott – Rettung dat bedeit
(Zephanja 2:3)
1. Géint Gott säi Jong verschwuer,
Natiounen zesumme stinn:
gesi just Muecht, geblennt vu Stolz.
Mir hirt Enn ganz klo’r gesinn.
Si hunn hir Zäit gehat.
Gott säi Räich eis all erwaart:
Wa Jesus all Feind zerstéiert huet,
ass Gott säi Wëlle gemaach.
(REFRAIN)
Sich Gott, strief no Gerechtegkeet,
vertrau op hie voll Sécherheet.
Egal wéi eng Lag,
weis ganz klo’r all Dag,
du stees fest op Gott senger Säit.
Duerch seng staark Hand hien eis befreit –
Rettung dat bedeit.
2. D’Noriicht gëtt wäit verbreet.
Lo all Mënsch fir sech entscheet,
ze lauscht’ren oder stolz ze sinn.
Déi gutt Wiel bréngt éiweg Freed.
Satan et schwéier mécht,
hie wëll dass de Glawe brécht.
Gott seng loyal Dénger ni verléisst –
Befreiung hien eis versprécht.
(REFRAIN)
Sich Gott, strief no Gerechtegkeet,
vertrau op hie voll Sécherheet.
Egal wéi eng Lag,
weis ganz klo’r all Dag,
du stees fest op Gott senger Säit.
Duerch seng staark Hand hien eis befreit –
Rettung dat bedeit.
(Kuck och 1. Sam. 2:9; Ps. 2:2, 3, 9; Spr. 2:8; Mat. 6:33.)