LEKTIOUN 21
Wéi gëtt déi gutt Noriicht bekannt gemaach?
Jehova suergt geschwënn duerch säi Kinnekräich dofir, datt et all eis Problemer net méi gëtt. Dës gutt Noriicht kann een net fir sech behalen. Jesus sot, seng Nofollger sollten dës gutt Noriicht jiddwerengem erzielen (Matthäus 28:19, 20). Wéi kommen d’Zeie vu Jehova dësem Optrag no?
1. Wéi erfëllt sech Matthäus 24:14 haut?
Jesus huet virausgesot: „Dës gutt Noriicht iwwer d’Kinnekräich gëtt uechter d’ganz Welt verkënnegt“ (Matthäus 24:14, BFL). Als Zeie vu Jehova setze mir eis gär an dësem wichtege Wierk an. Mir priedegen op der ganzer Welt déi gutt Noriicht a méi wéi 1 000 Sproochen! Dëst grousst Wierk verlaangt enorm Ustrengungen an eng gutt Organisatioun. Ouni Jehova seng Hëllef wier all dat net méiglech.
2. Wat gëtt alles ënnerholl, fir Mënschen ze erreechen?
Mir priedegen iwwerall do, wou Mënschen ze fanne sinn. Esou wéi d’Chrëschten am 1. Joerhonnert priedege mir „vun Haus zu Haus“ (Apostelgeschichte 5:42). Doduerch, datt mir systematesch virginn, kënne mir all Joer Millioune vu Mënschen erreechen. Well vill Mënschen net doheem sinn, priedege mir och op ëffentleche Plazen. Mir sichen ëmmer no Geleeënheeten, fir iwwer Jehova ze schwätzen an iwwer dat, wat hie virhuet.
3. Wien huet d’Verantwortung, déi gutt Noriicht bekannt ze maachen?
All Chrëschten hunn d’Verantwortung, déi gutt Noriicht bekannt ze maachen. Mir huelen dëst ganz eescht, well mir wëssen, datt Mënscheliewen um Spill steet. (Lies 1. Timotheus 4:16.) Dowéinst setzt jiddwereen sech esou an, wéi seng perséinlech Ëmstänn et erlaben. Mir ginn net bezuelt, well d’Bibel seet: „Gratis hutt dir kritt, gratis gitt et weider“ (Matthäus 10:7, 8). Net jiddweree lauschtert eis no. Awer mir halen net op ze priedegen, well mir doduerch Jehova follegen an hie glécklech maachen.
AN DEN DETAIL GOEN
Wat maache mir als Zeie vu Jehova alles, fir déi gutt Noriicht op der ganzer Welt bekannt ze maachen? Wéi hëlleft Jehova eis dobäi?
Mir priedege weltwäit: (A) Costa Rica, (B) Amerika, (C) Benin, (D) Thailand, (E) Yap, (F) Schweden
4. Mir setzen alles drun, fir jiddwereen ze erreechen
D’Zeie vu Jehova strengen sech immens un, fir jiddweree mat der gudder Noriicht ze erreechen, ganz egal, wou e wunnt. De VIDEO kucken an dës Froe beschwätzen:
Wat maachen Zeie vu Jehova alles fir Mënschen ze erreechen? Wat beandrockt dech dovun am meeschten?
Matthäus 22:39 a Römer 10:13-15 liesen. Dozou dës Froen:
Wéi weist eist Priedegen, datt mir anerer gär hunn?
Wéi denkt Jehova iwwer déi, déi d’gutt Noriicht priedegen? (Dozou de Vers 15.)
5. Mir si Gott seng Mataarbechter
Vill Berichter weisen, datt Jehova eist Wierk leet. An Neuseeland war zum Beispill e Brudder, dee Paul heescht, vun Haus zu Haus ënnerwee an huet eng Fra ugetraff, déi dee Moien zu Gott gebiet huet. Si huet Gott säin Numm Jehova gebraucht an hie gefrot, ee laanscht ze schécken. De Paul seet: „Dräi Stonne méi spéit stoung ech un hirer Dier.“
1. Korinther 3:9 liesen. Dozou dës Fro:
Wéi weise Berichter ewéi deen aus Neuseeland, datt Jehova d’Priedegtwierk leet?
Apostelgeschichte 1:8 liesen. Dozou dës Fro:
Firwat brauche mir Jehova seng Hëllef, fir dem Optrag ze priedegen, nozekommen?
Gutt ze wëssen
An der Versammlung ënner der Woch gi mir fir d’Priedege geschoult. Waars du schonn eng Kéier an esou enger Versammlung? Wa jo, wéi huet dës Virbereedung op d’Priedegen dir gefall?
6. Mir priedegen, well Gott eis den Optrag ginn huet
Am 1. Joerhonnert hu Géigner probéiert, Jesus seng Nofollger dovun ofzehalen ze priedegen. Awer déi éischt Chrëschten hunn hiert Recht ze priedege verteidegt an hunn esou zur „gesetzlichen Befestigung der guten Botschaft“ bäigedroen (Philipper 1:7). D’Zeie vu Jehova maachen haut dat selwecht.a
Apostelgeschichte 5:27-42 liesen. Dozou dës Fro:
Firwat hale mir net op ze priedegen? (Dozou d’Versen 29, 38 an 39.)
WANN EE FREET: „Firwat ginn d’Zeie vu Jehova eigentlech bei d’Leit schellen?“
Wéi géifs du dorop äntweren?
FAZIT
Jesus huet seng Nofollger opgefuerdert, déi gutt Noriicht op der ganzer Welt bekannt ze maachen. Jehova hëlleft sengem Vollek, dësem Optrag nozekommen.
Réckbléck
Wéi gëtt déi gutt Noriicht op der ganzer Welt gepriedegt?
Firwat ass d’Priedegen en Ausdrock vun Nächsteléift?
Mengs du, datt et Freed mécht, anere vun der gudder Noriicht ze erzielen? Firwat?
MÉI GEWUER GINN
Wéi Zeie vu Jehova a grousse Stied priedegen.
Wat maachen Zeie vu Jehova, fir Flüchtlingen ze priedegen?
Dem Wonsch vu Flüchtlingen no Trouscht an Hoffnung nokommen (5:59)
E Bericht, dee weist, wéi glécklech et mécht, sech voll fir d’Priedegen anzesetzen.
Wéi wichteg Erfolleger viru Geriicht d’Priedege vun der gudder Noriicht méi einfach gemaach hunn.
„Priedeger vum Kinnekräich gi viru Geriicht“ (Gottes Königreich regiert!, Kapitel 13)
a Den Optrag ze priedege kënnt vu Gott. Dofir brauchen Zeie vu Jehova keng Erlaabnes vu staatlechen Autoritéiten, fir déi gutt Noriicht bekannt ze maachen.