LIDD 115
Dankbar fir Jehova seng Gedold
1. Himmlesche Papp, allmächteg, gerecht,
hues Guddes gär an haass dat Schlecht.
Du kucks op d’Äerd, gesäis vill Leed
a sou wéi eis, dir dat wéi deet.
Waarts net ze laang, hues alles am Bléck;
däin Dag steet fest, bréngs Fridden zeréck.
(REFRAIN)
Hoffnung, Jehova, kënnt vun dir;
vun Häerzen dankbar si mir dofir.
2. Deng grouss Gedold als Rettung gesinn,
doduerch deng Frënn mir konnte ginn.
Aus dëser Welt hues eis befreit;
däin Häerz sech freet, wann ee bereit.
Mir wëssen, du bass eis ëmmer no;
’t ass net méi laang, dann ass däin Dag do.
(REFRAIN)
Hoffnung, Jehova, kënnt vun dir;
vun Häerzen dankbar si mir dofir.
(Dozou och Neh. 9:30; Luk. 15:7; 2. Pet. 3:8, 9.)