Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • fg Lektioun 1 Froen 1-3
  • Wat ass déi gutt Noriicht?

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Wat ass déi gutt Noriicht?
  • Eng gutt Noriicht vu Gott
  • Änlecht Material
  • Wat huet Gott mat der Äerd wëlles?
    Eng gutt Noriicht vu Gott
  • Wien ass Gott?
    Eng gutt Noriicht vu Gott
Eng gutt Noriicht vu Gott
fg Lektioun 1 Froen 1-3

LEKTIOUN 1

Wat ass déi gutt Noriicht?

1. Wat ass d’Noriicht vu Gott?

Mënschen, déi Freed um Liewen hunn

Gott wëllt, datt d’Mënsche Freed um Liewen hunn. Hien huet d’Äerd an alles wat drop lieft, gemaach, well hien eis gär huet. Hie suergt geschwënn dofir, datt d’Mënschen iwwerall a Sécherheet liewe kënnen an hëlt all Ursaach vu Misär ewech. – Liest Jeremia 29:11.

Bis elo huet nach keng Regierung et fäerdeg bruecht, Gewalt, Krankheet an Doud aus der Welt ze schafen. Awer et gëtt eng gutt Noriicht. Gott ersetzt geschwënn all mënschlech Regierungen duerch seng Regierung. Dono ass jidderee gesond a freet sech iwwer echte Fridden. – Liest Jesaja 25:8; 33:24; Daniel 2:44.

2. Firwat ass déi gutt Noriicht sou wichteg?

All dee Misär hält eréischt dann op, wa Gott d’Äerd vu béise Mënsche befreit (Zephanja 2:3). Wéini wäert dat sinn? Déi schlëmm Zoustänn vun haut si schonn an der Bibel virausgesot ginn a weisen, datt Gott gläich agräift. – Liest 2. Timotheus 3:1-5.

3. Wat solle mir maachen?

Mir solle Gott duerch säi Wuert, d’Bibel, kenne léieren. Si ass wéi e Bréif vun engem léiwe Papp. Si weist eis, wéi haut schonn e bessert Liewe méiglech ass a wéi een an Zukunft fir ëmmer op der Äerd liewe kann. Net jiddereen ass begeeschtert, wann ee sech méi genee mat der Bibel beschäftegt. Awer d’Aussiicht op eng glécklech Zukunft ass ze schéin, fir si ze verpassen. – Liest Sprüche 29:25; Offenbarung 14:6, 7.

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen