Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lff Lektioun 4
  • Wien ass Gott?

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Wien ass Gott?
  • Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
  • Ënnertitel
  • Änlecht Material
  • AN DEN DETAIL GOEN
  • FAZIT
  • MÉI GEWUER GINN
  • Wéi wichteg ass Jehova säin Numm fir dech?
    De Wachtturm mécht Jehova säi Kinnekräich bekannt (Studienausgab) 2025
  • Wat fir e Liewen huet Gott fir eis virgesinn?
    Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
lff Lektioun 4
Lektioun 4. Den Universum mat senge Galaxien a Stären duerch den Teleskop gekuckt.

LEKTIOUN 04

Wien ass Gott?

Gedréckte Versioun
Gedréckte Versioun
Gedréckte Versioun

Säit et Mënsche gëtt, gi vill verschidde Gëtter ugebiet. Awer d’Bibel seet, datt et e Gott gëtt, dee méi grouss ass ewéi all déi aner (2. Chronika 2:5). Wien ass dat? Firwat ass hie méi grouss ewéi all déi aner Gëtter? An dëser Lektioun gesi mir, wéi mir dëse Gott kënne kenne léieren.

1. Wéi ass Gott säin Numm? Ass et Gott wichteg, datt mir säin Numm kennen?

An der Bibel stellt Gott sech mat sengem Numm vir, wann hie seet: „Ich bin Jehova. Das ist mein Name.“ (Lies Jesaja 42:5, 8.) Den Numm Jehova kënnt aus dem Hebräeschen a muench Geléierter soen, e bedeit „Er lässt werden“. Jehova wëll, datt mir säin Numm kennen (2. Mose 3:15). Firwat wësse mir dat? Well hien säin Numm iwwer 7 000 Mol an der Bibel opschreiwe gelooss huet.a Den Numm Jehova gehéiert deem Gott, deen „uewen am Himmel an ënnen op der Äerd ... de richtege Gott ass“ (5. Mose 4:39).

2. Wat gi mir an der Bibel iwwer Jehova gewuer?

D’Bibel seet, Jehova ass den eenzeg richtege Gott. Dofir gëtt et gutt Grënn. Jehova huet onbegrenzten Autoritéit an ass „der Höchste ... über die ganze Erde“. (Lies Psalm 83:18.) Hien ass den „allmächtege Gott“. Hien huet also d’Muecht, alles ze maachen, wat hie wëll. Hien huet „alles erschafen“ – den Universum an alles, wat lieft (Offenbarung 4:8, 11, BFL). Nëmme Jehova huet schonn ëmmer existéiert an existéiert fir ëmmer (Psalm 90:2).

AN DEN DETAIL GOEN

Wat ass den Ënnerscheed tëschent den Titelen, déi et fir Gott gëtt, a sengem Numm? Wéi a firwat huet hien eis säin Numm matgedeelt?

E Mann ass faszinéiert vum Himmel an der Nuecht. Um Himmel ass den Numm Jehova ze gesinn.

3. Et gi vill Titele fir Gott, awer hien huet nëmmen een Numm

De Video weist den Ënnerscheed tëschent enger Bezeechnung oder Titel vun enger Persoun an engem Numm. De VIDEO kucken an dës Fro beschwätzen:

VIDEO: Vill Bezeechnungen, awer nëmmen een Numm (0:41)

  • Wat ass den Ënnerscheed tëschent enger Bezeechnung an engem Numm?

D’Bibel seet, datt vill verschidde Gëtter an Hären ugebiet ginn. Psalm 136:1-3 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wien ass de „Gott der Götter“ an den „Herr der Herren“?

4. Jehova wëll, datt mir säin Numm kennen a gebrauchen

Firwat wësse mir dat? De VIDEO kucken an dës Froe beschwätzen:

VIDEO: Huet Gott en Numm? (Ausschnëtt) (3:11)

Eng Zeen aus dem Video „Huet Gott e Numm?“ (Ausschnëtt). E Mann kuckt sech an der King-James-Bibel vu 1611 de Numm, Jehova, un.
  • Wëll Jehova, datt een säin Numm kennt? Firwat denks du esou?

Jehova ass et wichteg, datt een säin Numm gebraucht. Römer 10:13 liesen. Dozou dës Froen:

  • Firwat ass et esou wichteg, Gott säin Numm, Jehova, ze gebrauchen?

  • Wéi fills du dech, wann een sech un däin Numm erënnert an dech domat uschwätzt?

  • Wat mengs du, wéi Jehova sech fillt, wann s du säin Numm gebrauchs?

5. Jehova wëll, datt s du hie besser kenne léiers

Wéi eng Fra aus Kambodja den Numm vu Gott kenne geléiert huet, huet si gesot: „Dat ass dat beschte Gefill vun der Welt“. De VIDEO kucken an dës Fro beschwätzen:

VIDEO: Op der Sich nom richtege Gott (8:18)

Collage: Zeenen aus dem Video „Op der Sich nom richtege Gott“. 1. D’Soten sëtzt ënnert Beem am Bësch, kuckt an den Himmel a biet zum richtege Gott. 2. Den Herold erzielt dem Soten, datt Gott säin Numm Jehova ass.
  • Wéi huet sech d’Soten gefillt, wéi hatt gewuer gouf, wéi Gott heescht?

Eng Frëndschaft fänkt oft domat un, datt een deem anere seet, wéi en heescht. Jakobus 4:8a liesen. Dozou dës Froen:

  • Zu wat invitéiert Jehova dech?

  • Fills du dech Gott méi no, wann s du säin Numm kenns a gebrauchs? Firwat?

WANN EE SEET: „Et gëtt jo nëmmen ee Gott. Et ass dach egal, wéi mir hien nennen.“

  • Bass du iwwerzeegt, datt den Numm vu Gott Jehova ass?

  • Wéi géifs du erklären, firwat et Gott wichteg ass, datt mir säin Numm gebrauchen?

FAZIT

Den Numm vum eenzeg richtege Gott ass Jehova. Hie wëll, datt mir säin Numm kennen a gebrauchen, well doduerch entsteet eng Frëndschaft mat him.

Réckbléck

  • Firwat ass Jehova anescht ewéi all déi aner Gëtter?

  • Firwat solle mir Gott säin Numm gebrauchen?

  • Wëll Jehova, datt s du hie besser kenne léiers? Firwat denks du esou?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Fënnef iwwerzeegend Argumenter, datt Gott existéiert.

„Gëtt et e Gott?“ (Online-Artikel)

Gott huet schonn ëmmer existéiert. Firwat et Sënn mécht, dat ze gleewen.

„Wien huet Gott erschafen?“ (Der Wachtturm, 1. August 2014)

Soll ee Gott säin Numm gebrauchen, och wann een net genee weess, wéi en ursprénglech ausgeschwat gouf?

„Wien ass Jehova?“ (Online-Artikel)

Spillt et eng Roll, wéi ee Gott nennt? Firwat kann ee soen, datt hien nëmmen een Numm huet?

„Wéi vill Nimm huet Gott?“ (Online-Artikel)

a Méi Detailer iwwer d’Bedeitung vu Gott sengem Numm, a firwat en a muenche Bibeliwwersetzungen ewechgeholl gouf, fënnt een an der Neuen-Welt-Übersetzung, Anhang A4.

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen