Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lfb Geschicht 15 S. 42-S. 43 Abs. 3
  • Jehova vergësst de Joseph net

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Jehova vergësst de Joseph net
  • Léier vun de Geschichten aus der Bibel
  • Änlecht Material
  • E Sklav lauschtert op Gott
    Léier vun de Geschichten aus der Bibel
  • Jehova schenkt dir Erfolleg
    De Wachtturm mécht Jehova säi Kinnekräich bekannt (Studienausgab) 2023
Léier vun de Geschichten aus der Bibel
lfb Geschicht 15 S. 42-S. 43 Abs. 3
De Joseph erkläert dem Pharao, wat seng Dreem bedeiten

GESCHICHT 15

Jehova vergësst de Joseph net

Wärend de Joseph am Prisong ass, huet de Pharao, de Kinnek vun Ägypten, komesch Dreem, déi kee Mënsch versteet. Awer ee vu sengen Dénger erzielt him, datt de Joseph him seng Dreem erkläre kann. Also rifft de Pharao de Joseph direkt bei sech.

De Pharao freet hien: »Kanns du mir soen, wat meng Dreem bedeiten?« De Joseph äntwert: »An Ägypte gëtt et siwe Joer laang méi wéi genuch z’iessen. Dono komme siwe Joer Hongersnout. Sich dir also e gescheite Mann aus, dee Reserven uleet, fir datt däi Vollek net erhéngert.« De Pharao seet: »Ech wielen dech aus! Du gëss no mir de wichtegste Mann an Ägypten!« Firwat kann de Joseph dem Pharao soen, wat seng Dreem bedeiten? Well Jehova him hëlleft.

De Joseph stellt Männer un, Liewensmëttelreserven unzeleeën

Déi nächst siwe Joer sammelt de Joseph Saache fir z’iessen. An da kënnt déi grouss Hongersnout op der ganzer Äerd, esou ewéi de Joseph et gesot huet. D’Leit komme vun iwwerall, fir vun him Iessen ze kafen. Och de Jakob, dem Joseph säi Papp, héiert dovun a schéckt zéng vu senge Jongen an Ägypten.

Wéi si beim Joseph ukommen, erkennt hien si direkt. Awer si erkennen hien net a verneige sech virun him, esou wéi hien dat Jore virdru gedreemt hat. De Joseph wëll erausfannen, ob seng Bridder nach ëmmer esou gemeng sinn. Dowéinst seet hien hinnen: »Dir sidd Spiounen! Dir wëllt dach nëmmen erausfannen, wou déi schwaach Plazen an eisem Land sinn, fir eis unzegräifen.« Si soen: »Nee, dat stëmmt net! Mir sinn 12 Bridder aus Kanaan. Een ass dout an dee Jéngsten ass bei eisem Papp.« De Joseph seet dunn: »Bréngt äre jéngste Brudder bei mech an da gleewen ech iech.« Also gi si erëm heem.

Wéi d’Iessen nees knapp gëtt, schéckt de Jakob seng Jongen erëm an Ägypten. Dës Kéier huele si de Benjamin, hire jéngste Brudder mat. Fir seng Bridder ze testen, verstoppt de Joseph säi Becher aus Sëlwer am Käresak vum Benjamin a beschëllegt seng Bridder e geklaut ze hunn. Dem Joseph seng Dénger duerchwullen dem Benjamin säi Sak a fannen de Becher. Seng Bridder si schockéiert. Si biedelen de Joseph un, net de Benjamin ze bestrofen, mee si.

Elo weess de Joseph, datt seng Bridder sech geännert hunn. Hie ka seng Gefiller net méi zeréckhalen a fänkt u mat kräischen. Hie seet: »Ech sinn de Joseph, äre Brudder. Lieft mäi Papp nach?« Seng Bridder kënnen et net gleewen. Fir ze weisen, datt hien hinne verzien huet, seet hien: »Fillt iech net schlecht wéinst deem, wat dir mat mir gemaach hutt. Gott huet mech heihi geschéckt, fir äert Liewen ze retten. Gitt elo séier mäi Papp sichen.«

Si maache sech schnell op den Heemwee an erzielen hirem Papp déi gutt Noriicht. Dono brénge si hien an Ägypten. Endlech kann de Joseph, no esou laanger Zäit, erëm mat sengem Papp zesumme sinn.

De Joseph a säi Papp, de Jakob, si frou sech erëmzegesinn a begréissen sech

„Wann dir aneren awer hir Feeler net verzeit, da verzeit äre Papp am Himmel iech och net“ (Matthäus 6:15)

Froen: Wéi hëlleft Jehova dem Joseph? Wéi weist de Joseph, datt hien senge Bridder verzien huet?

1. Mose 40:1–45:28; 46:1-7, 26-34; Psalm 105:17-19; Apostelgeschichte 7:9-15

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen