LEKTIOUN 20
Wéi d’Versammlung vun echte Chrëschten organiséiert ass
Jehova ass e Gott vun der Uerdnung (1. Korinther 14:33). Also kann een dovun ausgoen, datt déi, déi Jehova ubieden, organiséiert sinn. Wéi ass d’Versammlung organiséiert? Wéi ka jiddwer Eenzelnen säin Deel dozou bäidroen?
1. Wie leet d’Versammlung?
„Christus [ist] das Haupt der Versammlung“ (Epheser 5:23). Vum Himmel aus leet Jesus d’Aktivitéite vu Jehova sengem Vollek op der ganzer Äerd. Hien huet enger klenger Grupp vu räifen Ältesten d’Verantwortung ginn: dem „treien a verstännege Sklav“, och Leedend Kierperschaft genannt. (Lies Matthäus 24:45-47.) D’Leedend Kierperschaft guidéiert haut d’Versammlungen op der ganzer Welt, genee wéi d’Apostelen an d’Ältesten zu Jerusalem am 1. Joerhonnert (Apostelgeschichte 15:2). Awer dës Männer sinn net d’Cheffe vun eiser Organisatioun. Si orientéieren sech u Jehova a sengem Wuert, a loossen sech vu Jesus féieren.
2. Wat fir eng Roll spillen Ältesten?
Älteste si räif Chrëschten. Dës Männer gebrauche beim Léieren d’Bibel a gi mat Hierte verglach, déi sech ëm Jehova säi Vollek këmmeren an hinne Mutt maachen. Si ginn net dofir bezuelt. Si maachen dat „fräiwëlleg – ... net fir en onéierleche Gewënn, mee mat Äifer“ (1. Petrus 5:1, 2, BFL). Älteste gi vun Dienstamtgehilfen ënnerstëtzt, déi mat der Zäit selwer als Ältesten dénge kënnen.
Muench Älteste gi vun der Leedender Kierperschaft zu Kreisaufseher ernannt. Si besichen d’Versammlungen, fir si am Glawen ze stäerken. Si ernennen och Männer, déi den Ufuerderungen aus der Bibel entspriechen, zu Ältesten an Dienstamtgehilfen (1. Timotheus 3:1-10, 12; Titus 1:5-9).
3. Wat ass d’Roll vu jiddwer Eenzelnen?
Alleguer an der Versammlung verherrlechen den Numm vu Jehova doduerch, datt si esou gutt wéi si kënnen, an de Versammlunge matmaachen an déi gutt Noriicht priedegen. (Lies Psalm 148:12, 13).
AN DEN DETAIL GOEN
Wéi féiert Jesus d’Versammlungen a wéi beméien sech d’Ältesten, et geneesou ze maachen? Wéi kënne mir mat Jesus an den Ältesten zesummeschaffen?
4. D’Leedung vu Jesus deet gutt
Zu wat luet Jesus eis an? Matthäus 11:28-30 liesen. Dozou dës Fro:
Wéi fillt een sech ënner Jesus senger Leedung?
Wéi maachen d’Ältesten et geneesou wéi Jesus? De VIDEO kucken.
D’Bibel weist ganz kloer, wéi Ältesten hirer Aufgab nokomme sollen.
Jesaja 32:2 an 1. Petrus 5:1-3 liesen. Dozou dës Froen:
D’Älteste beméien sech ewéi Jesus, aneren nei Kraaft ze ginn. Wéi beréiert dech dat?
Wéi kënnen d’Älteste Jesus nach imitéieren?
5. Älteste ginn e gutt Beispill
Wat erwaart Jesus vun Ältesten? De VIDEO kucken.
Jesus huet de Moossstaf festgeluecht fir déi, déi d’Versammlung leeden. Matthäus 23:8-12 liesen. Dozou dës Fro:
Wat fir e Moossstaf gëtt d’Bibel fir Ältesten a gesäis du, datt aner Reliounen sech dorun halen?
Älteste suergen dofir, datt si an hir Familljen am Glawe staark sinn
Älteste këmmeren sech ëm jiddwereen an der Versammlung
Älteste priedege reegelméisseg
Älteste léieren anerer. Si hëllefen awer och beim Botzen a bei aneren Aufgaben
6. Mat den Ältesten zesummeschaffen
D’Bibel weist, firwat et wichteg ass, mat den Ältesten zesummenzeschaffen. Hebräer 13:17 liesen. Dozou dës Froen:
Fënns du et räsonabel, datt mir op d’Älteste lauschteren an eis hinnen ënneruerdne sollen, esou wéi d’Bibel seet? Firwat oder firwat net?
Lukas 16:10 liesen. Dozou dës Fro:
Firwat ass et wichteg, mat den Ältesten esouguer bei Saachen zesummenzeschaffen, déi engem net esou wichteg virkommen?
WANN EE SEET: „Ech brauch keng Relioun, fir u Gott ze gleewen.“
Firwat mengs du, datt et gutt ass, Gott zesumme mat aneren an der Versammlung unzebieden?
FAZIT
Jesus leet d’Versammlung. D’Älteste loossen sech vu Jesus leeden. Si këmmeren sech ëm d’Versammlung a ginn e gutt Beispill. Dofir schaffe mir gär mat hinnen zesummen.
Réckbléck
Wie leet d’Versammlung?
Wat maachen d’Ältesten alles fir d’Versammlung?
Wat ka jiddwer Eenzelne maachen?
MÉI GEWUER GINN
Wéi suergen d’Leedend Kierperschaft an d’Älteste fir hir Glawensbridder?
Wat mécht e Kreisaufseher alles?
D’Liewe vun engem Kreisaufseher – op Inselen ënnerwee (4:51)
D’Roll vun der Fra an der Versammlung.
„Priedege bei den Zeie vu Jehova och Fraen?“ (Der Wachtturm, 1. September 2012)
Wéi setzen sech Älteste fir hir Glawensbridder an?
„Ältesten – Mataarbechter un eiser Freed“ (Der Wachtturm, 15. Januar 2013)