Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lffi Lektioun 2
  • D’Bibel huet eng Hoffnung

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • D’Bibel huet eng Hoffnung
  • Glécklech fir ëmmer. Interaktive Bibelcours – Aféierung
  • Ënnertitel
  • Änlecht Material
  • AN DEN DETAIL GOEN
  • FAZIT
  • MÉI GEWUER GINN
  • D’Bibel huet eng Hoffnung
    Glécklech fir ëmmer. Interaktive Bibelcours – Aféierung
  • Hal deng Hoffnung lieweg
    De Wachtturm mécht Jehova säi Kinnekräich bekannt (Studienausgab) 2022
  • Ass d’Bibel e Buch fir mech?
    Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
  • Ass d’Bibel e Buch fir mech?
    Glécklech fir ëmmer. Interaktive Bibelcours – Aféierung
Méi gesinn
Glécklech fir ëmmer. Interaktive Bibelcours – Aféierung
lffi Lektioun 2
Lektioun 2. D’Sonn geet iwwer engem Weessfeld op.

LEKTIOUN 02

D’Bibel huet eng Hoffnung

Gedréckte Versioun
Gedréckte Versioun
Gedréckte Versioun

Iwwerall op der Welt ginn et Mënschen, déi duerch Problemer trauereg sinn, an Angscht liewen a wéi hunn. Ass et eis och schonn esou ergaang? Vläicht si mir krank oder mir hunn e léiwe Mënsch duerch den Doud verluer, a stellen eis d’Fro: Geet dat ëmmer esou weider oder gëtt et jee eng Kéier besser? D’Bibel gëtt eng Äntwert, déi eis Mutt mécht.

1. Wat fir eng Hoffnung gëtt d’Bibel?

D’Bibel weist net nëmmen, firwat et haut all déi Problemer ginn. Mee si huet déi gutt Noriicht, datt et mat all dem Misär geschwënn eriwwer ass, an dat fir ëmmer. Duerch dat, wat d’Bibel versprécht, hu mir eng Zukunft an eng Hoffnung. (Lies Jeremia 29:11, 12.) Hir Verspriechen hëllefen eis haut schonn, mat Problemer eens ze ginn, positiv agestallt ze sinn a fir ëmmer glécklech ze liewen.

2. Wat versprécht d’Bibel fir d’Zukunft?

D’Bibel seet iwwer d’Zukunft: „Den Tod wird es nicht mehr geben. Auch wird es weder Trauer noch Aufschrei noch Schmerz mehr geben“. (Lies Offenbarung 21:4.) Alles wat d’Liewen haut schwéier mécht, wéi Aarmut, Ongerechtegkeet, Krankheet an Doud, gëtt et dann net méi. D’Bibel versprécht, datt mir fir ëmmer an engem Paradis op der Äerd liewe kënnen.

3. Wéi kann ee sécher sinn, datt d’Bibel Recht huet?

D’Mënschen erhoffen sech oft vill Guddes, awer op dat dann och antrëfft, dat wëssen si net. Bei der Bibel ass dat anescht. Der Bibel kann ee vertrauen. An dëst Vertraue gëtt méi grouss, wann ee genee ënnersicht, wat an der Bibel steet (Apostelgeschichte 17:11). Eréischt wann een d’Bibel studéiert, fënnt een eraus, ob een deem gleewe kann, wat si versprécht.

AN DEN DETAIL GOEN

Wat genee versprécht d’Bibel fir d’Zukunft? Wat hu mir elo schonn dovun?

Collage: Zeenen, wou géintiwwergestallt gëtt, wéi Mënschen haut esou muenches duerchmaachen a wéi et an der Zukunft ausgesäit. Dës Zeene widerhuelen sech.

4. D’Bibel versprécht éiwegt Liewen ouni Problemer a Suergen

An der Tabell ginn e puer Verspriechen opgezielt. Wat fir eng gefalen dir besonnesch gutt? A firwat?

Déi Bibeltexter liesen, déi ugefouert sinn. Dozou dës Froen:

  • Doen dës Texter dir gutt? Kéinten si och denger Famill an denge Frënn eng Hoffnung ginn?

Stell dir vir, an enger Welt ze liewen, an där

KEEN ...

JIDDWEREEN ...

  • Péng huet, al gëtt a stierwe muss (Jesaja 25:8)

  • léif Mënschen ëremgesäit, déi dout waren, an op der Äerd nees zum Liewe kommen (Johannes 5:28, 29)

  • krank ass oder eng Behënnerung huet (Jesaja 33:24; 35:5, 6)

  • gesond a voller Energie ass (Hiob 33:25)

  • ongerecht behandelt gëtt (Jesaja 32:16, 17)

  • genuch z’iessen huet, e schéint Doheem an eng Aarbecht, déi zefridde mécht (Psalm 72:16; Jesaja 65:21, 22)

  • wéinst Kricher leide muss (Psalm 46:9)

  • a Fridde lieft (Psalm 37:11)

  • geplot gëtt duerch Erënnerungen a beonrouegend Gedanken (Jesaja 65:17)

  • säi Liewe fir ëmmer genéisse kann (Psalm 37:29)

E klenge Jong, dee lo erëm gesond ass a seng Mamm ëmäerbelt. En ale Mann ass elo erëm gesond a fiert mat enger Schubbkar voller Geméis. Kanner, déi soss Honger gelidden hunn, planzen e Gaart a spille Fussball. Eng Fra, déi depressiv um Buedem sëtzt an elo laacht a glécklech ass.

5. D’Hoffnung aus der Bibel verännert d’Liewen

Wéinst de Problemer an der Welt si vill Leit frustréiert a reegen sech op. Muencher setzen alles drun, fir d’Welt ze verbesseren. Dëse Video weist, wéi d’Hoffnung aus der Bibel engem haut schonn hëlleft. De VIDEO kucken an dës Froe beschwätzen:

VIDEO: Ech wollt mech géint Ongerechtegkeet wieren (4:07)

Collage: Zeenen aus dem Video „Ech wollt mech géint Ongerechtegkeet wieren“. 1. D’Rafika pléckt Kotteng mat Leit vu senger Rass, wéi hatt kleng war. 2. D’Rafika ass begeeschtert, wéi hatt déi éischte Kéier op engem Kongress vun den Zeie vu Jehova Mënschen aus ënnerschiddleche Rassen zesummen erlieft, déi gutt mateneen eens ginn.
  • Wat huet dem Rafika Morris d’Liewe schwéier gemaach?

  • Wéi huet d’Bibel him gehollef, mat der Ongerechtegkeet, déi ronderëm hatt war, eens ze ginn?

Déi Hoffnung, déi d’Bibel fir d’Zukunft huet, gëtt eis Kraaft, wa mir de Mutt verléieren an hëlleft eis, trotz Problemer glécklech ze sinn. Sprüche 17:22 a Römer 12:12 liesen. Dozou dës Froen:

  • Kanns du dir virstellen, datt dat, wat d’Bibel versprécht, däi Liewen haut scho besser mécht? Firwat?

WANN EE SEET: „Wat d’Bibel versprécht, dat ass ze schéin, fir wouer ze sinn.“

  • Firwat ass et wichteg, sech mat de Fakten auserneenzesetzen a sech selwer dovun ze iwwerzeegen?

FAZIT

D’Bibel versprécht eng Zukunft, wou jiddweree glécklech ass, an dës Hoffnung hëlleft eis haut schonn, besser eens ze ginn.

Réckbléck

  • Firwat brauchen d’Mënschen eng Hoffnung?

  • Wat seet d’Bibel iwwer d’Zukunft?

  • Wéi hëlleft et dir haut schonn, eng Hoffnung fir d’Zukunft ze hunn?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Wéi d’Hoffnung eis bei Problemer Kraaft gëtt.

„Ännert sech duerch d’Hoffnung wierklech eppes?“ (Erwachet!, 22. April 2004)

Wéi d’Hoffnung engem hëlleft, wann ee chronesch krank ass.

„Ech si chronesch krank – kann d’Bibel mir hëllefen?“ (Online-Artikel)

Wann s du dëse Museksvideo kucks, stell dir vir, wéi s du mat denger Famill am Paradis e glécklecht Liewen hues.

Wéi schéin dann d’Liewen ass (3:37)

Duerch d’Hoffnung aus der Bibel huet sech d’Liewe vun engem Mënscherechtsaktivist verännert.

„Ech hunn net méi d’Gefill, ech misst d’Welt änneren“ (Der Wachtturm, 1. Juli 2013)

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen