Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • wp20 Nr. 2 S. 11-13
  • Wat bewierkt Gott säi Kinnekräich an der Zukunft?

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Wat bewierkt Gott säi Kinnekräich an der Zukunft?
  • De Wachtturm mécht Jehova säi Kinnekräich bekannt (Editioun fir d’Allgemengheet) 2020
  • Ënnertitel
  • Änlecht Material
  • WAT GOTT SÄI KINNEKRÄICH BIS ELO SCHO GEMAACH HUET
  • WAT GOTT SÄI KINNEKRÄICH ALS NÄCHST ËNNERHËLT
  • WAT GOTT SÄI KINNEKRÄICH AN DER ZUKUNFT FIR D’MËNSCHE MÉCHT
  • Wat wäert d’Kinnekräich alles maachen?
    Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
  • Wat ass Gott säi Räich?
    Eng gutt Noriicht vu Gott
  • Wat ass Gott säi Kinnekräich?
    De Wachtturm mécht Jehova säi Kinnekräich bekannt (Editioun fir d’Allgemengheet) 2020
De Wachtturm mécht Jehova säi Kinnekräich bekannt (Editioun fir d’Allgemengheet) 2020
wp20 Nr. 2 S. 11-13
E Floss fléisst Richtung Waasserfall. De Floss ass ëmginn vun engem Bësch a Bierger, op deene Schnéi läit.

Wat bewierkt Gott säi Kinnekräich an der Zukunft?

Jesus huet seng Jünger geléiert, dorëm ze bieden, datt d’Kinnekräich komme soll. Hie wousst, datt déi schrecklech Zoustänn op der Äerd net Gott säi Wëlle sinn an datt Gott säi Kinnekräich déi eenzeg Regierung ass, déi dës Problemer léise kann. Wat bewierkt Gott säi Kinnekräich an der Zukunft?

WAT GOTT SÄI KINNEKRÄICH BIS ELO SCHO GEMAACH HUET

Am Artikel virdrun hu mir gesinn, datt Jesus vun engem Zeeche geschwat huet. Dëst Zeeche liwwert siichtbar Beweiser, datt Gott säi Kinnekräich schonn am Himmel existéiert, mat Jesus Christus als Kinnek un der Spëtzt.

Der Bibel no, huet Jesus direkt nodeems hien op den Troun koum, Satan a seng Dämonen aus dem Himmel erausgeheit. Hir Aktivitéit ass elo op d’Äerd limitéiert. Dat ass ee vun de Grënn, firwat et säit 1914 esou dramatesch biergof geet (Offenbarung 12:7, 9).

Och wann et op der Welt ëmmer méi schlëmm gëtt, huet Jesus als Kinnek vu Gott sengem Kinnekräich scho munches ënnerholl, fir de Mënschen op der Äerd ze hëllefen. E weltwäit Wierk vu bibelescher Beléierung hëlleft zum Beispill ville Mënschen, d’Prinzippien aus der Bibel kennen ze léieren an dono ze liewen (Jesaja 2:2-4). Millioune kruten eng ausgeglachen Usiicht a punkto Aarbecht. Hiert Familljeliewen huet sech verbessert. Si hu geléiert, dat ze genéissen, wat si hunn, ouni sech vu Suen a Besëtz versklaven ze loossen. Si léieren elo schonn, dat Bescht aus hirem Liewen ze maachen. Si beméie sech, déi Zort Mënsch ze ginn, déi sech Gott als Bierger vu sengem Kinnekräich wënscht.

WAT GOTT SÄI KINNEKRÄICH ALS NÄCHST ËNNERHËLT

Jesus regéiert zwar schonn am Himmel, awer hei op der Äerd regéieren nach ëmmer Mënschen. Allerdéngs huet Jesus vu Gott den Optrag kritt: „Zieh mitten unter deine Feinde und unterwirf sie“ (Psalm 110:2). Geschwënn eliminéiert Jesus all seng Géigner an dono kënnen all déi opootmen, déi bereet sinn, Gott ze follegen.

Wat ënnerhëlt Gott säi Kinnekräich, wann dës Zäit kënnt?

  • Déi falsch Relioun gëtt ofgeschaaft. Reliounen, déi Ligen iwwer Gott verbreeden a ville Mënschen d’Liewe schwéier gemaach hunn, verschwannen dann. Déi falsch Relioun gëtt an der Bibel als Prostituéiert duergestallt. Vill Leit wäerten iwwer hir Vernichtung schockéiert sinn (Offenbarung 17:15, 16).

  • Der mënschlecher Herrschaft gëtt en Enn gemaach. Gott säi Kinnekräich gräift geschwënn an. All mënschlecher Regierung gëtt deen Ament en Enn gemaach (Offenbarung 19:15, 17, 18).

  • Béis Mënsche gi vernicht. Wat ass mat deenen, déi Gott seng Gesetzer ignoréieren a sech net wëllen änneren? D’Bibel seet: „Die Bösen dagegen werden von der Erde entfernt“ (Sprüche 2:22).

  • Satan an d’Dämone ginn eliminéiert. Satan ginn dann d’Hänn gebonnen, fir datt hien „d’Natiounen net méi irféiert“ (Offenbarung 20:3, 10, BFL).

Wat bedeit dat fir all déi, déi Gott säi Kinnekräich ënnerstëtzen?

WAT GOTT SÄI KINNEKRÄICH AN DER ZUKUNFT FIR D’MËNSCHE MÉCHT

Jesus regéiert vum Himmel aus a ka vill méi erreechen, wéi mënschlech Herrscher jeemools zustan brénge kéinten. Hie gëtt ënnerstëtzt vun 144 000 Matregenten, déi ënner de Mënschen ausgesicht ginn (Offenbarung 5:9, 10; 14:1, 3). Jesus suergt dann dofir, datt hei op der Äerd Gott säi Wëlle geschitt. Wat bedeit dat fir déi, déi op der Äerd wunnen?

  • Krankheet an Doud kréien en Enn gemaach. „Kein Bewohner wird sagen: ,Ich bin krank.‘“ „Den Tod wird es nicht mehr geben“ (Jesaja 33:24; Offenbarung 21:4).

  • Et gëtt fir echte Fridden a Sécherheet gesuergt. „Der Frieden deiner Söhne wird überströmend sein“, an: „Jeder wird unter seinem Weinstock und unter seinem Feigenbaum sitzen, und niemand wird ihnen Angst machen“ (Jesaja 54:13; Micha 4:4).

  • Jiddweree kritt eng sënnvoll a flott Aarbecht. „Meine Auserwählten werden das, was ihre Hände leisten, in vollen Zügen genießen. Sie werden sich nicht umsonst abmühen“ (Jesaja 65:22, 23).

  • Ëmweltproblemer gi geléist. „Die Wildnis und das trockene Land werden jubeln, und die Wüstenebene wird sich freuen und blühen wie der Safran“ (Jesaja 35:1).

  • D’Mënsche gi geléiert, wat si maache mussen, fir éiwegt Liewen ze kréien. „Das bedeutet ewiges Leben: dich, den allein wahren Gott, kennenzulernen und auch den, den du gesandt hast, Jesus Christus“ (Johannes 17:3).

Gott wënscht sech, datt och Dir esou e Liewe genéisse kënnt (Jesaja 48:18). Den nächsten Artikel erkläert, wat Dir elo scho maache kënnt, fir dës wonnerbar Zukunft ze erliewen.

Gott säi Kinnekräich mécht geschwënn dat réckgängeg, wat Joerdausende Mënschenherrschaft ugeriicht hunn. Et suergt da fir:

  • Eng Koppel joggt duerch de Bësch.

    ENG PERFEKT GESONDHEET

  • Eng Famill genéisst e Picknick am Park. De Papp spillt Gittar.

    FRIDDEN A SÉCHERHEET

  • Eng Koppel schafft am Gaart.

    ENG SËNNVOLL AARBECHT

  • E Floss fléisst Richtung Waasserfall. De Floss ass ëmginn vun engem Bësch a Bierger, op deene Schnéi läit.

    ENG PROPPER ËMWELT

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen