GESCHICHT 1
Gott mécht den Himmel an d’Äerd
Jehova Gott ass eise Schëpfer. Hien huet alles gemaach. Alles, wat mir gesinn an och alles, wat mir net gesinn. Éier hien déi Saache gemaach huet, déi mir kënne gesinn, huet hi ganz, ganz vill Engele gemaach. Weess du wat Engele sinn? Engele si Persounen, déi esou änlech sinn ewéi Jehova. Mir kënnen si net gesinn, geneesou wéi mir Gott net kënne gesinn. Den éischten Engel, dee Jehova mécht, hëlleft him bei allem. Dësen Engel hëlleft Jehova d’Stären, d’Planéiten an all déi aner Saachen ze maachen. Ee vun dëse Planéiten ass eis wonnerschéin Äerd – do wou mir wunnen.
Jehova preparéiert d’Äerd, fir datt Mënsch an Déier dorop liewe kënnen. Hie léisst d’Sonn op d’Äerd schéngen an hie mécht d’Bierger, d’Flëss an d’Mier.
Wat geschitt dann? Jehova seet: »Elo maachen ech Gras, Planzen a Beem.« Vill verschidde Saache fänken u mat wuessen: Uebst, Geméis a Blummen. Da mécht Jehova all d’Déieren: Déieren, déi fléien, schwammen, krabbelen a krauchen. Hie mécht kleng Déieren ewéi Kanéngercher an och grouss Déieren ewéi Elefanten. Wat ass däi Liblingsdéier?
Da seet Jehova dem éischten Engel: »Mir wëlle Mënsche maachen.« Hie wëll, datt d’Mënschen anescht sinn ewéi d’Déieren: Si kënne Saachen erfannen a si kënne schwätzen, laachen a bieden. Si kucken no den Déieren an no der Äerd. Weess du, wien den éischte Mënsch ass? Komm, mir kucken emol.
„Am Ufank huet Gott Himmel an Äerd erschaf“ (1. Mose 1:1)