Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • ijwyp Artikel 76
  • Wat bréngt et mir, an e Kinnekräichssall ze goen?

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Wat bréngt et mir, an e Kinnekräichssall ze goen?
  • Jonk Leit froen
  • Ënnertitel
  • Änlecht Material
  • Wat geschitt an engem Kinnekräichssall?
  • Wat bréngt et mir, wann ech dohiginn?
  • Et lount sech, d’Versammlunge vun den Zeie vu Jehova ze besichen
    Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
Jonk Leit froen
ijwyp Artikel 76
E jonke Mann beobacht, wéi anerer an e Kinnekräichssall ginn

JONK LEIT FROEN

Wat bréngt et mir, an e Kinnekräichssall ze goen?

D’Zeie vu Jehova treffe sech zweemol an der Woch fir hir Versammlungen a sougenannte Kinnekräichssäll. Wat geschitt do a wat bréngt et dir dohinzegoen?

  • Wat geschitt an engem Kinnekräichssall?

  • Wat bréngt et mir, wann ech dohiginn?

  • Wat soen anerer dozou?

Wat geschitt an engem Kinnekräichssall?

De Kinnekräichssall ass eng Plaz, wou ee léiert, wat een am Alldag vun der Bibel huet. D’Versammlungen hëllefen dir:

  • d’Wouerecht iwwer Gott gewuer ze ginn.

  • aktuell Evenementer an hir Bedeitung ze verstoen.

  • e bessere Mënsch ze ginn.

  • echt Frënn ze fannen.

Wousst du schonn? Déi Plaz, wou Zeie vu Jehova sech treffen, gëtt Kinnekräichssall genannt, well do haaptsächlech iwwer Gott säi Kinnekräich geschwat gëtt (Matthäus 6:9, 10; 24:14; Lukas 4:43).

Wat bréngt et mir, wann ech dohiginn?

Wat s du do gewuer gëss, hëlleft dir. D’Bibel seet: „Erwirb Weisheit“ (Sprüche 4:5). Déi bibelesch Grondsätz, déi an de Versammlunge vun den Zeie vu Jehova beschwat ginn, hëllefen dir dobäi. Esou kanns du gutt Entscheedungen an dengem Liewen treffen. Ausserdeem kriss du do Äntwerten op wichteg Froen, wéi zum Beispill:

  • Wat ass de Sënn vum Liewen?

  • Ass Gott schold um Misär?

  • Wat geschitt nom Doud?

Hei e puer Theemen, déi un de Weekender an der Versammlung beschwat ginn:

  • Firwat soll ee sech vun der Bibel leede loossen?

  • Wou fënnt een Hëllef a schwieregen Zäiten?

  • Wat Gott säi Kinnekräich schonn haut fir eis mécht

„E Jong aus menger Klass ass eng Kéier mat an d’Versammlung komm. Hie souz bei mir a menger Famill an huet mat an d’Bibel an an d’Bicher gekuckt. Dono sot hien, datt hien impressionéiert war vun deene ville Kommentare vun den Uwiesenden. Him ass och opgefall, datt a senger Kierch net esou vill Studiematerial ugebuede gëtt“ (Brenda).

Wousst du schonn? Den Entrée ass fräi an et gëtt keng Kollekt gemaach.

D’Zesummekomme mat aneren ermontert dech. Der Bibel no ginn et verschidde Grënn firwat Chrëschte sollen zesummekommen. Een dovunner ass, fir sech géigesäiteg ze ermonteren (Hebräer 10:24, 25). An enger egoistescher Welt, deet et einfach gutt mat Mënschen zesummenzekommen, fir déi Gott an hir Matmënschen méi wichteg sinn.

„No engem laangen Dag sinn ech heiansdo traureg oder einfach nëmme gebrach. Mee d’Leit am Kinnekräichssall hëllefe mir, mech besser ze fillen. Wann ech dann no der Versammlung heemginn, sinn ech frou a prett fir den nächsten Dag“ (Elisa).

Wousst du schonn? Et gi méi ewéi 120.000 Versammlunge vun den Zeie vu Jehova, an dat op méi ewéi 60.000 verschiddene Plaze ronderëm d’Welt. Well d’Zuel vun deenen, déi d’Versammlunge besiche permanent klëmmt, ginn all Joer an der Moyenne 1500 nei Kinnekräichssäll gebaut.a

Wat soen anerer dozou?

Jessica

„Wéi ech am Lycée war, ass e Meedchen aus menger Klass e puer Mol mat an d’Versammlung komm. Hatt war ganz beandrockt, datt do Mënschen aus allen Altersgruppen zesummen eppes aus der Bibel léieren. Viru Kuerzem ass mäi Chef och matkomm an hie war erstaunt, wéi oft mir d’Bibel gebrauchen. Seng Wäertschätzung fir d’Versammlung huet och meng Wäertschätzung nach eng Kéier verdéift“ (Jessica).

Timothy

„Ech fannen, datt een an der Versammlung vum Stress an den alldeegleche Suergen ofschalte kann. Mir léieren do, wéi een e Liewe féiere kann, dat zefridde mécht, wéi een e bessere Mënsch ka ginn an nach villes méi. Ech fille mech dono ëmmer gutt an hunn erëm Kraaft“ (Timothy).

Jacob

„E Mann, deen ech zu enger Versammlung agelueden hat, sot dono zu mir: ‚Eigentlech sinn ech komm, well ech beweise wollt, datt är Usiichte falsch sinn. Awer et huet sech erausgestallt, datt meng falsch waren.‘ Hie war och beandrockt vun der Frëndlechkeet vun den Zeie vu Jehova a sot: ‚Obwuel ech iech grad eréischt kennegeléiert hunn, hutt dir mech esou behandelt, wéi wa mir eis scho säit Jore géife kennen‘“ (Jacob).

Madison

„Heiansdo soen ech mir: ‚Soubal d’Versammlung eriwwer ass, sinn ech fort.‘ Mee am Laf vum Programm léist sech dat Gefill einfach a Loft op. Wann ech dann amgaang sinn mat deenen aneren ze schnëssen, da weess ech iwwerhaapt net méi, firwat ech esou fréi wollt goen. Ouni d’Versammlung, hätt ech net déi wonnerbar Frënn, déi ech elo hunn“ (Madison).

a Fir e Kinnekräichssall ze fannen, kuck bei „Versammlunge vun den Zeie vu Jehova“ a klick op „A menger Géigend“.

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen