Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lff Lektioun 19
  • Sinn Zeie vu Jehova echt Chrëschten?

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Sinn Zeie vu Jehova echt Chrëschten?
  • Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
  • Ënnertitel
  • Änlecht Material
  • AN DEN DETAIL GOEN
  • FAZIT
  • MÉI GEWUER GINN
  • Wourun erkennt een echt Chrëschten?
    Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
  • Wien ass Gott?
    Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
  • Wéi gëtt déi gutt Noriicht bekannt gemaach?
    Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
  • Sinn ech prett, mech deefen ze loossen?
    Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
Méi gesinn
Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
lff Lektioun 19
Lektioun 19. Zeie vun Jehova schwätze matenee virun engem Kinnekräichssall.

LEKTIOUN 19

Sinn Zeie vu Jehova echt Chrëschten?

Gedréckte Versioun
Gedréckte Versioun
Gedréckte Versioun

Als Zeie vu Jehova si mir dovun iwwerzeegt, echt Chrëschten ze sinn. Firwat? Dozou dräi Froen: Wourop baséiert eise Glawen? Firwat nenne mir eis Zeie vu Jehova? Wéi weise mir een deem anere Léift?

1. Wourop baséieren Zeie vu Jehova hire Glawen?

Jesus sot zu Gott: „Däi Wuert ass d’Wouerecht“ (Johannes 17:17, BFL). Zeie vu Jehova baséiere genee wéi Jesus hire Glawen ëmmer op Gott säi Wuert. Werfe mir e Bléck an d’Vergaangenheet. Ëm d’Joer 1870 huet eng kleng Grupp vu Chrëschten ugefaangen, d’Bibel genee ze analyséieren. Si hunn hire Glawen op dat baséiert, wat si aus der Bibel geléiert hunn, och wann dat de Léiere vun de Kierche widdersprach huet. Dono hunn si anere vun deem erzielt, wat si erausfonnt hunn.a

2. Firwat nenne mir eis Zeie vu Jehova?

Jehova bezeechent Mënschen, déi d’Wouerecht iwwer hie bekannt maachen, als seng Zeien (Hebräer 11:4 bis 12:1). Zum Beispill huet Jehova an aler Zäit zu den Israelitte gesot: „Ihr seid meine Zeugen.“ (Lies Jesaja 43:10.) A Jesus gëtt den „Treien Zeie“ genannt (Offenbarung 1:5). Dowéinst hu mir am Joer 1931 den Numm Zeie vu Jehova ugeholl. A mir si stolz op dësen Numm.

3. Wéi weisen Zeie vu Jehova Léift esou wéi Jesus?

Jesus hat seng Jünger esou gär, datt si ewéi eng Famill fir hie waren. (Lies Markus 3:35.) Geneesou sinn och Zeie vu Jehova op der ganzer Welt eng vereente Famill. Dofir schwätze mir eis mat Brudder a Schwëster un (Philemon 1, 2). Mir halen eis och un dat Gebot: „Liebt die ganze Bruderschaft“ (1. Petrus 2:17). Zeie vu Jehova weisen dës Léift op ënnerschiddlech Manéieren. Zum Beispill andeem si hire Glawensbridder op der ganzer Welt hëllefen, wann si an Nout sinn.

AN DEN DETAIL GOEN

E klengen Abléck an d’Geschicht vun den Zeie vu Jehova. Wat schwätzt nach dofir, datt mir echt Chrëschte sinn?

Collage: Zeie vu Jehova priedegen. 1. Eng Schwëster liest a beschwätzt mat enger Fra e Bibeltext. 2. E Brudder steet bei engem Trolley a schwätzt mat engem Mann iwwer bibelesch Wouerechten.

Echt Chrëschte baséieren hire Glawen op d’Bibel a schwätze mat aneren doriwwer

4. Mir baséieren eise Glawen op d’Bibel

Jehova hat virausgesot, datt d’Wouerechten aus der Bibel ëmmer besser verstane géife ginn. Daniel 12:4 an d’Foussnout liesen. Dozou dës Fro:

  • Wat géif „überströmen“, wa Gott säi Vollek d’Bibel ëmmer weider analyséiert?

Eng kleng Grupp vu Bibelstudenten, zu där den Charles Russel gehéiert huet, huet an der Bibel gefuerscht. De VIDEO kucken an dës Fro beschwätzen:

VIDEO: D’Wouerecht aus der Bibel nei entdeckt (7:45)

  • Wéi sinn den Charles Russel an déi aner bei hirem Studium vun der Bibel virgaangen?

Gutt ze wëssen

Munchmol hu mir als Zeie vu Jehova eis Glawensusiichten ugepasst. Firwat? Esou wéi een Detailer vun enger Landschaft ëmmer besser gesäit, wann d’Sonn opgeet, esou léisst Gott eis säi Wuert no an no besser verstoen. (Lies Sprüche 4:18.) Wa mir eise Glawen an eist Verständnis upassen, läit et net dorun, datt sech d’Bibel geännert hätt, mee dorun, datt mir si ëmmer besser verstinn.

5. Mir ginn eisem Numm all Éier

Firwat nenne mir eis Zeie vu Jehova? De VIDEO kucken an dës Fro beschwätzen:

VIDEO: En Numm, deen eis ausmécht (2:40)

  • Firwat ass den Numm Zeie vu Jehova esou passend?

Firwat huet Jehova Mënschen erausgesicht, fir seng Zeien ze sinn? Fir d’Wouerecht iwwer hie bekannt ze maachen, well vill Ligen iwwer hien erzielt gi sinn. Hei nëmmen zwou dovun:

Muench Relioune léieren, datt ee bei der Ubiedung reliéis Géigestänn gebrauche soll. Wat seet d’Bibel? 3. Mose 26:1 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wéi denkt Jehova doriwwer, wann ee reliéis Géigestänn gebraucht, fir hien unzebieden?

Muench Geeschtlecher léieren, datt Jesus Gott ass. Wat seet d’Bibel? Johannes 20:17 liesen. Dozou dës Froen:

  • Si Gott a Jesus déi selwecht Persoun?

  • Wéi denks du doriwwer, datt Jehova seng Zeie gebraucht, fir d’Wouerecht iwwer sech a säi Jong bekannt ze maachen?

6. Mir weisen een deem anere Léift

D’Bibel vergläicht Chrëschte mat de verschiddenen Deeler vum mënschleche Kierper, déi zuenee gehéieren. 1. Korinther 12:25, 26 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wat sollen echt Chrëschte maachen, wann hir Glawensbridder leiden?

  • Wat konnts du scho beobachten, wéi Zeie vu Jehova Léift ënnerenee weisen?

Wann Zeie vu Jehova an engem Deel vun der Welt leiden, da reagéieren hir Glawensbridder an engem aneren Deel vun der Welt direkt. De VIDEO kucken an dës Fro beschwätzen:

VIDEO: Haiti gëtt vum Hurrikan Matthew getraff (5:29)

  • Wéi weisen Zeie vu Jehova Léift am Fall vun enger Katastroph?

Zwee Zeie vu Jehova hëllefen enger Mamm an hirem Kand no enger Katastroph. Si ginn hinnen eng waarm Decken a proppert Waasser fir ze drénken.

Echt Chrëschte weise Léift, andeem si aneren hëllefen

WANN EE SEET: „D’Zeie vu Jehova gëtt et dach nach guer net esou laang.“

  • Säit wéini bezeechent Jehova Mënschen, déi hien ubieden, als seng Zeien?

FAZIT

Zeie vu Jehova sinn echt Chrëschten, si sinn eng weltwäit Famill, hire Glawe baséiert op d’Bibel a si maachen d’Wouerecht iwwer Jehova bekannt.

Réckbléck

  • Firwat nenne mir eis Zeie vu Jehova?

  • Wéi gi mir mateneen ëm?

  • Denks du, datt Zeie vu Jehova echt Chrëschte sinn?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Déi spannend Geschicht vun den Zeie vu Jehova.

Zeie vu Jehova – Glawen an Aktioun, Deel 1: Eraus aus der Däischtert (1:00:53)

Eng falsch Léier, déi Zeie vu Jehova opgedeckt hunn.

Gott säi Vollek éiert den Numm vu Gott (7:08)

Äntwerten op Froen, déi vill Leit sech iwwer Zeie vu Jehova stellen.

„Froen iwwer Zeie vu Jehova“ (Rubrik op jw.org)

De Stephen huet sech u rassistesch motivéierte Verbrieche bedeelegt. De Kontakt mat Zeie vu Jehova huet säi Liewe komplett geännert.

„A mengem Liewen ass et ëmmer méi biergof gaangen“ (Der Wachtturm, 1. Juli 2015)

a Zanter 1879 ginn an eiser Zäitschrëft Der Wachtturm bibelesch Léieren erkläert.

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen