GESCHICHT 6
Aacht Mënschen iwwerliewen d’Sintflut
Den Noah, seng Famill an d’Déiere ginn an d’Arch. Jehova mécht d’Dier zou an et fänkt u mat reenen. Et reent esou vill, datt d’Arch ufänkt mat schwammen. Mat der Zäit ass déi ganz Äerd mat Waasser bedeckt. All déi béis Mënsche stierwen. Mee den Noah a seng Famill sinn an der Arch sécher. Kanns du dir virstellen, wéi frou si sinn, datt si op Jehova gelauschtert hunn?
Et reent 40 Deeg a 40 Nuechte ganz staark. Dann hält et op mat reenen an d’Waasser geet lues a lues zeréck. Schlussendlech bleift d’Arch op engem Bierg stoen. Mee well nach iwwerall vill Waasser ass, kënnen den Noah a seng Famill net direkt aus der Arch erausgoen.
Lues a lues verschwënnt d’Waasser. Den Noah a seng Famill si scho méi wéi e Joer an der Arch. Da seet Jehova, datt si kënnen erausgoen. Dobausse gesäit et aus ewéi an enger neier Welt. Den Noah a seng Famill si Jehova immens dankbar, datt hien si gerett huet. Dowéinst brénge si him en Affer duer.
Jehova freet sech iwwer d’Affer. Hie versprécht, datt hien ni méi alles op der Äerd duerch eng Flut zerstéiert. Als Zeeche vu sengem Versprieche léisst hien den éischte Reebou am Himmel erschéngen. Hues du schonn eng Kéier e Reebou gesinn?
Jehova seet dem Noah a senger Famill och, si solle Kanner kréien, fir datt iwwerall op der Äerd Mënsche sinn.
„D’Mënschen … hu keng Notiz geholl, bis d’Flut koum a si all matgerappt huet“ (Matthäus 24:38, 39)