Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lff Lektioun 46
  • Firwat soll ech mech Jehova higinn an deefe loossen?

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Firwat soll ech mech Jehova higinn an deefe loossen?
  • Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
  • Ënnertitel
  • Änlecht Material
  • AN DEN DETAIL GOEN
  • FAZIT
  • MÉI GEWUER GINN
  • Bass du prett, dech Jehova hinzeginn?
    De Wachtturm mécht Jehova säi Kinnekräich bekannt (Studienausgab) 2024
  • Sinn ech prett, mech deefen ze loossen?
    Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
  • Firwat sollt ech mech deefe loossen?
    De Wachtturm mécht Jehova säi Kinnekräich bekannt (Studienausgab) 2023
  • Sech deefe loossen – et lount sech
    Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
lff Lektioun 46
Lektioun 46. E Mann biet eleng.

LEKTIOUN 46

Firwat soll ech mech Jehova higinn an deefe loossen?

Gedréckte Versioun
Gedréckte Versioun
Gedréckte Versioun

Wa mir eis Jehova higinn, da versprieche mir him am Gebiet, datt mir hien an eisem Liewen op déi éischt Plaz setzen an nëmmen him déngen (Psalm 40:8). Duerch d’Daf weise mir ëffentlech, datt mir eis Jehova higinn hunn. D’Entscheedung, sech Jehova hinzeginn, ass déi Wichtegst an eisem Liewen. Wat kann dech motivéieren, dech fir Jehova ze entscheeden?

1. Wat motivéiert een, sech Jehova hinzeginn?

Et gëtt een sech Jehova hin, well een hie gär huet (1. Johannes 4:10, 19). D’Bibel fuerdert eis op: „Liebe Jehova, deinen Gott, mit deinem ganzen Herzen, mit deiner ganzen Seele, mit deinem ganzen Denken und mit deiner ganzen Kraft“ (Markus 12:30). Eis Léift zu Jehova weist sech net nëmmen duerch dat, wat mir soen, mee och duerch dat, wat mir maachen. Esou wéi eng Koppel, déi sech aus Léift bestit, esou gi mir eis Jehova hin a loossen eis deefen, well mir hie gär hunn.

2. Woufir suergt Jehova, wann ee gedeeft ass?

Wann s du dech deefe léiss, gëss du en Deel vu Jehova senger glécklecher Famill. Du erliefs dann, wéi Jehova dir op verschidde Manéieren seng Léift weist an deng Frëndschaft mat him gëtt nach méi staark. (Lies Maleachi 3:16-18.) Jehova gëtt däi Papp an du hues Bridder a Schwësteren op der ganzer Welt, déi hien an dech gär hunn. (Lies Markus 10:29, 30.) Wat muss ee maachen, fir sech deefen ze loossen? Du muss Jehova kennen, hie gär hunn an un säi Jong gleewen. An da gëss du dech Jehova hin. Wann s du dech dann deefe léiss, bass du op dem Wee, dee fir ëmmer glécklech mécht. D’Bibel seet: „Die Taufe … rettet jetzt auch euch“ (1. Petrus 3:21).

AN DEN DETAIL GOEN

Firwat ass et wichteg, sech Jehova hinzeginn an sech deefen ze loossen?

3. Jiddweree muss sech entscheeden, wiem en dénge wëll

Am alen Israel hu muncher geduecht, si kéinte Jehova an de falsche Gott Baal ubieden. Awer Jehova huet duerch säi Prophéit, den Elia, gewisen, datt dat net richteg war. 1. Könige 18:21 liesen. Dozou dës Fro:

  • Woufir hunn d’Israelitte sech missen entscheeden?

Och mir mussen eis entscheeden, wiem mir dénge wëllen. Lukas 16:13 liesen. Dozou dës Froen:

  • Firwat kënne mir net Jehova a gläichzäiteg een oder eppes anescht ubieden?

  • Wéi kënne mir Jehova weisen, datt mir eis fir hien entscheet hunn?

4. Sief dir bewosst, datt Jehova dech gär huet

Collage: E Mann denkt un dat, wat Gott him ginn huet. 1. Léift, duergestallt duerch d’Léift vun enger Mamm zu hirem Bëbee. 2. Leckert Iessen, duergestallt duerch vill verschidden Uebst- a Geméiszorten. 3. D’Bibel. 4. Jesus Christus säin Affer als Léisegeld.

Jehova huet eis vill wäertvoll Geschenker ginn. Wat kënne mir him ginn? De VIDEO kucken.

VIDEO: Wat mir Jehova schenke kënnen (3:04)

Wéi huet Jehova dir scho gewisen, datt hien dech gär huet? Psalm 104:14, 15 an 1. Johannes 4:9, 10 liesen. Dozou dës Froen:

  • Fir wéi eng Geschenker bass du Jehova besonnesch dankbar?

  • Wéi empfënns du fir Jehova, wann s du iwwer dës Geschenker nodenks?

Wann een eis eppes schenkt, wouriwwer mir eis freeën, da wëlle mir deemjéinegen och weisen, datt mir dankbar sinn. 5. Mose 16:17 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wann s du un dat denks, wat Jehova scho fir dech gemaach huet, wat wëlls du him da ginn?

5. Sech Jehova hinzeginn, bréngt vill Guddes

Vill Leit mengen, datt et glécklech mécht, eng Karriär ze maachen a räich oder berüümt ze sinn. Stëmmt dat? De VIDEO kucken an dës Froe beschwätzen:

VIDEO: De Fussball war mäi Liewen (5:45)

Collage: Zeenen aus dem Video „Fussball war mäi Liewen“. 1. Den Andrij mécht mat sengem Bibelcours weider. 2. Den Andrij priedegt zesumme mat sengem Meedchen.
  • Firwat huet de Brudder seng Karriär als Fussballsspiller opginn, obwuel hien de Fussball esou gär hat?

  • Hien huet sech entscheet, fir Jehova ze liewen an net fir de Sport. Denks du, datt hien sech richteg entscheet huet? Firwat?

Den Apostel Paulus hat eng villverspriechend Karriär virun sech, éier hien e Chrëscht gouf. Hien huet bei engem berüümte Mann dat jüddescht Recht studéiert. Hien huet all dat hannert sech gelooss, fir e Chrëscht ze ginn. Huet hien dat jeemools bereit? Philipper 3:8 liesen. Dozou dës Froen:

  • Firwat huet de Paulus gesot, datt dat, wat hien opginn huet, „eine Menge Abfall“ war?

  • Wat krut hien amplaz?

  • Wat ass denger Meenung no besser: Fir Jehova ze liewen oder aner Ziler ze hunn? Firwat denks du esou?

Collage: 1. De Saulus als Pharisäer ass vu sech selwer iwwerzeegt, spéider Paulus genannt. 2. Den treien Apostel Paulus schreift e Bréif un aner Chrëschten.

Wéi de Paulus e Chrëscht gouf, huet hie méi kritt, wéi hien opginn huet

WANN EE SEET: „Ech weess, datt dat d’Wouerecht ass, awer ech wëll mech net festleeën.“

  • Denks du, datt et déi richteg Entscheedung ass, sech Jehova hinzeginn? Firwat?

FAZIT

Mir ginn eis Jehova hin a loossen eis deefen, well mir hie gär hunn.

Réckbléck

  • Firwat verdéngt Jehova et, datt mir hie vu ganzem Häerze gär hunn an nëmmen hien ubieden?

  • Woufir suergt Jehova, wann ee gedeeft ass?

  • Wëlls du dech Jehova higinn?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Eng Sängerin an e Sportler erzielen, firwat si sech fir Jehova decidéiert hunn.

Jonk Leit froen: Wat maachen ech aus mengem Liewen? – Réckbléck (6:54)

Firwat et näischt Besseres gëtt, wéi sech Jehova hinzeginn.

„Sech Jehova hinzeginn: Firwat esou wichteg?“ (Der Wachtturm, 15. Januar 2010)

An dësem Museksvideo gëtt gewisen, wéi glécklech an zefridden et mécht, fir Jehova ze liewen.

Mäi Liewe ginn ech dir (4:30)

An dem Artikel „Ech hu mech jorelaang gefrot: ‚Firwat liewe mir iwwerhaapt?‘“ erzielt eng Fra, firwat si hir Prioritéite geännert huet.

„D’Bibel verännert Liewen“ (Der Wachtturm, 1. November 2012)

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen