Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lff Lektioun 23
  • Sech deefe loossen – et lount sech

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Sech deefe loossen – et lount sech
  • Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
  • Ënnertitel
  • Änlecht Material
  • AN DEN DETAIL GOEN
  • FAZIT
  • MÉI GEWUER GINN
  • Wat ass d’Daf?
    Äntwerten op Froen zu der Bibel
Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
lff Lektioun 23
Lektioun 23. Eng Fra gëtt als Zeie vu Jehova gedeeft a komplett am Waasser ënnergedaucht.

LEKTIOUN 23

Sech deefe loossen – et lount sech

Gedréckte Versioun
Gedréckte Versioun
Gedréckte Versioun

Jesus sot, fir e Chrëscht ze sinn, muss een sech deefe loossen. (Lies Matthäus 28:19, 20.) Awer wat ass d’Daf? A wat muss ee maachen, fir gedeeft ze ginn?

1. Wat ass d’Daf?

Dat griichescht Wuert, dat mat „deefen“ iwwersat gëtt, bedeit an d’Waasser „zappen“. Wéi Jesus gedeeft ginn ass, ass hien am Jordan ënnergedaucht ginn. D’Bibel seet, du „koum hien aus dem Waasser eraus“ (Matthäus 3:13, 16, BFL). Geneesou ginn echt Chrëschte bei hirer Daf ganz an d’Waasser ënnergedaucht.

2. Wat weist een duerch d’Daf?

Duerch d’Daf weist een, datt een sech Jehova higinn huet. Wat bedeit et, sech hinzeginn? Virun der Daf versprécht ee Jehova an engem perséinleche Gebiet, him ëmmer ze déngen, nëmmen hien unzebieden an säi Wëllen am Liewen op déi éischt Plaz ze setzen. Et entscheet een sech, net méi fir sech selwer ze liewen, mee Jesus stänneg nozegoen, also esou ze liewen, wéi hien et geléiert a virgemaach huet (Matthäus 16:24, Foussnout). Wann een sech higëtt a sech deefe léisst, kann een eng enk Frëndschaft mat Jehova kréien a mat deenen, déi him déngen.

3. Wat ass néideg, fir sech deefen ze loossen?

Éier een sech deefe léisst, ass et wichteg, Jehova gutt kennen ze léieren an de Glawen un hien ze stäerken. (Lies Hebräer 11:6.) Wat ee méi iwwer Jehova weess an him vertraut, wat een hie méi gär huet. Bestëmmt wëll een da mat aneren iwwer hie schwätzen an no senge Moossstief liewen (2. Timotheus 4:2; 1. Johannes 5:3). Wann een esou lieft, „wie es Jehovas würdig ist, um ihm völlig zu gefallen“, huet ee warscheinlech och de Wonsch, sech Jehova hinzeginn an sech deefen ze loossen (Kolosser 1:9, 10).a

AN DEN DETAIL GOEN

Wat kann ee vu Jesus senger Daf léieren? Wéi kann een sech op d’Daf virbereeden?

4. Wat ee vu Jesus senger Daf léiere kann

Matthäus 3:13-17 liesen, fir méi iwwer Jesus seng Daf gewuer ze ginn. Dozou dës Froen:

  • War Jesus bei senger Daf e klengt Kand?

  • Wéi gouf Jesus gedeeft? Gouf him nëmme bësse Waasser iwwer de Kapp geschott?

Nodeem hie gedeeft ginn ass, huet hien ugefaangen, dat ze maachen, woufir hien op d’Äerd geschéckt gi war. Lukas 3:21-23 a Johannes 6:38 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wat war fir Jesus no senger Daf dat Wichtegst an sengem Liewen?

5. D’Daf ass e realistescht Zil

De Gedanken, sech hinzeginn an deefen ze loossen, kann een am Ufank iwwerfuerderen. Iergendwann awer fillt een sech prett, esou eng wichteg Entscheedung ze treffen. Wat huet muncher gehollef, dës Entscheedung ze treffen? De VIDEO kucken.

VIDEO: Eng Frëndschaft mat Jehova opbauen (1:11)

Johannes 17:3 a Jakobus 1:5 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wat kann engem hëllefen, d’Zil vun der Daf ze erreechen?

A. Eng Fra gëtt sech ënner Gebiet Gott hin. B. Déi selwecht Fra gëtt als Zeie vu Jehova gedeeft a komplett am Waasser ënnergedaucht.
  1. Wann een sech Jehova higëtt, versprécht een, him fir ëmmer ze déngen

  2. Bei der Daf weist een aneren, datt een sech Jehova higinn huet

6. Duerch d’Daf gëtt een en Deel vu Jehova senger Famill

Duerch d’Daf gëtt een en Deel vun enger weltwäiter vereenter Famill. Och wa mir aus de verschiddensten Deeler a Kulture vun der Welt kommen, gleewe mir dat selwecht a liewen no de selwechte Wäerter. Psalm 25:14 an 1. Petrus 2:17 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wéi verännert sech duerch d’Daf d’Verhältnes zu Jehova an zu deenen, déi hien ubieden?

Collage: Eng gedeefte Schwëster denkt mat Freed un hiert gutt Verhältnes mat aneren an der Versammlung. 1. Si vertraut sech enger Schwëster un. 2. Si hëlleft enger eelerer Schwëster beim Goen. 3. Si ësst zesumme mat Frënn, déi ënnerschiddlechen Alter hunn. 4. Si priedegt engem Mann, zesumme mat enger anerer Schwëster. 5. Si mécht um Kongress e Selfie mat zwou Schwësteren, déi verschidden Nationalitéiten hunn.

WANN EE SEET: „Ech sinn nach net prett, mech deefen ze loossen.“

  • Geet et dir och esou? Mengs du, datt d’Daf trotzdeem e gutt Zil ass?

FAZIT

Jesus huet gesot, fir e Chrëscht ze sinn, muss een sech deefe loossen. Éier een esouwäit ass, muss een e staarke Glawen u Jehova entwéckelen, no senge Moossstief liewen an sech him higinn.

Réckbléck

  • Wat ass d’Daf a firwat ass si wichteg?

  • Wat fir en Zesummenhang besteet tëschent sech higinn an sech deefe loossen?

  • Wat muss ee maachen, éier een sech higinn an deefe loosse kann?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Wat léiert d’Bibel iwwer d’Daf?

„Wat ass d’Daf?“ (Online-Artikel)

Wéi kann ech mech op d’Daf virbereeden?

„Léift zu Jehova an Dankbarkeet féieren zur Daf“ (Der Wachtturm, März 2020)

E Mann erzielt, firwat seng Entscheedung, sech deefen ze loossen, keng emotional Saach war.

„Ech sollt mech selwer iwwerzeegen, wat d’Wouerecht ass“ (Der Wachtturm, 1. Februar 2013)

Firwat soll ech op d’Daf hischaffen a wéi kann ech dat maachen?

„Soll ech mech deefe loossen?“ (Fragen junger Leute – praktische Antworten, Band 2, Kapitel 37)

a Wann ee schonn an enger anerer Relioun gedeeft gouf, esou muss een sech nach eng Kéier deefe loossen. Firwat? Well aner Reliounen net d’Wouerecht aus der Bibel léieren. (Dozou Apostelgeschichte 19:1-5 an d’Lektioun 13.)

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen