Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • ijwbq Artikel 141
  • Gëtt d’Äerd eng Kéier zerstéiert?

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Gëtt d’Äerd eng Kéier zerstéiert?
  • Äntwerten op Froen zu der Bibel
  • Ënnertitel
  • Änlecht Material
  • D’Äntwert aus der Bibel
  • Zerstéieren d’Mënschen d’Äerd?
  • Léiert d’Bibel dann net, datt d’Äerd mat Feier verbrannt gëtt?
  • Geet dës Welt op en Enn?
    De Wachtturm mécht Jehova säi Kinnekräich bekannt (Editioun fir d’Allgemengheet) 2021
Äntwerten op Froen zu der Bibel
ijwbq Artikel 141
De Planéit Äerd zerfält a Stécker

Gëtt d’Äerd eng Kéier zerstéiert?

D’Äntwert aus der Bibel

Nee, eise Planéit gëtt ni zerstéiert, verbrannt oder ersat. Der Bibel no huet Gott d’Äerd erschaf, fir datt si fir ëmmer bewunnt gëtt.

  • „Die Gerechten werden die Erde besitzen und für immer auf ihr leben“ (Psalm 37:29).

  • „[Gott] hat die Erde auf ihren Fundamenten fest verankert. Für immer und ewig wird sie nicht von der Stelle gerückt“ (Psalm 104:5).

  • „Die Erde bleibt für immer“ (Prediger 1:4).

  • „Der die Erde formte, ihr Erschaffer, der ihr festen Bestand gab, der sie nicht umsonst erschuf, sondern sie formte, damit sie bewohnt wird“ (Jesaja 45:18).

Zerstéieren d’Mënschen d’Äerd?

Gott léisst net zou, datt d’Mënschen d’Äerd duerch Ëmweltverschmotzung, Kricher oder op eng aner Manéier futti maachen. Villméi kënnt emol d’Zäit „fir déi ze zerstéieren, déi d’Äerd zerstéieren“ (Offenbarung 11:18, BFL). Wéi mécht hien dat?

Gott ersetzt dann d’mënschlech Regierungen, déi net kapabel waren d’Äerd ze schützen, duerch eng perfekt Regierung am Himmel, Gott säi Kinnekräich (Daniel 2:44; Matthäus 6:9, 10). Un der Spëtzt vun dësem Kinnekräich ass Gott säi Jong, Jesus Christus (Jesaja 9:6, 7). Wéi Jesus op der Äerd war, huet hie seng iwwermënschlech Muecht benotzt fir d’Naturgewalten ze kontrolléieren (Markus 4:35-41). Och an Zukunft, huet Jesus als Kinnek vu Gott sengem Kinnekräich, d’Naturelementer voll ënner Kontroll. Hie mécht erëm alles nei oder bréngt erëm alles an d’Rei, esou wéi et am Gaart Eden war (Matthäus 19:28; Lukas 23:43).

Léiert d’Bibel dann net, datt d’Äerd mat Feier verbrannt gëtt?

Nee. Zu dëser Meenung komme muncher, well si 2. Petrus 3:7 falsch verstinn, dee seet: „Der Himmel und die Erde [sind] für das Feuer aufbewahrt“. Kucke mir eis zwee wichteg Punkten un, fir dës Wierder besser ze verstoen:

  1. An der Bibel hunn d’Begrëffer „Himmel“, „Äerd“ a „Feier“ méi wéi eng Bedeitung. Zum Beispill seet 1. Mose 11:1: „Damals hatte die ganze Erde noch eine einzige Sprache“. Hei ass mat „Äerd“ déi mënschlech Gesellschaft gemengt.

  2. De Kontext vun 2. Petrus 3:7 hëlleft ze verstoen, wat mat de Wierder Himmel, Äerd a Feier gemengt ass. D’Verse 5 a 6 zéien eng Parallel mat der Zäit vum Noah. Deemools gouf d’Welt zerstéiert, wéi si mat Waasser iwwerschwemmt gouf. Eise Planéit ass awer net verschwonnen, mee just „d’Äerd“, an dësem Fall, déi brutal a schlecht Gesellschaft vun deemools (1. Mose 6:11). Och gouf eng Zort „Himmel“ vernicht, nämlech déi Persounen, déi fréier regéiert hunn. Et goufen also déi béis Mënsche vernicht an net eise Planéit. Den Noah a seng Famill hunn d’Zerstéierung vun der deemoleger Welt iwwerlieft an no der Sinflut weider op der Äerd gelieft (1. Mose 8:15-18).

Änlech wéi bei der Sinflut bedeit d’Vernichtung oder d’„Feier“ aus 2. Petrus 3:7 d’Enn vun de béise Mënschen an net vun der Äerd. Gott versprécht „en neien Himmel an eng nei Äerd, an deenen d’Gerechtegkeet wunnt“ (2. Petrus 3:13, BFL). Eng „nei Äerd“ oder eng nei mënschlech Gesellschaft gëtt da vun engem „neien Himmel“ regéiert, also vun enger neier Regierung – Gott säi Kinnekräich. Ënner dësem Kinnekräich gëtt d’Äerd erëm zu engem friddleche Paradis (Offenbarung 21:1-4).

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen