Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • ijwbq Artikel 33
  • Ech si chronesch krank – kann d’Bibel mir hëllefen?

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Ech si chronesch krank – kann d’Bibel mir hëllefen?
  • Äntwerten op Froen zu der Bibel
  • Ënnertitel
  • Änlecht Material
  • D’Äntwert aus der Bibel
  • D’Bibel huet eng Hoffnung
    Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
  • D’Bibel huet eng Hoffnung
    Glécklech fir ëmmer. Interaktive Bibelcours – Aféierung
Äntwerten op Froen zu der Bibel
ijwbq Artikel 33

Ech si chronesch krank – kann d’Bibel mir hëllefen?

D’Äntwert aus der Bibel

Jo. Gott beréiert et, wa Mënschen, déi hie gären hunn, krank sinn. D’Bibel seet iwwer esou e Mënsch: „Jehova wird ihm beistehen, wenn er krank daliegt“ (Psalm 41:3). Wann ee chronesch krank ass, kënnen dës dräi Punkten hëllefen, d‘Situatioun ze meeschteren.

  1. Gott ëm Kraaft bieden. „De Fridde vu Gott, deen all Verstand iwwertrëfft“, kann engem d’Angscht huelen a Kraaft ginn, fir weiderzemaachen (Philipper 4:6, 7, BFL).

  2. Positiv sinn. D’Bibel seet: „Ein freudiges Herz ist eine gute Medizin, aber ein niedergeschlagener Geist raubt einem die Kraft“ (Sprüche 17:22). Den Humor net ze verléieren bréngt net nëmme Liicht an den Alldag, mee ass och gutt fir d’Gesondheet.

  3. Mat Hoffnung an d’Zukunft kucken. Eng fondéiert Hoffnung kann engem hëllefen, trotz chronescher Krankheet, Freed um Liewen ze hunn (Römer 12:12). D’Bibel versprécht eis fir d’Zukunft: „Und kein Bewohner wird sagen: ‚Ich bin krank‘“ (Jesaja 33:24). Gott suergt dann dofir, datt et keng chronesch Krankheete méi gëtt, eppes, wat d‘Medezin net fäerdeg bréngt. D’Bibel seet souguer: „Sein Körper soll gesünder werden als in der Jugend. Er soll zur Kraft seiner Jugendtage zurückkehren“ (Hiob 33:25). Amplaz datt ee méi al gëtt, gëtt een also méi jonk.

E wichtege Punkt: D’Zeie vu Jehova erliewen ëmmer nees, datt Gott hinnen hëlleft, awer bei chronesche Krankheete sinn si och bereet, bei en Dokter ze goen (Markus 2:17). Allerdéngs recommandéiere mir kee spezifesch medezineschen Traitement. Jidderee muss an dëser Saach selwer entscheeden.

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen