Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • ijwbq Artikel 46
  • Gëtt et den Däiwel wierklech?

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Gëtt et den Däiwel wierklech?
  • Äntwerten op Froen zu der Bibel
  • Ënnertitel
  • D’Äntwert aus der Bibel
  • Falsch Usiichten iwwer den Däiwel
Äntwerten op Froen zu der Bibel
ijwbq Artikel 46

Gëtt et den Däiwel wierklech?

D’Äntwert aus der Bibel

Jo, den Däiwel gëtt et wierklech. Hien ass e Geeschtwiesen, dat e schlechte Charakter entwéckelt huet a géint Gott rebelléiert huet. An der Bibel gëtt hien och „Herrscher vun dëser Welt“ genannt (Johannes 14:30, BFL; Epheser 6:11, 12). D’Bibel gëtt dem Däiwel och nach aner Titelen, déi opdecken wéi eng Zort Perséinlechkeet hien huet. Zum Beispill:

  • Satan, wat „e Géigner, dee Widderstand leescht“ bedeit (Hiob 1:6).

  • Däiwel, wat „een, deen anerer duerch Lige schlecht mécht“ bedeit (Offenbarung 12:9).

  • Schlaang, wat an der Bibel oft fir ee gebraucht gëtt, deen anerer „uschmiert an täuscht“ (2. Korinther 11:3).

  • Verféierer (Matthäus 4:3).

  • Ligener (Johannes 8:44).

Et ass net dat Béist am Mënsch

Fir muncher steet den Däiwel allgemeng fir dat Béist oder fir déi däischter Säit am Mënsch. Interessanterweis fënnt een an der Bibel e Gespréich tëschent Gott an dem Däiwel. Gott ass perfekt. Hie konnt also garantéiert net mat eppes Béises a sech selwer schwätzen (5. Mose 32:4; Hiob 2:1-6). Geneesou war och Jesus vollkommen an ass trotzdeem vu Satan versicht ginn (Matthäus 4:8-10; 1. Johannes 3:5). D’Bibel weist kloer, datt den Däiwel net einfach dat Béist ass, mee datt et hie wierklech gëtt.

An awer gleewen der vill net, datt den Däiwel existéiert. Sollt eis dat iwwerraschen? Nee, well d’Bibel weist, datt Satan d’Mënsche gär täuscht, fir seng Ziler ze erreechen (2. Thessalonicher 2:9, 10). Eng vu senge beschte Methoden ass, d’Mënsche gleewen ze doen, datt et hie guer net gëtt (2. Korinther 4:4).

Falsch Usiichten iwwer den Däiwel

Usiicht: Luzifer ass en aneren Numm fir den Däiwel.

Fakt: Dat hebräescht Wuert, dat a verschiddene Bibele mat „Luzifer“ iwwersat gëtt, bedeit „Glänzender“ (Jesaja 14:12). De Kontext weist, datt dëst Wuert sech op d’kinneklech Dynastie vu Babylon bezitt, déi Gott wéinst hirer Arroganz erniddregt huet (Jesaja 14:4, 13-20). No hirem Ënnergang war d’Wuert „Glänzender“ ironesch gemengt.

Usiicht: Satan schafft fir Gott

Fakt: Den Däiwel ass Gott säi Feind, an net säin Dénger. Den Däiwel ass och e Géigner vun deenen, déi Gott déngen. Si gi vun him verfollegt a falsch ugeklot (1. Petrus 5:8; Offenbarung 12:10).

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen