LEKTIOUN 22
Wéi kanns du mat aneren iwwer déi gutt Noriicht schwätzen?
Am Bibelcours hues du bestëmmt schonn emol geduecht: „Dat misst jiddweree kenne léieren!“ Et stëmmt, jiddweree soll d’Wouerecht aus der Bibel gewuer ginn. Du kanns mat Freed iwwer déi gutt Noriicht aus der Bibel schwätzen, och wann s du dech am Ufank vläicht iwwerwanne muss.
1. Wéi kanns du mat aneren iwwer dat schwätzen, wat s du geléiert hues?
Jesus seng Jünger hu gesot: „Mir ... kënnen net ophalen, iwwer dat ze schwätzen, wat mir gesinn an héieren hunn“ (Apostelgeschichte 4:20). Si ware vun der Wouerecht esou begeeschtert, datt si mat esou ville wéi méiglech doriwwer schwätze wollten. Geet et dir och esou? Da kéints du no Geleeënheete sichen, denger Famill an denge Frënn frëndlech a respektvoll vun deem ze erzielen, wat s du geléiert hues. (Lies Kolosser 4:6.)
Wéi ee mat engem an d’Gespréich kënnt
Am Gespréich mat engem aus der Famill, kanns du op e bibelesche Gedanken ze schwätze kommen, andeem s du sees: „Ech hunn dës Woch eppes Interessantes geléiert.“
Hëllef engem, dee krank ass oder Suergen huet, mat engem schéine Bibeltext.
Wann en Aarbechtskolleeg freet, wéi däi Weekend war, erziel him vun dengem Bibelcours oder vun der Versammlung.
Weis denge Frënn den Internetsite jw.org.
Luet een an, bei dengem Bibelcours dobäi ze sinn oder weis him, wéi hien op jw.org selwer e Bibelcours ufroe kann.
2. Firwat ass et e schéint Zil, mat der Versammlung ze priedegen?
Jesus seng Jünger hunn net nëmme mat deenen, déi si kannt hunn, iwwer déi gutt Noriicht geschwat. Jesus huet si zu „zwee an zwee an all Stad ... geschéckt“ fir ze priedegen (Lukas 10:1, BFL). Duerch dëst organiséiert Priedege konnten nach vill méi Mënsche vun der gudder Noriicht héieren. An et huet de Jünger vill Freed gemaach, zesummen ze priedegen (Lukas 10:17). Wier et net och een Zil fir dech, mat der Versammlung ze priedegen?
AN DEN DETAIL GOEN
Wéi kann een d’Nervositéit iwwerwannen a Freed verspieren, wann een iwwer déi gutt Noriicht schwätzt?
3. Jehova hëlleft dir
Muncher géife gär priedegen, froen sech awer, wéi dat bei aneren ukënnt.
Wéi fills du dech, wann s du dorun denks, mat aneren iwwer dat ze schwätzen, wat s du geléiert hues?
De VIDEO kucken an dës Fro beschwätzen:
Wéi hunn dës jonk Leit hir Angscht iwwerwonnen?
Jesaja 41:10 liesen. Dozou dës Fro:
Wéi kann d’Gebiet dir hëllefen, wann et dir schwéier fält, iwwer Jehova ze schwätzen?
Gutt ze wëssen
Vill Zeie vu Jehova hu geduecht, si géifen et ni hikréien, mat aneren iwwer déi gutt Noriicht ze schwätzen. De Sergei zum Beispill war guer net selbstbewosst an him ass et schwéier gefall, mat aneren ze kommunizéieren. Awer dunn huet hien ugefaangen, d’Bibel ze studéieren. Hie seet: „Trotz menger Angscht hunn ech ugefaangen, mat aneren iwwer dat ze schwätzen, wat ech geléiert hunn. Zu menger Iwwerraschung krut ech doduerch esouguer méi Selbstvertrauen. Et huet och dozou bäigedroen, datt mäi Glawe méi staark ginn ass.“
4. Respektvoll sinn
Wann een iwwer déi gutt Noriicht schwätzt, ass et net nëmme wichteg, wat ee seet, mee och wéi een et seet. 2. Timotheus 2:24 an 1. Petrus 3:15 liesen. Dozou dës Froen:
Wéi kanns du dëse Rot ëmsetzen, wann s du mat aneren iwwer d’Bibel schwätz?
Wat kéints du maachen, wann deng Famill oder Frënn net mat dir averstane sinn? Wat solls du net maachen?
Firwat ass et besser, taktvoll Froen ze stellen amplaz engem virzeschreiwen, wat ee gleewe soll?
5. Iwwer déi gutt Noriicht ze schwätze mécht Freed
Jehova huet Jesus den Optrag ginn, déi gutt Noriicht bekannt ze maachen. Wéi huet Jesus iwwer dësen Optrag geduecht? Johannes 4:34 liesen. Dozou dës Froen:
Gutt Iessen hält eis um Liewen a mécht eis glécklech. Firwat huet Jesus d’Iessen domat verglach, Gott säi Wëllen ze maachen – wouzou och d’Priedege gehéiert?
Wat kann ee Schéines erliewen, wann ee mat aneren iwwer déi gutt Noriicht schwätzt?
Tipps
An der Versammlung ënner der Woch kanns du dorop oppassen, wéi ee Gespréicher ufänke kann.
Iwwerlee, ob s du bei Aufgaben an der Versammlung ënner der Woch matmaache kanns. Dës Aufgabe bereeden dech dorop vir, mat aneren iwwer d’Bibel ze schwätzen.
Mat den Aussoen a Froen ënner „Wann ee seet“ a „Wann ee freet“ kanns du üben, wéi s du jeeweils äntwere géifs.
WANN EE FREET: „Wat gëtt et Neies bei dir?“
Wéi kanns du dës Geleeënheet notzen, fir iwwer dat ze schwätzen, wat s du aus der Bibel geléiert hues?
FAZIT
Mat aneren iwwer déi gutt Noriicht ze schwätze mécht vill Freed. Domat unzefänken ass méi einfach, wéi een sech dat vläicht virstellt.
Réckbléck
Firwat schwätze mir mat aneren iwwer déi gutt Noriicht?
Wéi kanns du dat op eng respektvoll Manéier maachen?
Wéi kanns du d’Angscht iwwerwannen, mat aneren iwwer déi gutt Noriicht ze schwätzen?
MÉI GEWUER GINN
Véier Iddien, wéi een d’Kontaktkaart fir jw.org gebrauche kann.
Wéi e Bibelschüler zu engem Bibellehrer gëtt.
„Bass du bereet, Mënschen ze fëschen?“ (Der Wachtturm, September 2020)
Wéi e Meedchen aus der Bibel schonn deene ganz Klenge Mutt maache kann, iwwer Jehova ze schwätzen.
Wéi ee mat engem aus der Famill iwwer d’Bibel schwätze kann.