LEKTIOUN 36
An allem éierlech sinn
Jiddweree wëll Frënn, déi éierlech sinn. Och Jehova erwaart vu senge Frënn Éierlechkeet. Awer an enger Welt, wou vill Mënschen onéierlech sinn, ass dat guer net esou einfach. Wat huet een dovun, ëmmer éierlech ze sinn?
1. Wat ass de wichtegste Grond fir Éierlechkeet?
Jehova weess, wat mir denken a wat mir maachen (Hebräer 4:13). Jehova freet sech doriwwer, wa mir eis bewosst dofir entscheeden, éierlech ze sinn. Éierlechkeet ass also eng Méiglechkeet, Jehova ze weisen, datt mir hie gär hunn a respektéieren. A sengem Wuert steet: „Jehova verabscheut den, der hinterhältig ist, aber den Aufrichtigen gehört seine enge Freundschaft“ (Sprüche 3:32).
2. Wéi kann een Éierlechkeet am Alldag weisen?
Jehova fuerdert eis op: „Redet die Wahrheit miteinander“ (Sacharja 8:16, 17). Wat heescht dat? Mir léien net an täuschen och kee mat eisen Aussoen, egal ob mir mat engem aus eiser Famill, mat Aarbechtskolleegen, Glawensbridder oder Vertrieder vun Autoritéite schwätzen. En éierleche Mënsch klaut net an hannergeet och keen. (Lies Sprüche 24:28 an Epheser 4:28.) An hie bezilt gewëssenhaft seng Steieren (Römer 13:5-7). Chrëschte behuelen sech „an allem éierlech“ (Hebräer 13:18).
3. Wat bréngt et, éierlech ze sinn?
Wa mir als en éierleche Mënsch bekannt sinn, wëssen anerer, datt si eis vertraue kënnen. Mir droen dozou bäi, datt d’Bridder an d’Schwësteren an der Versammlung sech sécher a wuel fillen. Mir hunn e gutt Gewëssen. Eis Éierlechkeet kann „die Lehre Gottes, unseres Retters, in jeder Hinsicht schmücken“ an dozou féieren, datt anerer Jehova kenne léiere wëllen (Titus 2:10).
AN DEN DETAIL GOEN
Wéi beréiert et Jehova, wann s du éierlech bass a wéi profitéiers du selwer dovun? Wéi bréngs du et fäerdeg, an deene verschiddenste Situatiounen am Liewen éierlech ze sinn?
4. Jehova freet sech iwwer Éierlechkeet
Psalm 44:21 a Maleachi 3:16 liesen. Dozou dës Froen:
Firwat solle mir net mengen, mir kéinten eppes viru Jehova verstoppen?
Wat mengs du, wéi et Jehova beréiert, wann een éierlech ass, och wann dat net ëmmer einfach ass?
Wa Kanner d’Wouerecht soen, freeën sech d’Elteren. Wa mir d’Wouerecht soen, freet sech Jehova
5. Ëmmer éierlech sinn
Vill Leit mengen, datt ee munchmol nëmme mat Onéierlechkeet weiderkënnt. Mee firwat ass et wichteg, ëmmer éierlech ze sinn? De VIDEO kucken.
Hebräer 13:18 liesen an iwwerleeën, wéi een éierlech ka sinn:
an der Famill
bei der Aarbecht oder an der Schoul
an anere Beräicher am Liewen
6. Éierlechkeet lount sech
Éierlech ze si bréngt op den éischte Bléck vläicht Nodeeler mat sech. Op laang Dauer gesinn ass et awer ëmmer dat Bescht. Psalm 34:12-16 liesen. Dozou dës Fro:
Firwat ass Éierlechkeet gutt fir eis?
Wann eng Koppel éierlech mateneen ass, stäerkt dat hiert Bestietnes
En éierlechen Aarbechter gewënnt d’Vertraue vu sengem Chef
En éierleche Bierger huet e gudde Ruff bei de Vertrieder vun Autoritéiten
WANN EE SEET: „Eng kleng Noutligen ass net schlëmm. Dat schuet dach kengem.“
Firwat mengs du, datt Jehova all Ligen haasst?
FAZIT
Jehova erwaart vu senge Frënn, datt si an allem éierlech sinn.
Réckbléck
Wat gehéiert alles dozou, éierlech ze sinn?
Firwat solle mir net mengen, datt keen et matkritt, wann ee litt?
Firwat wëlls du an allem éierlech sinn?
MÉI GEWUER GINN
Wéi kënnen Elteren hire Kanner bäibréngen, éierlech ze sinn?
Firwat ass et gutt, seng Verspriechen ze halen?
Firwat ee Steiere bezuele soll, egal fir wat dës Gelder dono gebraucht ginn.
„Muss ee Steiere bezuelen?“ (Der Wachtturm, 1. September 2011)
En Onéierlechen erzielt, firwat hien éierlech ginn ass.