Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lff Lektioun 53
  • Eis Fräizäit esou verbréngen, datt et Jehova gefält

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Eis Fräizäit esou verbréngen, datt et Jehova gefält
  • Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
  • Ënnertitel
  • AN DEN DETAIL GOEN
  • FAZIT
  • MÉI GEWUER GINN
Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
lff Lektioun 53
Lektioun 53. E Papp, eng Mamm an hiert jonkt Meedchen iesse Popcorn a kucke Fernsee.

LEKTIOUN 53

Eis Fräizäit esou verbréngen, datt et Jehova gefält

Gedréckte Versioun
Gedréckte Versioun
Gedréckte Versioun

Jehova ass de „gléckleche Gott“ (1. Timotheus 1:11). Hie wëll, datt och mir glécklech sinn an d’Liewe genéissen. Jehova freet sech, wa mir net nëmme schaffen, mee eis och Zäit huelen ze entspanen. Awer wéi kënne mir eis Fräizäit esou plangen, datt si eis guttdeet, eis nei Energie gëtt a Jehova Freed mécht?

1. Op wat solle mir oppassen, wann et ëm eis Fräizäit geet?

Wat méchs du am léifsten, wann s du dech entspane wëlls? Muncheree bleift gär doheem, liest e Buch, lauschtert Musek, kuckt sech e Film un oder surft am Internet. Anerer si gär mat Frënn ënnerwee, si gi wanderen, schwammen oder maachen zesumme Spiller. Wat och ëmmer dir Freed mécht, iwwerlee dir, ob et „dem Här gefält“ (Epheser 5:10, BFL). Dat ass wichteg, well villes vun deem, wat mir haut gebuede kréien, huet mat Gewalt, Onmoral oder Spiritismus ze dinn – alles Saachen, déi Jehova haasst. (Lies Psalm 11:5.) Wat kann dir hëllefen, bei Fräizäitaktivitéiten eng gutt Entscheedung ze treffen?

Frënn, déi Jehova gär hunn, kënnen e positiven Afloss op dech hunn an op dat, wat s du an denger Fräizäit méchs. Wéi mir schonn an der Lektioun 48 gesinn hunn, seet d’Bibel: „Wer seinen Weg mit Weisen geht, wird weise werden.“ Wien awer vill mat Mënschen zesummen ass, déi Gott seng Prinzippien net gär hunn, „dem wird es schlecht gehen“ (Sprüche 13:20).

2. Firwat soll een oppassen, wéi vill Zäit een sech fir d’Fräizäit hëlt?

Och wann dat, wat mir an der Fräizäit maachen, näischt Schlechtes ass, musse mir oppassen, datt mir net ze vill Zäit domat verbréngen. Soss hu mir vläicht net méi genuch Zäit fir méi wichteg Saachen. D’Bibel réit eis: „Maacht dat Bescht aus ärer Zäit.“ (Lies Epheser 5:15, 16.)

AN DEN DETAIL GOEN

Wéi kanns du gutt Entscheedungen treffen, wann et dorëm geet, wat s du an denger Fräizäit méchs?

3. Meit an denger Fräizäit dat, wat dir schuede kann

Firwat solle mir eis gutt iwwerleeën, mat wat mir eis beschäftegen? De VIDEO kucken an dës Froe beschwätzen:

VIDEO: Wat maachen ech a menger Fräizäit? (4:39)

  • Wat hunn d’Kämpf vun de Gladiatoren am ale Roum an dat, wat een sech haut ukucke kann, gemeinsam?

  • Wat huet den Danny geléiert, wann et ëm d’Fräizäit geet?

Römer 12:9 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wéi beaflosst dëse Vers d’Wiel vun eise Fräizäitaktivitéiten?

Wat gehéiert zu de Saachen, déi Jehova haasst? Sprüche 6:16, 17 a Galater 5:19-21 liesen. Bei all Bibeltext dës Fro:

  • Wat dovu fënnt een hautdesdaags bei Fräizäitaktivitéiten erëm?

Wat dir hëlleft ze entscheeden, wat s du an denger Fräizäit méchs

Fro dech:

  • Wat? Ass et eppes, wat Jehova haasst?

  • Wéini? Verléieren ech doduerch Zäit fir méi wichteg Saachen?

  • Wien? Hunn ech reegelméisseg oder enke Kontakt mat Persounen, déi Jehova net gär hunn?

Et ass gutt, sech vu Gefore wäit ewechzehalen. Dofir hale mir eis och an der Fräizäit wäit ewech vun allem, wat eis schuede kéint

En Auto fiert op enger Strooss an de Bierger. An der Kéier kënnt den Auto mam hënneschte Rad bal vun der Strooss of.

4. Iwwerlee dir gutt, wat s du mat denger Zäit méchs

De VIDEO kucken an dës Fro beschwätzen:

VIDEO: Deng Zäit – wien huet d’Kontroll? (2:45)

  • De Brudder huet sech näischt Schlechtes ugekuckt, awer hien huet ganz vill Zäit mat digitale Medie verbruecht. Wéi huet sech dat op hien ausgewierkt?

Philipper 1:10 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wéi kann dir dëse Vers bei der Entscheedung hëllefen, wéi vill Zäit s du bei Entspanung a Fräizäit asetz?

5. Maach an denger Fräizäit Saachen, déi dir guttdinn

Och wann et munches gëtt, wat een an der Fräizäit maache kann, wat Jehova net gefält, gëtt et dach villes, wat an der Rei ass an eis guttdeet. Prediger 8:15 a Philipper 4:8 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wat méchs du an denger Fräizäit, wat dir Spaass mécht an dir guttdeet?

Collage: Persounen, déi ënnerschiddlech al sinn, maachen an hirer Fräizäit Saachen, déi hinne guttdinn. 1. E Meedche lauschtert Musek a moolt. 2. Dräi jonk Männer spille Basketball. 3. Zwee Jonge fuere mam Vëlo. 4. E Jong baut e Spillauto zesummen. 5. E Mann spillt d’Tromm. 6. E Jong spillt zesumme mat sengem Papp e Videospill. 7. Eng Fra mécht eng Foto.

Et gëtt vill Guddes, wat een an senger Fräizäit maache kann

WANN EE SEET: „Wann ech mir eppes ukucken, wou et ëm Gewalt, Onmoral oder Spiritismus geet, ass dat dach net schlëmm. Ech kucken et jo just.“

  • Wat géifs du soen?

FAZIT

Jehova wëll, datt mir an eiser Fräizäit Saache maachen, déi eis guttdinn.

Réckbléck

  • Woumat solle Chrëschten sech an der Fräizäit net ofginn?

  • Firwat solle mir dorop oppassen, wéi vill Zäit mir fir eis Fräizäit asetzen?

  • Firwat solls du deng Fräizäit esou verbréngen, datt et Jehova gefält?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Wien entscheet, wat ech lauschteren a mir ukucke kann?

„Si bei den Zeie vu Jehova munch Filmer, Bicher oder Lidder verbueden?“ (Online-Artikel)

Wat s du an denger Fräizäit maache kanns, fir datt s du eppes dovun hues.

„Deet dat, wat mir an eiser Fräizäit maachen, eis gutt?“ (Der Wachtturm, 15. Oktober 2011)

Am Artikel „Ech hunn elo keng Virurteeler méi“ gesäit een, firwat e Mann opgehalen huet, sech esou munches unzekucken an ze lauschteren.

„D’Bibel verännert Liewen“ (Der Wachtturm, 1. Februar 2010)

Firwat eng Fra sech näischt méi wollt ukucken, wat mat Spiritismus ze dinn hat.

Sech näischt ukucken, wat mat Spiritismus ze dinn huet (2:02)

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen