LEKTIOUN 15
Wien ass Jesus?
Jesus ass eng vun de bekanntste Persounen an der Geschicht. Vill kennen säin Numm, awer wësse soss net vill iwwer hien. Et gi vill verschidde Virstellungen dovun, wie Jesus ass. Wat seet d’Bibel iwwer Jesus?
1. Wien ass Jesus?
Jesus ass e mächtegen Engel am Himmel. Jehova huet als alleréischt Jesus erschafen. Dofir gëtt hien an der Bibel „der Erstgeborene der gesamten Schöpfung“ genannt (Kolosser 1:15). Nëmme Jesus ass direkt vu Jehova erschafe ginn. Dofir bezeechent d’Bibel Jesus als den „einziggezeugten Sohn“ vu Gott (Johannes 3:16). Jesus huet enk mat sengem Papp Jehova zesummegeschafft an him gehollef, all déi aner Saachen ze erschafen. (Lies Sprüche 8:30.) Un dësem enke Verhältnes huet sech bis haut näischt geännert. Jesus ass Jehova säi Spriecher, „d’Wuert“, an hie gëtt trei Gott seng Matdeelungen an Uweisunge weider (Johannes 1:14).
2. Firwat ass Jesus op d’Äerd komm?
Viru ronn 2 000 Joer huet Jehova den hellege Geescht gebraucht, fir duerch e Wonner d’Liewe vu Jesus an de Bauch vun enger Jongfra, dem Maria, ze iwwerdroen. Esou konnt Jesus als Mënsch gebuer ginn. (Lies Lukas 1:34, 35.) Jesus ass vum Himmel op d’Äerd komm, fir als Messias oder Christus d’Mënschheet ze retten.a All bibelesch Prophezeiungen iwwer de Messias hunn sech un him erfëllt. Doduerch konnten d’Mënschen erkennen, datt hien „de Christus, de Jong vum liewege Gott“, ass (Matthäus 16:16).
3. Wou ass Jesus haut?
Nodeem Jesus als Mënsch gestuerwe war, ass hien als Engel operstanen. Hien ass erëm an den Himmel zeréckgaangen a Gott „[hat] ihn in eine übergeordnete Stellung erhöht“ (Philipper 2:9). Elo ass Jesus e ganz mächtegen Engel. Nëmme Jehova huet méi Autoritéit ewéi hien.
AN DEN DETAIL GOEN
Wat seet d’Bibel, wie Jesus wierklech ass? A firwat ass et esou wichteg, méi iwwer hie gewuer ze ginn?
4. Jesus ass net den allmächtege Gott
D’Bibel seet, datt Jesus e mächtegt Geeschtwiesen am Himmel ass. Awer hien ënnersteet Jehova, sengem Gott a Papp. Firwat kann een dat soen? Wat fir eng Positioun huet Jesus vis-à-vis vu Gott? Wat seet d’Bibel? De VIDEO kucken.
Wéi weisen déi nächst Bibelversen den Ënnerscheed tëschent Jehova a Jesus? Dozou d’Bibeltexter liesen an d’Froe beschwätzen.
Lukas 1:30-32 liesen.
Wat seet den Engel iwwer d’Verhältnes tëschent Jesus a Jehova, „dem Héchsten“?
Matthäus 3:16, 17 liesen.
Wat sot eng Stëmm aus dem Himmel no Jesus senger Daf?
Wiem seng Stëmm war dat?
Johannes 14:28 liesen.
Wien ass méi al an huet méi Autoritéit – de Papp oder de Jong?
Jesus huet Jehova säi Papp genannt. Wat weist dat?
Johannes 12:49 liesen.
War Jesus der Meenung, hie wier den allmächtege Gott? Wat denks du?
5. Beweiser, datt Jesus de Messias war
An der Bibel ginn et vill Prophezeiungen, déi engem hëllefen erauszefannen, wien de Messias war. Gott hat hien ausgewielt, fir d’Mënschheet ze retten. An dësem VIDEO ginn e puer Prophezeiungen opgezielt, déi sech u Jesus erfëllt hunn.
D’Prophezeiungen an der Bibel liesen an dann d’Froe beschwätzen:
Micha 5:2 liesen, fir gewuer ze ginn, wou de Messias op d’Welt komme sollt.b
Huet sech dës Prophezeiung bei Jesus senger Gebuert erfëllt? (Matthäus 2:1).
Psalm 34:20 a Sacharja 12:10 liesen, fir gewuer ze ginn, wat fir eng Detailer iwwer den Doud vum Messias virausgesot goufen.
Hunn sech dës Prophezeiungen erfëllt? (Johannes 19:33-37).
Hätt Jesus d’Erfëllung vun dëse Prophezeiunge beaflosse kënnen?
Ass dat e Beweis fir dech, datt Jesus de Messias ass?
6. Wat huet een dovun, Jesus besser kennen ze léieren
D’Bibel seet, firwat et wichteg ass, méi iwwer Jesus a seng Aufgabe gewuer ze ginn. Johannes 14:6 a 17:3 liesen. Dozou dës Fro:
Firwat ass et esou wichteg, méi iwwer Jesus gewuer ze ginn?
Jesus huet de Wee opgemaach, fir e Frënd vu Gott ze ginn. Hien huet d’Wouerecht iwwer Jehova geléiert an duerch hie kënne mir éiwegt Liewe kréien
WANN EE SEET: „D’Zeie vu Jehova gleewen net u Jesus.“
Wat géifs du dorop äntweren?
FAZIT
Jesus ass e mächtegen Engel. Hien ass Gott säi Jong an de Messias.
Réckbléck
Firwat gëtt Jesus „der Erstgeborene der gesamten Schöpfung“ genannt?
Wat huet Jesus gemaach, éier hien op d’Äerd komm ass?
Wouhier wësse mir, datt Jesus de Messias ass?
MÉI GEWUER GINN
Nach méi Detailer, déi weisen, datt Jesus de Messias war.
A wat fir enger Hisiicht ass Gott de Papp vu Jesus?
„Firwat gëtt Jesus de Jong vu Gott genannt?“ (Online-Artikel)
Ass d’Dräifaltegkeet eng bibelesch Léier?
Eng Fra huet sech domat befaasst, wat d’Bibel iwwer Jesus seet, an dat huet hiert Liewe verännert.
„Firwat eng Jüddin hire Glawen hannerfrot huet“ (Erwachet!, Mai 2013)
a An de Lektioune 26 a 27 gëtt erkläert, firwat d’Mënschheet gerett muss ginn a wéi Jesus dat mécht.
b An der zousätzlecher Erklärung 2 geet et ëm eng Prophezeiung, an där virausgesot gouf, wéini genee de Messias komme sollt.