Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lff Lektioun 37
  • Wat d’Bibel iwwer Aarbecht a Geld seet

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Wat d’Bibel iwwer Aarbecht a Geld seet
  • Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
  • Ënnertitel
  • Änlecht Material
  • AN DEN DETAIL GOEN
  • FAZIT
  • MÉI GEWUER GINN
  • Ass d’Bibel e Buch fir mech?
    Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
  • Ass d’Bibel e Buch fir mech?
    Glécklech fir ëmmer. Interaktive Bibelcours – Aféierung
  • Wéi s du deng Versammlung ënnerstëtze kanns
    Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
  • Sinn ech prett, mech deefen ze loossen?
    Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
Méi gesinn
Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
lff Lektioun 37
Lektioun 37. E Schräiner schléit en Nol an e Stéck Holz.

LEKTIOUN 37

Wat d’Bibel iwwer Aarbecht a Geld seet

Gedréckte Versioun
Gedréckte Versioun
Gedréckte Versioun

Hues du dir schonn eng Kéier Suerge gemaach wéinst Geld oder denger Aarbechtsplaz? Et ass guer net esou einfach, fir de Liewensënnerhalt ze suergen a gläichzäiteg d’Ubiedung vu Jehova op déi richteg Plaz ze setzen. D’Bibel huet e puer praktesch Rotschléi, wéi een dat hikritt.

1. Wat seet d’Bibel iwwer Aarbecht?

Gott wëll, datt mir Freed un der Aarbecht hunn. D’Bibel seet: „Fir e Mënsch gëtt et näischt Besseres, wéi … un senger haarder Aarbecht Freed ze fannen“ (Prediger 2:24). Jehova schafft gär. Wa mir bei der Aarbecht esou fläisseg sinn ewéi hien, da freet hien sech an och mir sinn zefridden.

Et ass wichteg ze schaffen. Awer d’Aarbecht däerf net méi wichteg sinn ewéi eis Ubiedung (Johannes 6:27). Jehova versprécht eis: Wa mir hien op déi éischt Plaz setzen, suergt hie fir alles, wat mir fir ze liewe brauchen.

2. Wéi soll een zu Geld agestallt sinn?

D’Bibel seet zwar, datt „Geld e Schutz ass“, awer si weist och ganz kloer, datt Geld eleng net glécklech mécht (Prediger 7:12). Si leet eis un d’Häerz, keng Léift zum Geld ze hunn, mee mat deem zefridden ze sinn, wat een huet. (Lies Hebräer 13:5.) Dann ass een net frustréiert, well een dauernd doriwwer nodenkt, wat engem nach feelt, an et mécht ee keng onnéideg Scholden (Sprüche 22:7). Dat schützt ee virun de Gefore vum Glécksspill oder viru riskante Geschäfter, déi engem schnellt Geld verspriechen.

3. Wéi kann ee Geld gutt asetzen?

Jehova ass generéis. Mir kënnen esou sinn ewéi hien, wa mir och generéis sinn a gär mat aneren deelen (1. Timotheus 6:18). Mir kënnen d’Versammlung finanziell ënnerstëtzen, awer och déi, déi an Nout sinn – virun allem eis Glawensbridder. Jehova kënnt et net dorop un, wéi vill mir ginn, mee wat eis motivéiert, eppes ze ginn. Wa mir vun Häerze gär ginn, mécht eis dat glécklech a Jehova freet sech. (Lies Apostelgeschichte 20:35.)

AN DEN DETAIL GOEN

Firwat ass et gutt, der Aarbecht de richtege Stellewäert ze ginn a mat deem zefridden ze sinn, wat een huet?

4. Esou schaffen, datt Jehova geéiert gëtt

Eis Frëndschaft mat Jehova soll sech op eis Astellung zur Aarbecht auswierken. De VIDEO kucken an dës Froe beschwätzen:

VIDEO: Schaff mat ganzem Häerz fir Jehova (4:39)

  • Wat gefält dir um Jason senger Astellung zur Aarbecht a wéi hien sech verhalen huet?

  • Wéi huet hien et fäerdeg bruecht, der Aarbecht de richtege Stellewäert ze ginn?

Kolosser 3:23, 24 liesen. Dozou dës Fro:

  • Firwat ass déi richteg Astellung zur Aarbecht wichteg?

Collage: E Mann, fir dee seng Aarbecht dat Wichtegst ass. 1. Hie schafft am Dag an engem Büro. 2. Hie bleift bis owes spéit op der Aarbecht. 3. Hie schafft nach weider, nodeem seng Aarbechtskolleegen heemgaange sinn. 4. Hien ësst säin Owesiessen doheem eleng.

Aarbecht ass wichteg. Mee si soll ni méi wichteg ginn ewéi eis Frëndschaft mat Jehova

Collage: De selwechte Mann hëlt sech Zäit fir méi wichteg Saachen. 1. Hie schafft am Dag an engem Büro. 2. Um Enn vum Dag geet hien heem. 3. Hie streckt an der Versammlung seng Hand aus. 4. Hien ësst owes zesumme mat senger Fra a sengen zwee Kanner.

5. Zefridde sinn ass vill wäert

Vill Leit versichen esou vill Geld wéi méiglech ze kréien. Awer d’Bibel réit eis eppes anescht. 1. Timotheus 6:6-8 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wat fir e Rot gëtt eis d’Bibel?

Och wann een net vill huet, kann ee glécklech sinn. De VIDEO kucken an dës Fro beschwätzen:

VIDEO: Mat deem, wat een huet, zefridde sinn (3:20)

  • Firwat sinn dës Famillje glécklech, och wann si net vill Geld hunn?

Et kann awer och sinn, datt ee scho vill huet, an nach méi wëll hunn. Jesus huet gewisen, wéi geféierlech dat ass. Lukas 12:15-21 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wat kann een aus dëser Geschicht léieren? (Dozou de Vers 15.)

Sprüche 10:22 an 1. Timotheus 6:10 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wat mengs du, wat méi wichteg ass – eng Frëndschaft mat Jehova oder vill Geld? Firwat denks du esou?

  • Wat fir Problemer kritt een, wann een ëmmer méi wëll hunn?

6. Jehova suergt fir eis

Problemer mat der Aarbecht a Geldsuerge kënnen eist Vertrauen a Jehova op d’Prouf stellen. Wat kann eis hëllefen? De VIDEO kucken.

VIDEO: Jehova suergt fir eis (6:21)

  • Mat wat huet de Brudder missen eens ginn?

  • Wéi ass hien domat ëmgaangen?

Matthäus 6:25-34 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wat versprécht Jehova deenen, déi hien op déi éischt Plaz setzen?

WANN EE SEET: „Ech kann net all Woch an d’Versammlung goen. Et muss jo een d’Geld mat heem bréngen.“

  • Wat fir e Bibeltext iwwerzeegt dech dovun, datt et ëmmer am beschten ass, d’Ubiedung fir Jehova op déi éischt Plaz ze setzen?

FAZIT

Et brauch een eng Aarbecht a Suen, awer dat soll een net dovun ofhalen, Jehova ze déngen.

Réckbléck

  • Wéi kann een ausgeglach sinn, wann et ëm d’Aarbecht geet?

  • Firwat ass et vill wäert, zefridden ze sinn?

  • Wéi kanns du weisen, datt s du Jehova sengem Verspriechen, fir dech ze suergen, vertraus?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Wat seet d’Bibel zum Theema Geld?

„Ass d’Geld d’Wuerzel vun allem Béisen?“ (Online-Artikel)

Wourop et wierklech ukënnt, wann een eppes gëtt.

„Eppes ze ginn – wat seet d’Bibel doriwwer?“ (Online-Artikel)

Ass Glécksspill harmlos?

„Wat seet d’Bibel? Glécksspill“ (Erwachet!, März 2015)

Wéi e Mann, dee seng Sue verspillt huet an agebrach huet, en anere Mënsch ginn ass.

„Päerdscoursen hate mir et ugedoen“ (Der Wachtturm, 1. November 2011)

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen