Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • fg Lektioun 7 Froen 1-5
  • Wat ass Gott säi Räich?

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Wat ass Gott säi Räich?
  • Eng gutt Noriicht vu Gott
  • Änlecht Material
  • Wat ass Gott säi Kinnekräich?
    Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
  • Wat wäert d’Kinnekräich alles maachen?
    Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
  • Wat bewierkt Gott säi Kinnekräich an der Zukunft?
    De Wachtturm mécht Jehova säi Kinnekräich bekannt (Editioun fir d’Allgemengheet) 2020
Eng gutt Noriicht vu Gott
fg Lektioun 7 Froen 1-5

LEKTIOUN 7

Wat ass Gott säi Räich?

1. Wat ass Gott säi Kinnekräich?

1. Gott säi Räich am Himmel; 2. Jesus heelt e Leprakranken

Wat mécht Jesus zum beschte Kinnek? (MARKUS 1:40-42)

Gott säi Räich oder Kinnekräich ass eng Regierung am Himmel. Dës Regierung ersetzt all déi aner Regierungen a suergt dofir, datt Gott säi Wëlle souwuel am Himmel wéi och op der Äerd geschitt. Ass dat net eng gutt Noriicht? Gott säi Räich erfëllt geschwënn de Wonsch no enger wierklech gudder Regierung a suergt da fir Eenheet ënner alle Mënschen. – Liest Daniel 2:44; Matthäus 6:9, 10; 24:14.

E Kinnekräich muss och e Kinnek hunn a sou huet Jehova säi Jong, Jesus Christus, als Kinnek vu sengem Räich agesat. – Liest Offenbarung 11:15.

Kuckt de Video Wat ass Gott säi Räich?

2. Firwat ass Jesus de beschte Kinnek?

Gott säi Jong ass de beschte Kinnek, well him vill um Mënsch läit an hien sech och fest fir dat asetzt, wat richteg ass (Matthäus 11:28-30). Hien huet d’Muecht, fir de Mënschen ze hëllefen, well hie vum Himmel aus iwwer d’Äerd regéiere wäert. No senger Operstéiung ass hien an den Himmel opgefuer an huet riets vu Gott gewaart (Hebräer 10:12, 13). Dono huet Gott him d’Muecht ginn, fir mat regéieren unzefänken. – Liest Daniel 7:13, 14.

3. Wien däerf mat Jesus regéieren?

Trei Männer a Fraen – an der Bibel „déi Helleg“ genannt, däerfe mat Jesus am Himmel regéieren (Daniel 7:27). Déi eischt, déi Jehova ausgesicht huet, ware Jesus seng trei Apostelen. Am Laf vun der Zäit sinn nach méi Mënschen dobäi komm. Bei hirer Operstéiung kréien si, genee wéi Jesus, e geeschtege Kierper. – Liest Johannes 14:1-3; 1. Korinther 15:42-44.

Wei vill Mënsche kommen an den Himmel? Jesus gebraucht den Ausdrock „kleng Häerd“ (Lukas 12:32). Et sinn der 144 000, déi da mat Jesus iwwer d’Äerd regéieren. – Liest Offenbarung 14:1.

4. Wat ass geschitt, wéi Jesus mat regéieren ugefaangen huet?

E Bibelcours

Gott säi Kinnekräich huet 1914 mat regéieren ugefaangen.a Fir d’alleréischt huet de Kinnek, Jesus, den Däiwel a seng Dämonen aus dem Himmel erausgehäit. Satan den Däiwel ass rose ginn an huet grouss Problemer op der ganzer Äerd ausgeléist (Offenbarung 12:7-10, 12). Vun do un ass et ëmmer méi schlëmm ginn. Kricher, Hongersnéit, Epidemien an Äerdbiewe gehéieren zu dem „Zeechen“, un deem ze erkennen ass, datt Gott säi Räich geschwënn déi ganz Kontroll iwwer d’Äerd zeréckhëlt. – Liest Lukas 21:7, 10, 11, 31.

5. Wat bewierkt Gott säi Räich?

Duerch e weltwäit Priedegtwierk bréngt et elo scho vill Mënschen aus allen Natiounen zesummen. Millioune friddlech Mënschen erkenne Jesus als Kinnek un. Gott säi Räich waacht iwwer si, wann et de béise Weltsystem vun haut zerstéiert. Wien de Wonsch huet, dëst ze iwwerliewen, dee gëtt sech haut schonn drun, Jesus ze follegen. – Liest Offenbarung 7:9, 14, 16, 17.

Mënschen, déi Gott säi Räich ënnerstëtzen am Paradis op der Äerd

Am Verlaf vun 1 000 Joer realiséiert Gott säi Räich dat, wat Gott vun Ufank u mat der Äerd wëlles hat. Déi ganz Äerd gëtt dann e Paradis. Um Enn vun dëser Zäit gëtt Jesus sengem Papp d’Kinnekräich zeréck (1. Korinther 15:24-26). Kennt Dir vläicht een, mat dem Dir gär iwwer Gott säi Räich schwätze wëllt? – Liest Psalm 37:10, 11, 29.

Méi doriwwer fannt Dir an de Kapitelen 8 an 9 vum Buch Was lehrt uns die Bibel?

a Am Buch Was lehrt uns die Bibel? fënnt een op de Säiten 217-220 nach méi Informatiounen doriwwer, wéi een duerch d’Prophezeiungen aus der Bibel op d’Joer 1914 kënnt.

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen