Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lff Lektioun 25
  • Wat fir e Liewen huet Gott fir eis virgesinn?

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Wat fir e Liewen huet Gott fir eis virgesinn?
  • Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
  • Ënnertitel
  • Änlecht Material
  • AN DEN DETAIL GOEN
  • FAZIT
  • MÉI GEWUER GINN
  • Wien ass Gott?
    Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
  • Wéi huet d’Liewen ugefaangen?
    Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
  • Wat ass de Sënn vum Liewen?
    Äntwerten op Froen zu der Bibel
  • Wéi ka Jesus säin Doud eis retten?
    Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
Méi gesinn
Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
lff Lektioun 25
Lektioun 25. D’Äerd vum Universum aus.

LEKTIOUN 25

Wat fir e Liewen huet Gott fir eis virgesinn?

Gedréckte Versioun
Gedréckte Versioun
Gedréckte Versioun

D’Bibel seet, datt d’Mënschen e „kuerzt Liewe voller Problemer“ hunn (Hiob 14:1). Wollt Gott dat? Wann net, wat huet hien da fir eis virgesinn an trëtt dat jeemools an? D’Äntwerten an der Bibel maache Mutt.

1. Wat wënscht sech Gott fir eis?

Jehova wënscht sech fir eis dat beschtent Liewen. Wéi hien déi éischt Mënschen, Adam an Eva, erschafen huet, huet hien si an e schéint Paradis gesat, de Gaart Eden. „[Dann] segnete Gott sie und sagte zu ihnen: ‚Seid fruchtbar und vermehrt euch, bevölkert die Erde und nehmt sie in Besitz‘“ (1. Mose 1:28). Jehova wollt, datt si Kanner hunn, sech ëm d’Déiere këmmeren an aus der ganzer Äerd e Paradis maachen. D’Mënsche sollten all komplett gesond sinn a fir ëmmer liewen.

Och wann eist Liewen haut ganz anescht ausgesäit, huet sech näischt u Gott sengem Plang geännert (Jesaja 46:10, 11).a Hie wëll nach ëmmer, datt trei Mënschen éiweg liewen, an dat ënner ideale Konditiounen. (Lies Offenbarung 21:3, 4.)

2. Wéi ass en erfëllt Liewen haut scho méiglech?

Jehova huet eis mat dem Besoin erschafen, hien ze kennen an unzebieden – mir brauche Jehova an eisem Liewen. (Lies Matthäus 5:3-6.) Hie wëll, datt mir seng Frënn sinn, op all senge Weeër ginn, hie gär hunn an him mat ganzem Häerzen déngen (5. Mose 10:12; Psalm 25:14). Wa mir dat maachen, kënne mir wierklech glécklech sinn trotz de Problemer, déi mir hunn. Jehova ze dénge gëtt eisem Liewen en echte Sënn.

AN DEN DETAIL GOEN

Jehova huet aus Léift zu eis d’Äerd wonnerschéi gemaach. An d’Bibel weist eis, wat de Sënn vum Liewen ass.

Den Adam an d’Eva kucken op hiert schéint Doheem, e Paradis mat Déieren an üppeger Vegetatioun.

3. Jehova huet eppes Wonnerbares mat eis vir

De VIDEO kucken an dës Fro beschwätzen:

VIDEO: Firwat huet Gott d’Äerd gemaach? (Ausschnëtt) (1:41)

  • Firwat huet Jehova eise wonnerschéine Planéit erschafen?

Prediger 3:11 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wat ass Gott säi Wëlle fir eis?

4. Jehova säi Plang huet sech net geännert

Psalm 37:11, 29 a Jesaja 55:11 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wouhier wësse mir, datt sech Jehova säi Plang net geännert huet?

A. En Haus, dat verkomm ass. Den Daach fält zesummen, d’Fënstere si futti an de Gaart ass voll mat Knascht. B. Dat selwecht Haus, elo renovéiert, ass schéin a propper ugeluecht.

En Haus, dat verkomm ass, kann erëm renovéiert ginn. Esou ass et och mat der Äerd: D’Mënschen hunn si ruinéiert, awer Gott mécht si erëm zu engem Paradis fir déi, déi hie gär hunn

5. Jehova ze dénge gëtt eisem Liewen en echte Sënn

De Sënn vum Liewen ze kenne mécht eis glécklech. De VIDEO kucken an dës Fro beschwätzen:

VIDEO: Ech hunn de Sënn vum Liewe kenne geléiert (5:03)

  • Wat hat d’Terumi dovun, de Sënn vum Liewe kennen ze léieren?

Prediger 12:13 liesen. Dozou dës Fro:

  • Jehova huet esou vill fir eis gemaach. Wéi kënne mir him weisen, datt mir dankbar sinn?

WANN EE FREET: „Wat ass de Sënn vum Liewen?“

  • Wat géifs du äntweren?

FAZIT

Jehova wëll, datt mir glécklech sinn an ënner ideale Konditioune fir ëmmer op der Äerd liewen. Wa mir him mat ganzem Häerzen déngen, huet eist Liewen haut schonn en echte Sënn.

Réckbléck

  • Wat hat Jehova fir den Adam an d’Eva virgesinn?

  • Wouhier wësse mir, datt sech Gott säi Plang fir d’Mënschen net geännert huet?

  • Wéi kann een en echte Sënn am Liewe fannen?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Ass et de Gaart Eden wierklech ginn?

„De Gaart Eden – Mythos oder Tatsaach?“ (Der Wachtturm, 1. Januar 2011)

Firwat mir sécher kënne sinn, datt d’Äerd fir ëmmer bestoe bleift.

„Gëtt d’Äerd eng Kéier zerstéiert?“ (Online-Artikel)

Wat d’Bibel iwwer de Sënn vum Liewe seet.

„Wat ass de Sënn vum Liewen?“ (Online-Artikel)

E Mann, dee gemengt huet, alles ze hunn, huet dunn erausfonnt, wat him am Liewe gefeelt huet.

Elo huet mäi Liewen en echte Sënn (3:55)

a An der nächster Lektioun gëtt ee gewuer, firwat d’Liewen haut net esou ausgesäit.

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen