Ass d’Bibel wëssenschaftlech korrekt?
D’Äntwert aus der Bibel
Jo. D’Bibel ass zwar kee wëssenschaftlech Buch, mee wann et ëm wëssenschaftlech Theeme geet, ass si ganz korrekt. Hei sinn e puer Beispiller, déi weisen, datt d’Bibel mat der Wëssenschaft vun haut iwwereneestëmmt. Et sti wëssenschaftlech Fakten dran, déi sech staark vun deem ënnerscheeden, wat d’Leit fréier gegleeft hunn, wéi d’Bibel geschriwwe gouf.
Den Universum hat en Ufank (1. Mose 1:1). Am Géigesaz dozou beschreiwe vill al Legenden, datt den Universum net erschafe ginn ass, mee aus engem schonn existéiernde Chaos koum. D’Babylonier hu gegleeft, datt d’Götter, duerch déi den Universum enstanen ass, aus zwee Ozeane koumen. An aner Legende soen, den Universum wier aus engem risegen Ee komm.
Den Universum gëtt iwwerall vu Naturgesetzer bestëmmt an net aus der Laun vun de Götter (Hiob 38:33; Jeremia 33:25). Op der ganzer Welt ginn et Mythen, déi erzielen, datt d’Mënschen den onberechenbaren an heinansdo grausame Götter ausgeliwwert wieren.
D’Äerd schwieft am eidele Raum (Hiob 26:7). Fréier hu vill Leit gegleeft, datt d’Äerd eng Scheif wier, déi zum Beispill vun engem Büffel oder enger Deckelsmouk gedroe gëtt.
D’Waasser huet e Kreeslaf: Et verdonst, et fällt als Reen, Schnéi oder Knëppelsténg op d’Äerd a fënnt säi Wee a Quellen a Flëss zeréck (Hiob 36:27, 28; Prediger 1:7; Jesaja 55:10; Amos 9:6). Am ale Griicheland hu si gegleeft, d’Flëss wieren aus engem ënnerierdeschen Ozean entsprong. Dës Iddi huet sech bis an d’18. Joerhonnert gehalen.
D’Bierger gi méi grouss a méi kléng. D’Bierger, déi mir haut gesinn, ware fréier mol ënnert dem Mier (Psalm 104:6, 8). Am Géigesaz dozou soe vill Legenden, datt d’Bierger, esou wéi se elo sinn, vu Götter erschafe goufen.
D’Hygiène dréit zur Gesondheet bäi. Am Gesetz, dat d’Natioun Israel krut, stounge verschidde Reegelen a puncto Hygiène. Zum Beispill, wat ee maache soll, nodeems een eng Läich ugepak huet, Quarantänvirschrëfte bei ustiechende Krankheeten a wéi een d’Exkrementer sécher entsuergt (3. Mose 11:28; 13:1-5; 5. Mose 23:13). Am Contraire dozou, hunn d’Ägypter deemools oppe Wonne mat enger Mixtur behandelt, an där och mënschlech Exkrementer dra waren.
Ginn et Widderspréch tëschent der Bibel an der Wëssenschaft?
Wann een objektiv un d’Bibel erugeet, fënnt ee raus, datt d’Äntwert „Nee“ ass. Hei e puer Argumenter, déi den Androck vermëttelen, d’Bibel wier wëssenschaftlech net korrekt:
Wat ee sou héiert: An der Bibel steet dach, den Universum wier a sechs 24-Stonnen-Deeg erschafe ginn.
Fakt: D’Bibel seet net, wéini genee Gott den Universum erschafen huet (1. Mose 1:1). Och d’Schöpfungsdeeg, vun deenen am 1. Mose Kapitel 1 geschwat gëtt, beschreiwen eng Zäitspan, vun där een net genee weess, wéi laang se gedauert huet. Souguer déi ganz Zäitperiod, an där den Himmel an d’Äerd gemaach goufen, gëtt een „Dag“ genannt (1. Mose 2:4).
Wat ee sou héiert: An der Bibel steet dach, d’Planze wiere scho virun der Sonn erschafe ginn. Mee ouni d’Sonn ass keng Fotosynthees méiglech (1. Mose 1:11, 16).
Fakt: D’Bibel weist, datt d’Sonn, ee vun de Stäre vum „Himmel“, scho virun de Planzen erschafe gouf (1. Mose 1:1). Diffuust Liicht vun der Sonn huet schonn den éischte Schöpfungsdag op d’Äerd geschéngt. No an no huet d’Atmosphär sech opgekläert an um drëtte Schöpfungsdag war d’Liicht staark genuch fir d’Fotosynthees ze erméiglechen (1. Mose 1:3-5, 12, 13). Awer eréischt méi spéit, konnt een d’Sonn däitlech vun der Äerd aus gesinn (1. Mose 1:16).
Wat ee sou héiert: An der Bibel steet dach, d’Sonn géif sech ronderëm d’Äerd dréien.
Fakt: A Prediger 1:5 steet: „Die Sonne geht auf, die Sonne geht unter. Dann eilt sie zurück an den Ort, wo sie wieder aufgeht.“ Hei gëtt einfach nëmme beschriwwen, wéi sech d’Sonn, vun der Äerd aus gekuckt, beweegt. Och haut schwätze mir vum „Sonnenopgang“ an „Sonnenënnergang“, och wa mir wëssen, datt sech d’Äerd eigentlech ëm d’Sonn dréit.
Wat ee sou héiert: An der Bibel steet dach, d’Äerd wier flaach.
Fakt: Wann d’Bibel vum „entferntesten Teil der Erde“ oder vun den „Enden der Erde“ schwätzt, wëllt dat net heeschen, datt d’Äerd flaach ass oder e Bord huet (Apostelgeschichte 1:8, Foussnout). Och den Ausdrock „véier Ecke vun der Äerd“ ass eng Manéier, fir d’ganz Oberfläch vun der Äerd ze beschreiwen. Sou änlech, wéi mir och haut, déi véier Himmelsrichtunge gebrauchen (Jesaja 11:12; Lukas 13:29).
Wat ee sou héiert: An der Bibel steet dach, den Ëmfang vun engem Krees wier genee dräimol sou grouss, wéi säin Duerchmiesser. Awer den exakte Wäert ass Pi (π), also ongeféier 3,1416.
Fakt: 1. Könige 7:23 an 2. Chronika 4:2 beschreiwen e Mier aus „gegossenem Metall“. Et hat en Duerchmiesser vun „10 Ellen“ an en Ëmfang vun „30 Ellen“. Dës Gréisste ware vläicht einfach ofgeronnt. Et kann awer och sinn, datt sech dës Gréissten op déi bannescht a baussescht Moosse vum Becke bezunn hunn.