Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lff Lektioun 31
  • Wat ass Gott säi Kinnekräich?

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Wat ass Gott säi Kinnekräich?
  • Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
  • Ënnertitel
  • Änlecht Material
  • AN DEN DETAIL GOEN
  • FAZIT
  • MÉI GEWUER GINN
  • Wat wäert d’Kinnekräich alles maachen?
    Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
  • Wat ass Gott säi Räich?
    Eng gutt Noriicht vu Gott
Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
lff Lektioun 31
Lektioun 31. Jesus Christus als Kinnek am Himmel viru Jehova senger Herrlechkeet.

LEKTIOUN 31

Wat ass Gott säi Kinnekräich?

Gedréckte Versioun
Gedréckte Versioun
Gedréckte Versioun

D’Haapttheema vun der Bibel dréit sech ëm Gott säi Kinnekräich. Duerch dëst Kinnekräich setzt Jehova dat ëm, wat hien ursprénglech mat der Äerd virhat. Wat ass Gott säi Kinnekräich? Wouhier wësse mir, datt et haut scho regéiert? Wat huet et bis elo erreecht? Wat mécht et an der Zukunft? Dorëm geet et an dëser an an den nächsten zwou Lektiounen.

1. Wat ass Gott säi Kinnekräich a wien ass de Kinnek?

D’Kinnekräich ass eng Regierung, déi vu Jehova agesat gouf. De Kinnek ass Jesus Christus an hie regéiert vum Himmel aus (Matthäus 4:17; Johannes 18:36). D’Bibel seet iwwer Jesus: „Er wird für immer als König … regieren“ (Lukas 1:32, 33). Jesus regéiert an Zukunft als Kinnek vu Gott sengem Kinnekräich iwwer déi ganz Äerd.

2. Wie regéiert mat Jesus?

Jesus regéiert net eleng. „Menschen aus jedem Stamm, jeder Sprache, jedem Volk und jeder Nation … sollen als Könige über die Erde regieren“ (Offenbarung 5:9, 10). Wéi vill regéieren zesumme mat Jesus Christus? Säit Jesus op der Äerd war, si Millioune vu Chrëschten seng Nofollger ginn. Awer nëmmen 144 000 vun hinne kommen an den Himmel a regéiere mat Jesus. (Lies Offenbarung 14:1-4.) All déi aner liewen als Bierger vun dësem Kinnekräich hei op der Äerd (Psalm 37:29).

3. Firwat ass Gott säi Kinnekräich besser ewéi mënschlech Regierungen?

Mënschlech Herrscher bréngen et net ëmmer fäerdeg, déi gutt Saachen, déi si maache wëllen, ëmzesetzen. Si ginn iergendwann ersat duerch Persounen, déi vläicht éischter no sech kucken wéi nom Vollek. Awer de Kinnek vu Gott sengem Kinnekräich gëtt ni ersat. Gott huet e Kinnekräich opgeriicht, dat ni ënnergeet (Daniel 2:44). Jesus ass voller Léift, frëndlech a gerecht. Wann hien iwwer déi ganz Äerd regéiert, mécht hien dat komplett onparteiesch an hien hëlleft dann de Mënschen, geneesou léif mateneen ëmzegoen. (Lies Jesaja 11:9.)

AN DEN DETAIL GOEN

Firwat Gott säi Kinnekräich besser ass ewéi all mënschlech Regierungen.

Jesus Christus regéiert vu sengem Troun am Himmel iwwer d’Äerd. Déi, déi mat him regéieren, sëtzen hannert him. Jehova säin hellt Liicht schéngt hannert hinnen.

4. Eng weltwäit Regierung mat vill Muecht

Jesus Christus huet méi Muecht ewéi all aneren Herrscher, deen et jee gouf. Matthäus 28:18 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wat ass den Ënnerscheed vu Jesus senger Muecht an där vu mënschlechen Herrscher?

Mënschlech Regierunge wiesselen oft a regéieren nëmmen iwwer een Deel vun der Äerd. Wéi ass dat bei Gott sengem Kinnekräich? Daniel 7:14 liesen. Dozou dës Froen:

  • Firwat ass et gutt, datt Gott säi Kinnekräich „net vernicht gëtt“?

  • Firwat ass et gutt, datt Gott säi Kinnekräich an Zukunft iwwer déi ganz Äerd regéiert?

5. Mënschlech Regierunge mussen ersat ginn

Firwat musse mënschlech Regierungen duerch Gott säi Kinnekräich ersat ginn? De VIDEO kucken an dës Fro beschwätzen:

VIDEO: Wat ass Gott säi Räich? (Ausschnëtt) (1:41)

  • Zu wat huet mënschlech Herrschaft gefouert?

Prediger 8:9 liesen. Dozou dës Froen:

  • Soll Gott säi Kinnekräich mënschlech Regierungen ofléisen? Wat denks du a firwat?

6. Herrscher, déi eis verstinn

Jesus, eise Kinnek, huet als Mënsch op der Äerd gelieft. Hie kann dowéinst „mat eise Schwächte … matfillen“ (Hebräer 4:15). An déi 144 000, déi mat Jesus regéieren, sinn trei Männer a Fraen, déi Jehova „aus all Stamm, Sprooch, Vollek an Natioun“ ausgewielt huet (Offenbarung 5:9, BFL).

  • Jesus an déi, déi mat him regéieren, wësse wat et heescht, als Mënsch ze liewen. Wéi beréiert dech dat a firwat?

Gesalbte Männer a Fraen aus verschidden Epochen vun iwwerall op der Welt.

Jehova huet Fraen a Männer aus verschidden Nationalitéiten a Kulturen erausgesicht, fir mat Jesus ze regéieren

7. Déi bescht Gesetzer

Regierunge maache Gesetzer, déi geduecht sinn, fir datt et hire Bierger soll gutt goen an si schützt. Och ënner Gott sengem Kinnekräich ginn et Gesetzer, un déi sech seng Bierger hale mussen. 1. Korinther 6:9-11 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wéi denks du, datt d’Welt ausgesäit, wann sech jiddwereen u Gott seng Gesetzer hält?a

  • Fënns du, datt Jehova d’Recht huet, vun de Bierger vu sengem Kinnekräich ze erwaarden, sech un seng Gesetzer ze halen? A firwat?

  • Wat weist, datt sech Mënschen, déi sech net u Gott seng Gesetzer halen, ännere kënnen? (Dozou de Vers 11.)

E Polizist reegelt de Verkéier op enger Kräizung. Leit vun all Alter ginn iwwer d’Strooss.

D’Regierunge maache Gesetzer zum Schutz a Wuel vun hire Bierger. D’Gesetzer vu Gott sengem Kinnekräich sinn dëse Gesetzer wäit iwwerleeën

WANN EE FREET: „Wat ass Gott säi Räich?“

  • Wat géifs du äntweren?

FAZIT

Gott säi Kinnekräich ass eng Regierung am Himmel, déi an Zukunft iwwer déi ganz Äerd regéiert.

Réckbléck

  • Wie sinn d’Herrscher vu Gott sengem Kinnekräich?

  • Firwat ass Gott säi Kinnekräich besser ewéi all mënschlech Regierungen?

  • Wat erwaart Jehova vun deenen, déi ënner sengem Kinnekräich liewen?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Wou ass d’Kinnekräich? Jesus seng Äntwert.

„Wou ass Gott säi Räich? Ass et an eisem Häerz?“ (Online-Artikel)

Firwat ass den Zeie vu Jehova d’Loyalitéit géintiwwer Gott sengem Kinnekräich méi wichteg ewéi d’Loyalitéit géintiwwer dem Staat?

Trei fir Gott säi Kinnekräich astoen (1:43)

Wat d’Bibel iwwer déi 144 000 seet, déi Jehova ausgesicht huet, fir mat Jesus ze regéieren.

„Wie kënnt an den Himmel?“ (Online-Artikel)

Wat eng Fra am Prisong iwwerzeegt huet, datt nëmme Gott fir eng gerecht Welt suerge kann.

„Am Prisong hunn ech vun echter Gerechtegkeet héieren“ (Erwachet!, November 2011)

a Op e puer vun dëse Moossstief a Gesetzer geet den Deel 3 an.

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen