Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lff Lektioun 32
  • Gott säi Kinnekräich regéiert!

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Gott säi Kinnekräich regéiert!
  • Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
  • Ënnertitel
  • AN DEN DETAIL GOEN
  • FAZIT
  • MÉI GEWUER GINN
Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
lff Lektioun 32
Lektioun 32. Jesus Christus huet en Zepter an der Hand a regéiert iwwer déi ganz Äerd.

LEKTIOUN 32

Gott säi Kinnekräich regéiert!

Gedréckte Versioun
Gedréckte Versioun
Gedréckte Versioun
Gedréckte Versioun

Gott säi Kinnekräich regéiert säit 1914 am Himmel. Deemools hunn déi lescht Deeg vun der Mënschenherrschaft ugefaangen. Firwat wësse mir dat? Kucke mir eis dozou e puer bibelesch Prophezeiungen un, wat säit 1914 op der Welt geschitt a wéi sech d’Leit behuelen.

1. Wat huet d’Bibel virausgesot?

D’Bibelbuch Daniel weist, datt Gott säi Kinnekräich no „siwen Zäiten“ ufänkt mat regéieren (Daniel 4:16, 17). Joerhonnerte méi spéit huet Jesus de selwechten Zäitraum als „festgelegte Zeiten der anderen Völker“ bezeechent a gesot, datt dës Zäiten nach net eriwwer wieren (Lukas 21:24). Wéi mir elo gesinn, waren dës „siwen Zäiten“ am Joer 1914 eriwwer.

2. Wat geschitt op der Welt a wéi behuelen sech d’Leit säit 1914?

Jesus seng Jünger hunn hie gefrot: „An welchem Zeichen wird man deine Gegenwart und den Abschluss des Weltsystems erkennen?“ (Matthäus 24:3). Jesus huet virausgesot, wourun een erkennt, datt hien am Himmel als Kinnek ugefaangen huet ze regéieren. Hien huet zum Beispill vu Kricher, Hongersnéit an Äerdbiewe geschwat. (Lies Matthäus 24:7.) An der Bibel gouf och virausgesot, datt een an de leschten Deeg mat deem, wéi d’Leit sech behuelen, schwéier fäerdeg gëtt (2. Timotheus 3:1-5). Dës Verhältnesser si besonnesch säit 1914 ze beobachten.

3. Firwat sinn d’Zoustänn op der Welt esou schlëmm ginn, säit Gott säi Kinnekräich regéiert?

Kuerz nodeem Jesus Kinnek ginn ass, huet hie Krich gefouert géint den Däiwel an d’Dämonen. Den Däiwel huet dëse Krich verluer. D’Bibel seet: „[Hie] gouf op d’Äerd gehäit a seng Engele goufe mat him erofgehäit“ (Offenbarung 12:9, 10, 12, BFL). Den Däiwel ass immens rosen, well hie weess, datt hie geschwë vernicht gëtt. Dowéinst verursaacht hie vill Péng a Leed. Kee Wonner, datt et op der Welt esou schlëmm ass. Awer d’Kinnekräich vu Gott léist all dës Problemer.

AN DEN DETAIL GOEN

Firwat wësse mir, datt d’Kinnekräich 1914 ugefaangen huet ze regéieren? A wat bedeit dat fir eis?

4. D’Prophezeiungen aus der Bibel weisen op d’Joer 1914 hin

De VIDEO kucken.

VIDEO: Gott säi Kinnekräich regéiert säit 1914 (5:02)

Gott huet bewierkt, datt den Nebukadnezar, de Kinnek vu Babylon, an engem Dram gesinn huet, wat an der Zukunft geschitt. Dësen Dram an dat, wat den Daniel dozou erkläert huet, bezéien sech esouwuel op dem Nebukadnezar seng Herrschaft ewéi och op Gott säi Kinnekräich. Daniel 4:17 liesen.a

Daniel 4:20-26 liesen. Dozou d’Tabell an d’Froen:

  • (A) Wat huet den Nebukadnezar a sengem Dram gesinn? (Dozou d’Versen 20 an 21.)

  • (B) Wat géif mam Bam passéieren? (Dozou de Vers 23.)

  • (C) Wat géif no de „siwen Zäiten“ geschéien? (Dozou de Vers 26.)

Wat den Dram vum Bam mat Gott sengem Kinnekräich ze dinn huet

D’PROPHEZEIUNG (Daniel 4:20-36)

D’Herrschaft

(A) E risege Bam

E risege Bam.

D’Herrschaft ënnerbrach

(B) „Leet de Bam ëm“ a „siwen Zäite verginn“

E Stack mat Eisen a Koffer gebonnen.

D’Herrschaft erëm hiergestallt

(C) „Däi Kinnekräich gehéiert dann erëm dir“

E risege Bam.

Éischt Erfëllung:

  • (D) Wie stellt de Bam duer? (Dozou de Vers 22.)

  • (E) Wéi gouf seng Herrschaft ënnerbrach? (Daniel 4:29-33 liesen.)

  • (F) Wat ass no de „siwen Zäiten“ mam Nebukadnezar geschitt? (Daniel 4:34-36 liesen.)

ÉISCHT ERFËLLUNG

D’Herrschaft

(D) Den Nebukadnezar, de Kinnek vu Babylon

De stolze Kinnek Nebukadnezar.

D’Herrschaft ënnerbrach

(E) No 606 v. e. Z. verléiert den Nebukadnezar de Verstand an ass siwe Joer net an der Lag ze regéieren

De Nebukadnezar läit um Buedem an ësst Gras ewéi en Déier.

D’Herrschaft erëm hiergestallt

(F) Dem Nebukadnezar säi Verstand kënnt erëm an hie regéiert nees

De Kinnek Nebukadnezar kuckt mat ausgestreckten Äerm an den Himmel.

Zweet Erfëllung:

  • (G) Wie stellt de Bam duer? (1. Chronika 29:23 liesen.)

  • (H) Wéi ass hir Herrschaft ënnerbrach ginn? Firwat wësse mir, datt wéi Jesus op der Äerd war, dës Herrschaft ëmmer nach ënnerbrach war? (Lukas 21:24 liesen.)

  • (I) Wéini a wou gouf dës Herrschaft erëm hiergestallt?

ZWEET ERFËLLUNG

D’Herrschaft

(G) D’Kinneke vun Israel, déi Gott seng Herrschaft vertrieden

Israelittesch Kinneke sëtzen an enger Rei hannereneen op engem Troun. Liichtstrale schéngen op si erof.

D’Herrschaft ënnerbrach

(H) Jerusalem gëtt zerstéiert a wärend 2 520 Joer regéiert keen israelittesche Kinnek

E Feier zerstéiert Jerusalem am Joer 607 v.e.Z. Dono verginn 2 520 Joer.

D’Herrschaft erëm hiergestallt

(I) Jesus fänkt un, am Himmel als Kinnek vu Gott sengem Kinnekräich ze regéieren

Jesus regéiert iwwer d’Äerd op sengem Troun am Himmel säit 1914 e.Z. Liichtstrale gi vun him aus.

Wéi laang sinn déi „siwen Zäiten“?

Munch Deeler vun der Bibel hëllefen aner Deeler ze verstoen. Am Bibelbuch Offenbarung steet zum Beispill, datt dräi an eng hallef Zäiten 1 260 Deeg sinn (Offenbarung 12:6, 14). Siwen Zäite sinn duebel esou laang, also 2 520 Deeg. An der Bibel steet een Dag munchmol fir ee Joer (Hesekiel 4:6). Esou ass et och mat de siwen Zäiten aus dem Bibelbuch Daniel: Si sti fir 2 520 Joer.

5. D’Welt huet sech säit 1914 verännert

De VIDEO kucken.

VIDEO: D’Welt huet sech säit 1914 verännert (1:10)

Jesus huet virausgesot, wéi d’Welt wier, wann hie bis Kinnek ass. Lukas 21:9-11 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wat dovun hues du schonn erlieft oder héieren?

Den Apostel Paulus huet beschriwwen, wéi d’Mënschen an de leschten Deeg vun der Mënschenherrschaft sinn. 2. Timotheus 3:1-5 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wat dovun ass dir schonn opgefall?

Collage: Zeene weisen d’Zoustänn op der Äerd an d’Astellung vun de Leit an de leschten Deeg. 1. E Mann aus der Arméi jäizt vum Podium aus an hieft seng Fauscht. 2. Gebeier leien an engem Koup no engem Äerdbiewen. 3. Arméifliger. 4. Leit mat Maske trëppelen dobaussen. 5. D’Twin Towers zu New York stinn a Flamen no engem terroristeschen Ugrëff. 6. E Mann hëlt Drogen. 7. E Mann hieft seng Fauscht a jäizt mat senger Fra. 8. Verschidden Drogen an Alkohol. 9. Zwou moudesch ugedoe Frae mat Bijoue maachen e Selfie. 10. En DJ animéiert d’Leit op engem Concert. 11. En Demonstrant gehäit e Molotov Cocktail.

6. Gott säi Kinnekräich regéiert – wouzou motivéiert eis dat?

Matthäus 24:3, 14 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wat fir eng wichteg Tätegkeet weist, datt Gott säi Kinnekräich elo scho regéiert?

  • Wéi kanns du do matmaachen?

Gott säi Kinnekräich regéiert elo schonn, a geschwënn iwwer d’ganz Äerd. Hebräer 10:24, 25 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wat soll jiddweree vun eis maachen, wat den Dag méi no kënnt?

Collage: 1. Eng Bibelschülerin besicht eng Versammlung vun den Zeie vu Jehova. 2. Si priedegt enger Bekannten.

Wann s du eppes gewuer gëss, wat aneren hëllefen oder hinnen esouguer d’Liewe rette kann, wat géifs du da maachen?

WANN EE FREET: „Firwat schwätzen d’Zeie vu Jehova ëmmer vum Joer 1914?“

  • Wat géifs du soen?

FAZIT

D’Prophezeiungen aus der Bibel an dat, wat an der Welt geschitt, beweisen, datt Gott säi Kinnekräich regéiert. Wa mir mat aneren doriwwer schwätzen an d’Versammlunge besichen, weise mir, datt mir dovun iwwerzeegt sinn.

Réckbléck

  • Wat ass geschitt no de siwen Zäiten, déi am Bibelbuch Daniel virausgesot gi sinn?

  • Wat iwwerzeegt dech, datt Gott säi Kinnekräich 1914 ugefaangen huet ze regéieren?

  • Wéi kanns du weisen, datt s du dovun iwwerzeegt bass?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Wéi huet sech d’Welt säit 1914 verännert? Wat Historiker an anerer doriwwer soen.

„Wéi et mat der Moral biergof goung“ (Erwachet!, April 2007)

E Mann erzielt, wéi d’Prophezeiung aus Matthäus 24:14 säi Liewe verännert huet.

„Ech hat nëmme Baseball am Kapp!“ (Der Wachtturm, Nr. 3, 2017)

Wouhier wësse mir, datt sech d’Prophezeiung aus Daniel, Kapitel 4 och op Gott säi Kinnekräich bezitt?

„Säit wéini regéiert Gott säi Kinnekräich? (Deel 1)“ (Der Wachtturm, 1. Oktober 2014)

Wéi kënnt een dorop, datt déi „siwen Zäiten“ aus Daniel, Kapitel 4 am Joer 1914 eriwwer waren?

„Säit wéini regéiert Gott säi Kinnekräich? (Deel 2)“ (Der Wachtturm, 1. November 2014)

a Dozou déi lescht zwee Artikelen ënner „Méi gewuer ginn“.

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen