LEKTIOUN 18
Wourun erkennt een echt Chrëschten?
Milliarde vu Mënsche bezeechnen sech als Chrëschten. Awer si gleewen net all dat selwecht an halen sech och net un déi selwecht Prinzippien. Wéi kann een also erausfannen, wien en echte Chrëscht ass?
1. Wat bedeit et, e Chrëscht ze sinn?
E Chrëscht ass e Jünger oder Nofollger vu Jesus Christus. (Lies Apostelgeschichte 11:26.) Wourun erkennt een e Jünger vu Jesus? Jesus sot: „Wann dir bei deem bleift, wat ech iech gesot hunn, da sidd dir wierklech meng Jünger“ (Johannes 8:31). Dat heescht, datt sech echt Chrëschten u Jesus seng Léieren halen an si baséieren sech, geneesou ewéi Jesus, op Gott säi Wuert, d’Bibel, wann si léieren. (Lies Lukas 24:27.)
2. Wéi weisen echt Chrëschte Léift?
Jesus sot zu sengen Nofollger: „Hutt een deen anere gär, esou wéi ech iech gär hat“ (Johannes 15:12, BFL). Wéi huet Jesus senge Jünger gewisen, datt hien si gär hat? Hien huet Zäit mat hinne verbruecht, hinne Mutt gemaach an hinne gehollef. Hien huet esouguer säi Liewe fir si ginn (1. Johannes 3:16). Genee ewéi Jesus, schwätzen echt Chrëschten net nëmmen iwwer Léift. Si weisen duerch dat, wat si soen a wat si maachen, datt si een deen anere gär hunn.
3. Woufir setzen sech echt Chrëschten an?
Jesus huet senge Jünger en Optrag ginn. „Hien huet si erausgeschéckt, fir d’gutt Noriicht vum Kinnekräich vu Gott ze verkënnegen“ (Lukas 9:2, BFL). Déi éischt Chrëschten hunn net nëmmen do gepriedegt, wou si sech fir d’Ubiedung versammelt hunn, mee och op ëffentleche Plazen a bei de Mënschen doheem. (Lies Apostelgeschichte 5:42; 17:17.) Geneesou priedegen och echt Chrëschten haut iwwerall do, wou Leit sinn. Aus Léift zu de Mënsche setzen si gär hir Zäit a Kraaft an, fir hinnen Trouscht an Hoffnung aus der Bibel ze ginn (Markus 12:31).
AN DEN DETAIL GOEN
Wéi kann een echt Chrëschte vun deenen ënnerscheeden, déi behaapten, Chrëschten ze sinn, sech awer net u Jesus seng Léieren a säi Beispill halen?
4. Si sichen no der Wouerecht
Chrëschten am éischte Joerhonnert hate Wäertschätzung fir Gott säi Wuert
Net all déi, déi sech Chrëschten nennen, leeë grousse Wäert op d’Wouerecht aus der Bibel. De VIDEO kucken an dës Fro beschwätzen:
Wat fir Beispiller weisen, datt sougenannt chrëschtlech Kierchen eppes anescht geléiert hunn ewéi Jesus?
Jesus huet d’Wouerecht aus Gott sengem Wuert geléiert. Johannes 18:37 liesen. Dozou dës Fro:
Wéi kann een erkennen, ob een „op der Säit vun der Wouerecht“ ass?
5. Si priedegen d’Wouerecht
Chrëschten am éischte Joerhonnert hu mat aneren iwwer Gott säi Wuert geschwat
Éier Jesus zeréck an den Himmel gaangen ass, huet hien sengen Nofollger en Optrag ginn, deen haut nach gëllt. Matthäus 28:19, 20 an Apostelgeschichte 1:8 liesen. Dozou dës Fro:
A wat fir engem Ausmooss géif gepriedegt ginn?
6. Si setzen dat ëm, wat si priedegen
Wat huet e Mann dovun iwwerzeegt, datt hien echt Chrëschte fonnt huet? De VIDEO kucken an dës Froe beschwätzen:
Firwat hat den Tom mat der Relioun ofgeschloss?
Firwat ass hien iwwerzeegt, datt hien d’Wouerecht fonnt huet?
Wierder eleng ginn net duer, et muss een och eppes maachen. Matthäus 7:21 liesen. Dozou dës Fro:
Wat ass Jesus méi wichteg – nëmmen ze soen, datt een un hie gleeft, oder et och duerch säin Handelen ze beweisen?
7. Si hunn een deen anere gär
Chrëschten am éischte Joerhonnert hunn echt Léift ënnerenee gewisen
Si Chrëschte wierklech bereet, fireneen ze stierwen? De VIDEO kucken an dës Froe beschwätzen:
Firwat huet de Lloyd säi Liewe fir de Brudder Johansson riskéiert?
Mengs du, datt hien sech ewéi en echte Chrëscht verhalen huet?
Johannes 13:34, 35 liesen. Dozou dës Froen:
Wéi géife Jesus seng Jünger (echt Chrëschten) mat Mënschen ëmgoen, déi eng aner Nationalitéit oder Hautfaarf hunn?
Wéi géif sech dat am Fall vun engem Krich weisen?
WANN EE SEET: „D’Chrëschten hunn och vill schlëmm Saache gemaach. Si sinn net besser ewéi aner Reliounen.“
Mat wat fir engem Bibeltext géifs du weisen, wourun een echt Chrëschten erkennt?
FAZIT
Echt Chrëschten halen sech un d’Léieren aus der Bibel, weisen echt Léift a schwätze mat aneren iwwer d’Wouerecht aus der Bibel.
Réckbléck
Op wat baséiert de Glawe vun echte Chrëschten?
U wat fir enger Eegenschaft sinn echt Chrëschten ze erkennen?
Wat fir engem Optrag kommen echt Chrëschten no?
MÉI GEWUER GINN
Wie gëtt sech Méi, sech un d’Beispill an d’Léiere vu Jesus ze halen?
Wéi eng fréier Nonn eng nei Famill fonnt huet.
„Si hu mir all Fro mat der Bibel beäntwert“ (Der Wachtturm, 1. April 2014)
Wéi echt Chrëschten hire Glawensbridder an Noutsituatiounen hëllefen.
Wien huet sech am 1. Joerhonnert u Jesus seng Uweisunge gehalen a wie mécht dat haut?
„Wéi erkennt een echt Chrëschten?“ (Der Wachtturm, 1. März 2012)