GESCHICHT 27
Si rebelléiere géint Jehova
No enger Zäit an der Wildnis rebelléieren de Korah, den Dathan, den Abiram an 250 aner Israelitte géint de Moses an den Aaron. Si soen zu him: »Mir hunn es genuch mat iech! Firwat soll grad de Moses eis leeden an den Aaron den Ieweschte Priister sinn? Jehova ass mat eis alleguer, net nëmme mat dir an dem Aaron!« Dat gefält Jehova guer net. Fir hien ass et esou, wéi wann si géint hie perséinlech rebelléiere géifen!
De Moses seet zum Korah a senge Sympathisanten: »Kommt muer bei d’Zelt vun der Versammlung a bréngt är Feierbehälter mam Weirauch mat. Jehova weist eis dann, wien hien ausgewielt huet.«
Den nächsten Dag ginn de Korah an déi 250 Männer bei d’Zelt vun der Versammlung, fir de Moses ze treffen. Do verbrenne si Weirauch, wéi wa si Priistere wieren. Jehova seet zum Moses an dem Aaron: »Gitt vum Korah a senge Männer ewech.«
De Korah geet bei d’Zelt vun der Versammlung, awer den Dathan, den Abiram an hir Famillje wëllen net dohigoen. Jehova seet den Israelitten, si solle vun den Zelter vum Korah, Dathan an Abiram ewechgoen. D’Israelitte follegen direkt. Den Dathan, den Abiram an hir Famillje sti virun hiren Zelter. Op eemol geet de Buedem op a schléckt si of. Beim Zelt vun der Versammlung kënnt e Feier vum Himmel erof a verbrennt de Korah a seng 250 Männer.
Jehova seet dem Moses: »Huel vun all Stamm de Staf vun hirem Leader a schreif säin Numm dorop. Awer op de Staf vum Stamm Levi solls du dem Aaron säin Numm schreiwen. Lee d’Stief an d’Zelt vun der Versammlung. De Staf vun deem Mann, deen ech auswielen, kritt Bléien.«
Den nächsten Dag hëlt de Moses all d’Stief a weist se de Leaderen. Dem Aaron säi Staf huet Bléien an zeideg Mandelen. Esou bestätegt Jehova, datt hien den Aaron als Ieweschte Priister ausgewielt huet.
„Follegt deenen, déi iech leeden, an uerdent iech hinnen ënner“ (Hebräer 13:17, BFL)