Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lff Lektioun 11
  • Wéi s du am meeschte vun der Bibel profitéiers

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Wéi s du am meeschte vun der Bibel profitéiers
  • Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
  • Ënnertitel
  • Änlecht Material
  • AN DEN DETAIL GOEN
  • FAZIT
  • MÉI GEWUER GINN
  • Ass d’Bibel e Buch fir mech?
    Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
  • Ass d’Bibel e Buch fir mech?
    Glécklech fir ëmmer. Interaktive Bibelcours – Aféierung
  • Lief no Gott sengem Wuert
    De Wachtturm mécht Jehova säi Kinnekräich bekannt (Studienausgab) 2024
Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
lff Lektioun 11
Lektioun 11. Eng Fra mécht eng Paus vun hirer Hausaarbecht a liest an der Bibel.

LEKTIOUN 11

Wéi s du am meeschte vun der Bibel profitéiers

Gedréckte Versioun
Gedréckte Versioun
Gedréckte Versioun

Stoungs du schonn emol virun engem grousse Projet an du wousst net, wou s du ufänke solls? Fir dir et méi einfach ze maachen, hues du dir d’Aarbecht opgedeelt an et esou no an no geschafft. Beim Liesen an der Bibel geet et dir vläicht d’selwecht an du frees dech: „Wou soll ech nëmmen ufänken?“ An dëser Lektioun gëtt op eng praktesch Aart gewisen, wéi et Freed mécht, d’Bibel ze liesen an ze studéieren.

1. Firwat soll ee reegelméisseg an der Bibel liesen?

Wann ee reegelméisseg an der Bibel liest, am „Gesetz Jehovas“, mécht dat ee glécklech an et huet ee méi Erfolleg am Liewen. (Lies Psalm 1:1-3.) Fir unzefänken, probéier all Dag just e puer Minutten dran ze liesen. Wat s du d’Bibel ëmmer besser kenne léiers, wat s du méi Freed beim Liesen hues.

2. Wéi profitéiers du am meeschte vum Liesen an der Bibel?

Fir wierklech eppes vum Liesen an der Bibel ze hunn, ass et wichteg, sech ëmmer erëm Zäit ze huelen, iwwer dat nozedenken, wat ee gelies huet. Et soll een also an der Bibel liesen an déif doriwwer nodenken (Josua 1:8, Foussnout). Beim Liese kéint een sech froen: „Wat seet dësen Text iwwer Jehova? Wéi kann ech dat a mengem Liewen ëmsetzen? Wéi kann ech engem aneren domat hëllefen?“

3. Wéi fënnt een Zäit, an der Bibel ze liesen?

Fält et dir schwéier, Zäit ze fannen, an der Bibel ze liesen? Anere geet et och esou. D’Bibel seet: „Maacht dat Bescht aus ärer Zäit“ (Epheser 5:16). Du kéints dir zum Beispill eng fest Zäit am Dag reservéieren, fir an der Bibel ze liesen. Munchereen hëlt sech moies fréi Zäit dofir. Een aneren am Laf vum Dag, vläicht an der Mëttespaus. A muencher liesen owes an der Bibel. Wéini wier déi bescht Zäit fir dech?

AN DEN DETAIL GOEN

Wat kann ee maachen, fir datt d’Liese vun der Bibel méi interessant gëtt? Wéi bereet een sech op de Bibelcours vir, esou datt een am meeschten dovun huet?

Collage: E Jong gewinnt sech am Laf vun der Zäit un en Iessen. 1. De Jong spillt mam Iessen. 2. Méi spéit am Liewen, ësst hien et. 3. Wéi hie méi al ass, genéisst hien d’Iessen.

Esou wéi ee beim Iessen op de Goût kënnt, esou kann een och beim Liese vun der Bibel op de Goût kommen

4. Freed kréien um Bibelliesen

Mam Bibelliesen unzefänken ass vläicht net einfach. Mee grad ewéi bei engem Iessen, wat een nach net kennt, kann ee mat der Zäit op de Geschmaach kommen. 1. Petrus 2:2 liesen. Dozou dës Fro:

  • Mengs du, all Dag an der Bibel ze liesen, kéint eppes ginn op dat s du dech frees?

Verschidde Leit erzielen, wéi si Freed um Bibelliese kritt hunn. De VIDEO kucken an dës Froe beschwätzen:

VIDEO: Wéi jonk Leit Freed fonnt hunn, an der Bibel ze liesen (5:33)

  • Wat huet et hinnen am Ufank schwéier gemaach?

  • Wéi hunn si et fäerdeg bruecht, reegelméisseg an der Bibel ze liesen?

  • Wat maachen si, fir datt hiert Bibelliese méi interessant gëtt?

5 Tipps fir mam Bibelliesen unzefänken:

  • Eng zouverlässeg a modern Bibeliwwersetzung eraussichen. Zum Beispill: Die Bibel. Neue-Welt-Übersetzung.

  • Mat engem Deel vun der Bibel ufänken, deen dech besonnesch interesséiert. Iddien dozou fënnt een ënner: „Mam Bibelliesen ufänken“.

  • Sech notéieren, wat ee scho gelies huet. Eng Hëllef dobäi ass „Mäi perséinlecht Bibelliesen“.

  • D’JW Library®-App gebrauchen. Mat dëser App kann een d’Bibel liesen oder lauschteren, wéini a wou ee wëll.

  • Den Anhang vun der Neuen-Welt-Übersetzung gebrauchen. Do fënnt ee Kaarten, Tabellen an Erklärungen zu Wierder, déi d’Liese méi interessant maachen.

5. Bereet dech op de Bibelcours vir

Psalm 119:34 liesen. Dozou dës Fro:

  • Firwat ass et gutt ze bieden, éier een an der Bibel liest oder sech op de Bibelcours virbereet?

Wéi kanns du am meeschte vum Bibelcours hunn? Beim Virbereeden op eng Lektioun kéints du Follgendes probéieren:

  1. Lies d’Abschnitter vum éischten Deel vun der Lektioun.

  2. Lies d’Bibeltexter an iwwerlee, wéi si mam Theema zesummenhänken.

  3. Markéier d’Wierder oder deen Deel vum Saz, deen d’Fro beäntwert. Dat hëlleft dir, déi wichteg Punkte méi liicht erëmzefannen, wann s du d’Lektioun mat dengem Bibellehrer beschwätz.

Collage: Eng Fra bereet sech op de Bibelcours vir. A. Si liest den éischten Deel vun der Lektioun. B. Si markéiert sech Wierder an Deeler vu Sätz an der Lektioun.

Gutt ze wëssen

D’Zeie vu Jehova hunn am Laf vun de Jore verschidde Bibeliwwersetzunge gebraucht. Si schätze besonnesch d’Neue-Welt-Übersetzung, well si genee a verständlech ass, an den Numm vu Gott dra steet. (Dozou den Online-Artikel „Hunn d’Zeie vu Jehova hir eege Bibel?“.)

WANN EE SEET: „Ech hu weeder d’Zäit nach d’Energie, mech esou intensiv mat der Bibel ze beschäftegen.“

  • Wéi gesäis du dat?

FAZIT

Am meeschten huet ee vun der Bibel, wann een sech eng fest Zäit reservéiert, fir si ze liesen, sech op de Bibelcours virbereet a Gott ëm Hëllef freet, fir dat ze verstoen, wat ee liest.

Réckbléck

  • Wat kanns du maachen, fir esou vill wéi méiglech vun dengem Bibelliesen ze hunn?

  • Wéini kanns du dir Zäit huelen, fir an der Bibel ze liesen an si ze studéieren?

  • Firwat ass et gutt, sech op de Bibelcours virzebereeden?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Wéi kann d’Liesen an der Bibel fir ee selwer méi interessant ginn?

„D’Bibel liesen a verstoen“ (Der Wachtturm, Nr. 1, 2017)

Verschidde Méiglechkeeten, d’Bibel ze liesen.

„Wéi kann d’Bibel mir hëllefen? – Deel 1: Seng eege Bibel entdecken“ (Online-Artikel)

E Bibelliesen, dat Freed mécht.

„Wéi kann d’Bibel mir hëllefen? – Deel 2: Wéi d’Liesen an der Bibel Spaass mécht“ (Online-Artikel)

Persounen, déi scho säit laangem an der Bibel liesen, gi gutt Tipps.

Méi aus sengem Bibelstudium maachen (2:06)

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen