Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • wp20 Nr. 2 S. 14-15
  • Sech elo fir Gott säi Kinnekräich entscheeden

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Sech elo fir Gott säi Kinnekräich entscheeden
  • De Wachtturm mécht Jehova säi Kinnekräich bekannt (Editioun fir d’Allgemengheet) 2020
  • Ënnertitel
  • Änlecht Material
  • WÉI ENTSCHEET DIR IECH?
  • Wat ass Gott säi Kinnekräich?
    De Wachtturm mécht Jehova säi Kinnekräich bekannt (Editioun fir d’Allgemengheet) 2020
  • „Däi Kinnekräich soll kommen“ – e Gebiet vu Millioune Mënschen
    De Wachtturm mécht Jehova säi Kinnekräich bekannt (Editioun fir d’Allgemengheet) 2020
De Wachtturm mécht Jehova säi Kinnekräich bekannt (Editioun fir d’Allgemengheet) 2020
wp20 Nr. 2 S. 14-15
E Mann biet éier hien d’Bibel liest.

Sech elo fir Gott säi Kinnekräich entscheeden

Stellt Iech emol fir, en Orkan kënnt ëmmer méi no an d’Regierung warnt: „BRÉNGT IECH A SÉCHERHEET!“ Wéi géift Dir reagéieren? Bestëmmt kéimt Dir dëser Opfuerderung no.

Esou e gigantesche Stuerm ass souzesoen amgaang op eis alleguer duerzekommen. Jesus huet vun enger „großen Schreckenszeit“ geschwat (Matthäus 24:21, Fn.). Dëser Zäit kënne mir net einfach esou entgoen. Awer mir kënnen eppes maachen, fir eis ze schützen. Wat?

An der Biergpriedegt huet Jesus dozou opgefuerdert: „Setzt also das Königreich und Gottes gerechte Maßstäbe weiter an die erste Stelle“ (Matthäus 6:33). Wat bedeit dat konkreet?

Gott säi Kinnekräich un déi éischt Plaz setzen. Näischt sollt eis méi wichteg sinn ewéi d’Kinnekräich (Matthäus 6:25, 32, 33). Firwat? Well d’Mënschen net dozou fäeg sinn, d’Problemer op der Welt ze léisen. Nëmme Gott säi Kinnekräich kann dës Problemer meeschteren.

No Gott senge gerechte Prinzippie liewen. Mir sollten eist Bescht maachen, no Gott senge gerechte Gesetzer a Grondsätz ze liewen. Firwat? Well et zu schlechte Resultater féiert, wa mir selwer definéieren, wat richteg a wat falsch ass (Sprüche 16:25). Wa mir awer no de Prinzippien aus der Bibel liewen, gefält dat net nëmme Gott, mee mir profitéieren och selwer dovun (Jesaja 48:17, 18).

Op deem Wee bleiwen. Jesus huet eis gewarnt, datt mir vum Wee kënnen ofkommen, zum Beispill wa mir op d’Illusioun erafalen, datt Geld Sécherheet bedeit. Oder d’Suerge vum Liewe kéinten eis därmoossen a Beschlag huelen, datt keng Zäit méi bleift, eis fir Gott säi Kinnekräich anzesetzen (Matthäus 6:19-21, 25-32).

Awer Jesus huet versprach, datt déi, déi Gott säi Kinnekräich ënnerstëtzen, elo schonn dat hunn, wat si brauchen an datt eng éiweg Zukunft si erwaart (Matthäus 6:33).

Och wa Jesus seng Jünger am éischte Joerhonnert Gott säi Kinnekräich un déi éischt Plaz gesat hunn, hu si d’Enn vu Péng a Misär net selwer materlieft. Awer si goufe geschützt. Wéi?

Doduerch, datt si sech u Gott seng gerecht Prinzippie gehalen hunn, sinn si ville Problemer aus dem Wee gaangen. Hire feste Glawen un d’Kinnekräich huet hinne gehollef, esouguer ënner deene schlëmmsten Ëmstänn trei ze bleiwen. Fir dat ze packen, huet Gott hinnen eng Hëllef ginn, an zwar „die Kraft, die über das Normale hinausgeht“ (2. Korinther 4:7-9).

WÉI ENTSCHEET DIR IECH?

D’Chrëschten am éischte Joerhonnert si Jesus sengem Gebot nokomm an hunn d’Kinnekräich un déi éischt Plaz gesat. Si hunn déi gutt Noriicht vum Kinnekräich wäit a breet bekanntgemaach (Kolosser 1:23). Wie fiert haut mat dësem Wierk weider?

D’Zeie vu Jehova si sech bewosst, datt Gott säi Kinnekräich dem momentane System geschwënn en Enn mécht. Dofir maache si alles, wat si kënnen, fir Jesus sengem Optrag nozekommen: „Dës gutt Noriicht iwwert d’Kinnekräich gëtt uechter d’ganz Welt verkënnegt als Zeienausso fir all d’Natiounen. Da kënnt d’Enn“ (Matthäus 24:14, BFL).

Wéi wäert Dir op déi gutt Noriicht reagéieren? Mir leeën Iech un d’Häerz, esou ze reagéieren, wéi d’Awunner aus der mazedonescher Stad Beröa am éischte Joerhonnert. Wéi si déi gutt Noriicht iwwer d’Kinnekräich vum Apostel Paulus héieren hunn, hu si d’Wuert vu Gott „äußerst bereitwillig“ ugeholl. Awer si hunn nach méi gemaach. Si „forschten täglich sorgfältig in den Schriften, ob das, was sie hörten, stimmte“. A si hunn dat, wat si geléiert hunn, ëmgesat (Apostelgeschichte 17:11, 12).

Weltwäit hu sech Millioune fir Gott säi Kinnekräich entscheet. Wéi eng Schrëtt gehéieren dozou?

  1. D’Zeie vu Jehovah schwätze mat engem Mann bei him doheem.

    Sech déi gutt Noriicht vum Kinnekräich ulauschteren

  2. Dëse Mann studéiert mat Zeie vu Jehova d’Bibel doheem.

    Genee préiwen, wat d’Bibel seet

  3. De Mann besicht eng Versammlung am Kinnekräichssall.

    Sech mat deene versammelen, déi d’Kinnekräich ënnerstëtzen

  4. De Mann biet éier hien d’Bibel liest

    Gott weisen, datt een him dénge wëll

Dir kënnt dat selwecht maachen. Wann Dir Gott säi Kinnekräich un déi éischt Plaz setzt, fannt Dir haut scho Schutz an an Zukunft Fridden an echt Sécherheet.

Wëllt Dir méi iwwer d’Zeie vu Jehova gewuer ginn? Da gitt op eis Websäit jw.org kucken.

Do fannt Dir Informatiounen an iwwer 1 000 Sproochen.

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen