Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lff Lektioun 35
  • Wéi ee gutt Entscheedungen trëfft

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Wéi ee gutt Entscheedungen trëfft
  • Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
  • Ënnertitel
  • Änlecht Material
  • AN DEN DETAIL GOEN
  • FAZIT
  • MÉI GEWUER GINN
  • Entscheedungen treffen, déi Jehova gefalen
    De Wachtturm mécht Jehova säi Kinnekräich bekannt (Studienausgab) 2025
Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
lff Lektioun 35
Lektioun 35. E Mann zesumme mat senger Fra a senge Kanner sichen op engem Internetsite no engem Auto.

LEKTIOUN 35

Wéi ee gutt Entscheedungen trëfft

Gedréckte Versioun
Gedréckte Versioun
Gedréckte Versioun

Mir alleguer mussen Entscheedungen treffen. Vill vun dësen Entscheedunge kënnen e groussen Afloss op eist Liewen an eis Frëndschaft mat Jehova hunn. Et muss een zum Beispill entscheeden, wou ee wunnt, wéi een säi Geld verdéngt an ob een sech bestit. Wa mir gutt Entscheedungen treffen, kënne mir glécklech sinn a Jehova gefalen.

1. Wéi kann d’Bibel engem hëllefen, gutt Entscheedungen ze treffen?

Éier s du eng Entscheedung trëffs, biet zu Jehova a kuck an der Bibel no, wéi hien doriwwer denkt. (Lies Sprüche 2:3-6.) Zu munchem gëtt et e konkreet Gebot. Dann ass et am beschten, sech dorun ze halen.

Wéi ass et awer, wann et kee konkreet Gebot gëtt? Och da féiert Jehova dech „op de Wee …, deen s du goe solls“ (Jesaja 48:17). Wéi mécht hien dat? Duerch bibelesch Prinzippien, un deenen een sech orientéiere kann. Bibelesch Prinzippie si Grondwouerechten, déi weisen, wéi Jehova denkt a fillt. Oft gëtt ee gewuer, wéi Jehova iwwer eppes denkt, wann een e Bibelbericht liest. Passt een dorop op, wéi Jehova d’Saach gesäit, kann een Entscheedungen treffen, iwwer déi hien sech freet.

2. Wouru soll een denken, éier een eng Entscheedung trëfft?

D’Bibel seet: „Der Kluge … bedenkt jeden Schritt“ (Sprüche 14:15). Éier mir eng Entscheedung treffen, sollte mir eis Zäit huelen, iwwer déi verschidde Méiglechkeeten nozedenken. Et kann een sech froen: „Wat fir bibelesch Prinzippie passen? Wéi wierkt sech dës Entscheedung op mech aus? Wéi wierkt sech dat op anerer aus?“ An am wichtegsten ass: „Wéi beréiert dës Entscheedung Jehova?“ (5. Mose 32:29).

Och eist Gewëssen hëlleft eis, gutt Entscheedungen ze treffen. Duerch eist Gewëssen hu mir e Gefill dofir, wat richteg a falsch ass (Römer 2:14, 15). Wie leet fest, wat richteg a falsch ass? Dat däerf nëmme Jehova. Wa mir seng Gesetzer a Prinzippie kenne léieren an dono liewen, trainéiere mir eist Gewëssen.

AN DEN DETAIL GOEN

Wéi bibelesch Prinzippien an eist Gewësse bei Entscheedungen eng wichteg Roll spillen.

3. Looss dech vun der Bibel leeden

Wéi kanns du dech bei Entscheedunge vu bibelesche Prinzippie leede loossen? De VIDEO kucken an dës Froe beschwätzen:

VIDEO: Looss dech vu bibelesche Prinzippie leeden (5:54)

  • Wat bedeit et, e fräie Wëllen ze hunn?

  • Firwat huet Jehova eis e fräie Wëlle ginn?

  • Wat huet Jehova eis ginn, fir mat eisem fräie Wëlle gutt Entscheedungen treffen ze kënnen?

E Beispill fir e bibelesche Grondsaz: Epheser 5:15, 16 liesen. Wéi kanns du de Grondsaz „macht das Beste aus eurer Zeit“ ëmsetzen, wann et dorëm geet …

  • reegelméisseg an der Bibel ze liesen?

  • e bessere Papp, Mann oder Jong ze sinn oder eng besser Mamm, Fra oder Duechter?

  • d’Versammlungen ze besichen?

4. Trainéier däi Gewëssen

Wann et zu enger Saach e kloert bibelesch Gebot gëtt, ass et warscheinlech einfach, sech ze entscheeden. Awer wéi ass et, wann et kee Gebot dozou gëtt? De VIDEO kucken an dës Fro beschwätzen:

VIDEO: „E gutt Gewësse behalen“ (5:13)

  • Wéi huet d’Schwëster hiert Gewësse geschoult, fir eng Entscheedung ze treffen, déi Jehova gefält?

Firwat solle mir net anerer froen, eng Entscheedung fir eis ze treffen? Hebräer 5:14 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wat solle mir selwer entscheede kënnen?

  • Wat fir Hëllefsmëttel gëtt et, fir eist Gewëssen ze trainéieren a gutt Entscheedungen ze treffen?

Eng Persoun fiert mam Auto op der Strooss. E GPS um Armaturebriet hëlleft dem Chauffeur, de richtege Wee ze fannen.

Esou wéi eng Kaart eis hëlleft, de Wee ze fannen, esou hëlleft eis d’Gewëssen, gutt Entscheedungen ze treffen

5. D’Gewësse vun anere respektéieren

Mir decidéieren net alleguer d’selwecht. Wéi kann een d’Gewësse vun anere respektéieren? Dozou zwee Beispiller:

1. Beispill: Eng Schwëster ass gär modern ugedoen a schminkt sech vill. Si plënnert an eng Géigend, wou aner Schwësteren sech doru stéieren, well si sech an hirer Géigend éischter dezent undoen a schminken.

Römer 15:1 an 1. Korinther 10:23, 24 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wéi kéint d’Schwëster mat dëser Situatioun ëmgoen? Wat géifs du maachen, wann een eppes als falsch ugesäit, wat däi Gewëssen dir awer erlaabt?

2. Beispill: E Brudder weess, datt d’Bibel net verbitt, Alkohol ze drénken. Hie selwer drénkt awer keen. Hien ass invitéiert a gesäit, wéi aner Bridder Alkohol drénken.

Prediger 7:16 a Römer 14:1, 10 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wéi kéint de Brudder mat dëser Situatioun ëmgoen? Wat géifs du maachen, wann een eppes mécht, wat däi Gewëssen net zouléisst?

Fir eng gutt Entscheedung ze treffen

Eng Fra biet.

1. Biet zu Jehova a fro hien, dir bei denger Entscheedung ze hëllefen (Jakobus 1:5).

Déi selwecht Fra sicht no a gebraucht dofir d’Bibel, bibelesch Publikatiounen an de Computer.

2. Sich an der Bibel an a bibelesche Publikatiounen no passende Grondsätz. Du kanns dir och Rot bei engem räife Chrëscht huelen.

Déi selwecht Fra denkt no.

3. Denk un d’Konsequenzen. Wéi wierkt sech dës Entscheedung op däi Gewëssen an dat vun deenen aneren aus?

WANN EE SEET: „Mir ass et egal, wat déi aner denken. Wat ech maachen, geet keen eppes un.“

  • Firwat ass et gutt, bei Entscheedungen op Gott seng Gefiller an déi vun aneren ze uechten?

FAZIT

Et kann ee gutt Entscheedungen treffen, wann ee kuckt, wéi Jehova iwwer eng Saach denkt a wéi sech dës Entscheedung op anerer auswierkt.

Réckbléck

  • Wéi kanns du Entscheedungen treffen, déi Jehova gefalen?

  • Wéi kanns du däi Gewësse schoulen?

  • Wéi kanns du d’Gewësse vun anere respektéieren?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Wéi een Entscheedungen trëfft, duerch déi d’Frëndschaft zu Gott gestäerkt gëtt.

„Entscheedungen treffen, déi Gott éieren“ (Der Wachtturm, 15. April 2011)

Wéi gëtt Jehova eis gudde Rot?

Jehova leet säi Vollek (9:50)

Wat engem Mann gehollef huet, eng schwéier Entscheedung ze treffen.

Jehova séchert eis nëmme Guddes zou (5:46)

Wéi een eng Entscheedung trëfft, déi Gott gefält, och wann et kee konkreet Gebot gëtt.

„Brauche mir ëmmer e bibelescht Gebot?“ (Der Wachtturm, 1. Dezember 2003)

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen