LEKTIOUN 56
Als Versammlung vereent bleiwen
De Kinnek David huet geschriwwen: „Wie gut und wie angenehm ist es doch, wenn Brüder in Einheit zusammenwohnen!“ (Psalm 133:1). Mir empfanne bestëmmt och esou, wa mir mat eise Bridder zesumme sinn. Et ass keen Zoufall, datt mir vereent sinn, well jiddweree muss eppes dozou bäidroen.
1. Wat ass eenzegaarteg u Gott sengem Vollek?
Wann s du an engem anere Land an d’Versammlung gees, verstees du vläicht d’Sprooch net, awer du fills dech direkt doheem. Firwat? Well mir op der ganzer Welt mat de selwechte Publikatiounen d’Bibel studéieren a mir setzen alles drun, fir an der Versammlung een deem anere Léift ze weisen. Egal wou mir liewen, mir gehéieren zu deenen, déi „den Namen Jehovas anrufen, um ihn in Einheit anzubeten“ (Zephanja 3:9, Foussnout).
2. Wéi kanns du dozou bäidroen, datt mir vereent sinn?
„Habt tiefe, von Herzen kommende Liebe zueinander“ (1. Petrus 1:22). Wéi kanns du dat ëmsetzen? Konzentréier dech net op deenen aneren hir Schwächten, mee op hir Stäerkten. Gëff dech net nëmme mat deenen of, déi déi selwecht Interessen hunn, mee géi och op Bridder a Schwësteren duer, déi anescht sinn ewéi s du. A falls du Virurteeler hues, da setz alles drun, fir se ze iwwerwannen. (Lies 1. Petrus 2:17.)a
3. Wat méchs du, wann et zu Differenze kënnt?
Mir si vereent, awer net vollkommen. Munchmol enttäuschen oder verletze mir een deen aneren. Dowéinst seet Gott säi Wuert: „Vergebt einander [weiterhin] großzügig … So wie Jehova euch großzügig vergeben hat, sollt auch ihr es tun.“ (Lies Kolosser 3:13.) Mir hu Jehova schonn oft enttäuscht, awer hie verzeit eis gär. Dofir erwaart hien, datt och mir eise Bridder verzeien. A wann s du engem wéigedoen hues, da géi op hien duer an entschëlleg dech. (Lies Matthäus 5:23, 24.)b
AN DEN DETAIL GOEN
Wéi s du zum Fridden an zur Eenegkeet an denger Versammlung bäidroe kanns.
Wat kanns du maachen, fir Fridden ze schléissen?
4. Virurteeler iwwerwannen
Mir hunn all eis Bridder a Schwëstere gär, mee bei deenen, déi ganz anescht sinn ewéi mir, fält eis dat vläicht méi schwéier. Wat kann een da maachen? Apostelgeschichte 10:34, 35 liesen. Dozou dës Froen:
Jehova ass net parteiesch; all Aarte vu Mënsche kënnen seng Zeie ginn. Wéi kanns du Jehova imitéieren?
Wat fir Virurteeler, déi et an denger Géigend ginn, wëlls du vermeiden?
2. Korinther 6:11-13 liesen. Dozou dës Fro:
Wéi kanns du Bridder a Schwësteren, déi vun anzwousch anescht hierkommen, besser kenne léieren?
5. Bereet sinn, ze verzeien a Fridden ze schléissen
Jehova verzeit eis gär, obwuel mir him ni verzeie mussen. Psalm 86:5 liesen. Dozou dës Froen:
Wat léiere mir aus dësem Vers iwwer Jehova seng Bereetschaft ze verzeien?
Firwat bass du dankbar, wa Jehova dir verzeit?
Firwat ass et munchmol schwéier, mat anere Fridden ze halen?
Wéi kënne mir Jehova imitéieren an als Versammlung vereent bleiwen? Sprüche 19:11 liesen. Dozou dës Fro:
Wat kanns du maachen, wann s du dech iwwer een opreegs oder wann een dech verletzt huet?
Munchmol verletze mir anerer. Wat solle mir da maachen? De VIDEO kucken an dës Fro beschwätzen:
Wat huet d’Schwëster ënnerholl, fir Fridden ze schléissen?
6. Sech op dat Gutt vu senge Bridder a Schwëstere konzentréieren
Wa mir eis Bridder a Schwëstere besser kenne léieren, falen eis natierlech och hir Schwächten op. Wéi brénge mir et fäerdeg, eis op hir Stäerkten ze konzentréieren? De VIDEO kucken an dës Fro beschwätzen:
Wat kann dir hëllefen, déi positiv Säite vun denge Bridder a Schwësteren ze gesinn?
Jehova konzentréiert sech op eis gutt Eegenschaften. 2. Chronika 16:9a liesen. Dozou dës Fro:
Wéi beréiert et dech, datt Jehova sech op deng gutt Säite konzentréiert?
Och wann en Diamant kleng Feeler huet, ass en trotzdeem wäertvoll. Geneesou sinn eis Bridder a Schwësteren zwar onvollkommen, awer si si wäertvoll fir Jehova
WANN EE SEET: „Schliisslech huet hie mech getrëppelt, da soll hien och den éischte Schrëtt maachen.“
Firwat solle mir bereet sinn, aneren ze verzeien?
FAZIT
Du kanns dozou bäidroen, datt d’Versammlung vereent bleift, wann s du gär verzeis a jiddwerengem an der Versammlung Léift weis.
Réckbléck
Wéi kanns du Virurteeler iwwerwannen?
Wat méchs du, wann et zu Differenze kënnt?
Firwat wëlls du Jehova säi Beispill imitéieren an anere verzeien?
MÉI GEWUER GINN
Wat fir e Verglach huet Jesus gebraucht fir ze weisen, datt mir anerer net jugéiere sollen?
Muss een sech och entschëllegen, wann ee mengt, et hätt een näischt falsch gemaach?
„Sech entschëllegen – wichteg fir de Fridden“ (Der Wachtturm, 1. November 2002)
Wéi kann een et léieren, keng Virurteeler ze hunn?
Wéi ee Konflikter léisen an de Fridden an der Versammlung behale kann.
a D’zousätzlech Erklärung 6 weist, wat Chrëschten alles aus Léift maachen, fir keng ustiechend Krankheeten ze verbreeden.
b D’zousätzlech Erklärung 7 weist, wéi ee geschäftlech a rechtlech Affäre reegele kann.